Et ass sëcher keng nei Erkenntnis, mee sulues an lues ginn mer total duerch francophoniséiert. Die zwou nei Gratis-Zeitungen an exklusiv franséischer Sprooch beléen dëst och nees. Glëcklercherweis hunn mer jo nach den Radio an d’Tele déi op letzebuergesch sinn! Usech sollt een déi per Gesetz garantéieren.
Ech verstinn jo, dass eng kleng Sprooch, wéi Letzebuergesch sech net géint anerer verteidegen kann an dass Letzebuergesch iwwer kuerz oder laang wuel ausstierwen wärt, mee ech fannen et trotzdem schued, dass et sou ass. Ech beneiden d’Bewunner vun aneren Länner, déi hier Mammensprooch einfach iwwerall am deeglechen Liewen asetzen können an emmer wëssen, wat fir eng Sprooch muss geschwaat ginn: hier eegen! Bei eis ass et jo par conter sou, dass een emmer iwwerrascht ass, wann een irgendwou Letzebuergesch schwätzen kann. Suguer beim Staat ass dat net méi évident, vu dass och do emmer mei Auslänner agestallt ginn.
An bon, ech perséinlech hunn keng sou riesen Affinitéiten zum Franséischen, eischter zum Däitschen an Englëschen. Mee dat ass eben subjektiv. An just fir kloer ze sinn: et giff mech genasou nerven, wann ech hei iwwerall däitsch oder englesch misst schwätzen! Ech sinn gespaant, wéini mer deen éischten franséischsproochegen Premier hunn …
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg

Ech wees net. Vir mech ass et normal, daat ech mat engem déi Sproch schwätzen, wou mir zwee am beschten verstinn. An wann daat eben Franseisch ass, dann ass et eben esou. Daat bedreckten Toilettenpabéier, daat se lo verdeelen, zielt jo op d’Frontaliern an ass “natirlech” op frz. An eis aaner Zeitungen waaren jo “eh und je” op Daitsch - do gesait awer nie en en Problem?
>Vir mech ass et normal, daat ech mat engem déi Sproch schwätzen, wou mir zwee am beschten verstinn.
Fir mech jo och. Mäin Punkt woer jhust, dass ech awer léiwer an menger Mammensprooch giff schwätzen an dass eng semblabel Situation sech an méi groussen Länner guer net reischt stellt.
Ech hu mech och gewonnert, datt Point24 och op franséisch soll eraus kommen. Domat hätt Saint-Paul dach kinnten déi vun L’Essentiel net ofegedéckten Zielgrupp erwëschen!
Ech wärt mer och just eng Ausgab ukucken. Franséisch ass net ménges, ech iwwersprangen an aaneren Zeitungen ëmmer di franséisch Artikelen, egal wat dran steet. Einfach aus Prinzip. Däitsch an Englesch hätt ech besser fonnt, vu Lëtzebuergesch kann ee jo wuel just dreemen.
Also ech sin et gewinnt dass ech franséisch schwetzen fir eppes ze kreien. Allerdengs wann eng Serveuse awer lëtzebuergesch schwetzt, sou kridd daat Lokal definitiv Pluspunkten.
Ech fannen et unsech o schued dass daat klengt Land, waat sech awer politesch an finanziell an der Welt konnt duerchsetzen seng eegen Sproch verléiert. Wann een bedenkt dass baal 70 Joer fiirdrun Leid gestuerwen sin well se letzebuergeg léiwer haaten wéi daitsch kann een wierklech soen dass sech do eppes gedoen huet.
Ech fannen et vun den Leid, déi hei schon sait Joeren wunnen an na emmer keen verständlescht Lëtzebuergeg beherschen, o net fair dass sie einfa keen Effort maan. Ech mengen, et muss een keen Expert sin, mee verständlech kann een sin.
Ech “leiden” nawell och zimmlech ennert dem Franséischen. Et stemmt schon, dass 2 Leit an där Sprooch kommunizéiere sollten, an där se dee beschte gemeinsame Nenner hunn, mee ech mengen, dass dat awer e bessen ze oberflächlech betruecht ass.
Et geet jo net nemmen em d’Effizienz vun der Kommunikatioun, mee virun allem och dorems a wéienger Sprooch ee sech am wuelste fillt. Ech hun zwar 12 Joer Franséisch gemat an der Schoul, mee dat bedäit koomecherweis net, dass ech et kann. Ouni Fehler ze maan, kann ech akaafe goen oder am Restaurant bestellen, wann ech awer zB an engem PC Geschäft oder ähnlech eppes extraes well, dann ass et awer scho Schluss mat lusteg. Dat mierken ech och emmer erem, wann de Coiffer op Franséisch smalltalken well. Et kann een zwar meeschtens iegendwéi eppes eenegermoosse Sennvolles zesummemurksen, mee iegendwéi kennt ee sech awer trotzdem domm fir, wann een am Heemeschtland tuddele muss, fir ze kommunizéieren. Ech mengen do sinn ech och net deen eenzegen. Sproochtechnesch leeft hei iegendwéi iegendeppes gewaltech schief.
