Archive

Archive for October 12, 2007

Panikmacher RTL.

October 12, 2007 5 comments

Oh, wéi lächerlech! D’Mariette Zenners wollt lo am Journal die investigative Journalistin spillen. Sie huet den Bartolomeo stark attackéiert wéinst der Informatiounspolitik vun der Santé am Kader vun den Darmkeim-Doudeger. Wéi wann mer knapps un enger Pandemie laanscht geschruppt wieren. Wat eng Panikmaach vun RTL! Do woer null Gefohr fir d’Bevölkerung. Den Bartolomeo ass awer schéin roueg an sachlech bliwwen. Gudd sou.

Den RTL kënnt dem Boulevard wirklech emmer méi no (net dass dat lo sou eng nei Erkenntnis wier). Geht net duer, dass den Marc Thoma säin Schmierenjournalismus mëcht, lo fänken die aner och nach un …

Categories: Luxembourg, TV