Schluss mat der falscher Toleranz!
October 4, 2007
28 comments
Die rezent Diskussiounen em den Religiounsunterricht an de Schoulen hunn mech dozou bruecht eppes zum Thema ze soen.
- Generell huet den Religiounsunterricht, menger Meenung no, aus Prinzip näischt an de Schoulen verluer an soll duerch en moraleschen Werteunterricht ersat ginn. Religioun ass fir doheem (wann et dann sinn muss). Deen Werteunterricht soll um Humanismus opgebaut ginn an kann roueg intelligent a neutral Elementer aus dën sëllegen Religiounen enthalen (wat meeschtens souwiesou op de gesonden Menschenverstand zereckkent).
- Demno sollt kloer sinn, dass et och eng Idiotie ass fir lo wëllen den Islamunterricht an der Schoul unzebidden! Firwat net och d’Scientologen oder Zeugen Jehovas? Opmanst där lëschter ginn et vill méi hei wie Muselmanen hei am Land.
- Kee falschen Respekt oder onugebruechten Toleranz vis-à-vis vun ridiculen, voire onmënschlechen, religéisen Doktrinen! Et ass net alles ze akzeptéieren just wëll irgendeen behaapt hien giff Stëmmen héieren oder hätt en ‘hellegt’ Buch! Wann eppes falsch oder geféierlech ass, dann soll een dat och esou nennen.
- Fir all positiv Auswierkung vun enger Religioun gët et opmanst eng negativ: Kanner gouffen an ginn an verschiddenen kathouleschen Internater mësshandelt an Fraen generell vum Chreschtentum als Mënschen 2. Klass ugesinn, Mormonenmeedercher ginn mat hieren aalen Monni’en oder Cousin’en bestued, moslemesch Jugend gët pervers erzunn an doduerch sexuell frustréiert, moslemesch an animistesch Gleeweg mutiléieren zum Deel hier Fraen duerch Genitalbeschneidung, Hinduen hunn en barbareschen Kastensystem, etc, etc.
Duerfir Schluss mat der falscher Toleranz. Wann eng Religioun Sch**ss priedegt, dann soll een Kand och mat Numm nennen dierfen an net aus ‘Respekt’ virun der ‘Traditioun’ an der ‘Kultur’ de Baak halen. Wann eppes barbaresch an idiotesch ass dann huet dat et net verdengt respektéiert ze ginn. Schon guer net, wann den Uerder vun onsichtbaren Wiesen kënt.
En exzellent Buch zum Thema ass och ‘Der Herr ist kein Hirte‘ (Amazon) vum Christopher Hitchens.
Categories: Artikel, Gesellschaft, Luxembourg, Religion/Philosophy

Rezent Kommentarer