Mee d’Erklärung dofir läit menger Meenung no ganz einfach doran, dass et fir Auslänner/Frontalieren einfach keen Ureiz get, Letzebuergesch ze léieren, well hei souwisou quasi alles op Franséisch ass. Mee da froen ech mech, wisou mer op Däitsch alphabetiséiert ginn, a net op Franséisch? Well Däitsch eiser Mammesprooch wesentlech méi no ass, géif ech soen. An dann kann ee sech froen, wisou dann net alles op Däitsch ass? Oder wisou net op Däitsch/Letzebuergesch a Franséisch? Déi ganz Sproochesituatioun ass einfach total inkonsequent.
Wat elo déi 2 nei Zeitungen betrefft, do sinn ech engersäits der Meenung, dass et scho Senn mecht, eng kleng Zäitung fir déi vill jonk francophone Frontalieren ze maachen, anersäits stellen ech mer awer d’Fro, wisou extra eng Zeitung fir déi gemat get, während fir jonk Letzebuerger (där et jo wahrscheinlech och get) keng extra Zeitung gemat get. (Et ass jo net sou wéi wann mer keng franséisch Medien hätten am Land).
Ech liewen mettlerweil nom Prinzip: lëtzebuergesch oder erem eraus. De Client ass Kinnék, an ech bezuelen kengem seng Paie fir ee Service mat deem ech net zefridden sinn. Komescherweis huet dat ee ganz interessanten Effekt: Wann ee stur lëtzebuergesch schwätzt, passen sech (déi meescht) op eemol un. D’leschte Kéier beim Fischer (ausgerechent do…) huet d’Caissière nemmen franséisch mat mer geschwat mee si krut just op lëtzebuergesch geenwert. Wéi d’Saach färdeg war sot se “äddi a merci”. Geet dach.
Ech mengen de Problem läit och beim Lëtzebuerger selwer, well en aus Reflex direkt franséisch schwätzt. Et ass ee, wéis du richteg sees, erstaunt wann een et mat engem ze dinn huet dee lëtzebuergesch kann.
Nach eng Kuriositéit: ier Lëtzebuergesch ausstierwt, gett se vun der EU als ausstierwend Sprooch déklaréiert. Wat géing bedeiten, dass mer méi lëtzebuergesch hätte wéi virdrunner. Dann mussen (!!) et nämlech lëtzebuergesch-sproocheg Zeitungen ginn, d’Schoul muss (!) op lëtzebuergesch gehalen ginn etc. Vläit sollten mer se bessen ausstierwen loossen fir dann mat engem grousse Coup zeréckzeschloen.
Ech gesinn, mer kommen eis méi no!
Wat hunn ech mech nach virun engem Joer misse vernennen loossen.
Den Tchup huet verstan, ëm wat et geet. Mit schneiden eis mat der Frankophoniséierung gewalteg an d’eegent Fleesch. Lauschtert emol de Lëtzebuerger Butzen no, déi schwätzen méi däitsch ewéi Lëtzebuergesch, an dat ass am Endeffekt gutt esou. Wa mir net geschwënn d’Kéier vum Franséischen zum Däitschen kréien, kënnen eis Kanner an der Schoul ganz apaken.
Franséisch däerf och net eis Integratiounssprooch sinn, mee et muss Däitsch ginn. Lëtzebuergesch ass a bleift net méi wéi en (däitschen) Dialekt. Mir brauchen awer eng Weltsprooch, déi mer anstänneg schwätzen a schreiwen léieren. Dat ass d’Däitsch, an duerno kënnt Englesch. Franséisch ass net méi wichteg wéi Italienesch oder Spuenesch.
An Europa ass de franséischen Zuch längst fort, an dee kritt den engleschen och net méi erëm. Däitsch spillt och keng grouss Roll, mee et ass déi Weltsprooch, déi fir eis am einfachsten ass. Awer vu lauter Ressentimenter vis-à-vis vun de “Preisen” ass Däitsch nach ëmmer verpönt. Wéi domm si mer eigentlech??? Iwwregëns ass et och méi einfach mat engem däitschen Hannergrond Englesch ze léieren ewéi mat engem franséischen. An laanscht d’Englesch féiert ke Wee méi.
Ech sinn och iwwerzeegt dat déi däitsch Sprooch an deen nächste Joeren un Bedeitung gewënnt, well déi Däitsch am grousse Ganzen iwwerall am Komme sinn. Mee doriwwer kenne mer jo an 50 Joer nach eng Kéier schwätzen.
An ….: NEE, ech si keen Nazi!