Polizeistaat.
Vun haut un sinn jo dann die nei Spillregelen am Verkéier an Kraft. D’Majoritéit vun deenen gesäit awer, oh surprise, nees no renger Willkür aus.
Huet een Statistiken op et wirklech die Läit teschent 0,5 an 0,8 Promille sinn, déi die meeschten Accidenter verursaachen? Vun wivill Accidenter schwätzen mer eigentlech? An wivillen Doudegen? Rechtfertegen dës Zuelen die nei, awer schon drastesch, Aschränkungen?
Wivill Doudeger oder Verletzter ginn wirklech op de Kont vun Sëffer oder Raser? De Moien ass z.b. rem een op riischter Strooss an e Bam gerannt an emkomm. Wat woer d’Ursaach? Alkohol, Middegkeet oder Suicide? Dat schengt egal ze sinn, well en kent einfach an die allgemeng Statistik vun den Verkéiersdoudeger, mat deenen dann hantéiert gët fir irgendwelch Pläng duerchzebrengen.
Wann d’Vitesse dann lo kontrolléiert gët, gët dat op Plaazen gemaach, déi an der Vergaangenheet wirklech geféierlech woren oder op Plaazen, wou sech gudd Suen verdëngen léisst? Sinn Verkéierskontrollen haaptsächlech fir d’Sëcherheet oder ass dat just Hypokrisie an eigentlech geht et haaptsächlech am d’Suen an Prinzipien?
Mëch stéiert un dësen Regelen die Scheinhellegkeet. Entweder sie verbesseren d’Sëcherheet wirklech (an dann kann dat och beluegt an bewiesen ginn) oder et ass just wéinst politescher Korrektheet, Geldmaacherei, Muechtspiller, Inkomptenz, etc. Mee dann soll een och sou éierlech sinn an dozou stoen.
Filed under: Auto, Luxembourg
Am Endeffekt gett mat der Regelung déi Leit bestroft, déi sech och virdrun schon un déi 0,8 gehaal hun. Déi aaner haalen sech genausouwéineg un 0,5 wéi 0,8!
Ech fannen deen Deel mat den Kontrollen interessant. Ech gin zou dass ech mech net un Tempolimiten haalen wou ech se fir schwachsënneg haalen. Aanererseits fueren ech awer och freiwelleg 30 an 50er Zonen well do vill Kanner oder vill Foussgängerstreifen sin.
Waat Kontrollen elo ugeet, sou gin emmer Platzen kontrolléiert wou et wierklech nëmmen riitaus geet (Autobun oder breed 70-Tempo Stroosen) an wou vill Autoen fueren. Ech sin zwar selwer na net erwëscht gin, mee ech hun mer do well schon di eng oder aaner Froo gestalt.
Gut gebrüllt, Löwe.
> Wivill Doudeger oder Verletzter ginn wirklech op de Kont vun Sëffer oder Raser?
Vill ze vill.
> Mee dann soll een och sou éierlech sinn an dozou stoen.
Wéi vill éierlech Politiker ginn et? - Vill ze wéineg.
Dass bei den Ännerungen um Code de la route lo méi Leit bestrooft ginn, déi sech virdrun och net de Batti am Verkéier gestallt hunn, woen ech ze bezweiwelen. Well wann ee verantwortungsvoll ënnerwee ass, da gehéiert dozou eben och, sech neie Regelen upassen ze kënnen, och wann ee selwer net no dësen Ännerunge geruff huet a sech eventuell aner Ännerunge gewënscht hätt.
Ech géif mer z.B. vill méi drakonesch Strofe wënschen fir déi Leit déi ouni Winker ënnerwee sinn well se net wëssen dass et Fräisprechanlage gëtt respektiv net wëssen wéi se sou eppes bedingen (een deen sech e Porsche, BMW oder Mercedes leeschte kann, misst sech jo och eng Freisprechanlag leeschte kënnen, trotzdem gesinn ech relativ oft Chauffeuren vun dëse Luxusautoen mam Handy um Ouer). Mä do existéieren wahrscheinlech nach net genuch Statistiken dozou.