I’m a fire starter!

Hey, den alen Popst ass kuerz op d’Äerd zereckkomm fir Moien ze soen. Als FEIERMONSTER!!!!!!!

jp.jpg

An säin Chef woer och hei:

9 Responses to “I’m a fire starter!”

  1. Photoshopping?

  2. Nee, anscheinend net. Eischter e glëcklechen Zoufall.

    An vu dass d’Gehiir jo eng Mustererkennungsmaschinn ass an iwwerall probéiert Formen ze erkennen (cf Wolleken, etc) sinn sou ‘Wonner’ och net erstaunlech oder iwwernatiirlech. Nennt een och nach ’selektive Wahrnehmung’.

    Oder mengt wirklech een, dass deen alen Ex-Poopst näischt besseres ze dinn hätt wéi Feiermonster ze spillen?? :)

  3. Eng Wollek, déi wei en Kanengchen geformt ass. Gott wëll das ech haut Kanengchen iessen…

    Op ongeféier esou kéint een et vergleichen. An dass iergendeen einfa d’Feier fotografféiert an dann zoufälleg dann, wann et déi selwecht Konturen huet wéi den Poopst an eng vun den honnertdausend Fotoen ass fir mech op ongeféier genausu wichteg wéi wann an China en Saak Reis emfällt.

    Mee bon, d’Mass léist sech gären beandrocken ;)

  4. Näischt fir ongudd, Grommel, ech weess wat Dech stéiert u Religioun a Kiirch.
    Mee géint dëse Poopst dee wéi keen aner virun him, dat geliewt huet, wat de Jesus gepredegt huet, an eraus an d’Welt gaangen as fir seng Botschaft ënnert d’Menschen ze bréngen, a besonnesch seng allerläscht “fürchtet euch nicht”, di eis alleguer e Leitmotiv sollt sinn, do lossen ech näischt kommen.
    Ech hu Respekt virum JP2, ouni vill mat der kathoulescher Kierch ze dinn ze hunn, well hien huet ville Leit di mat schwéierer Krankheet a Péng duerch d’Liewen musse goen, e Beispill ginn, dat een net soll opginn an dat et net sou falsch as, un eppes zu gleewen, wat ausserhalb vun eiser irdescher, menschlecher Existenz läit.
    Di 100 000en vu jonke Leit di am Chouer “Jean-Paul II, we love you”skandéiert hunn, beweisen dat ech net aléng mat mat menger Opfaassung do stinn….

  5. @ Barracuda: Wann 100 000 Leit eppes jäizen, dann heescht dat jo awer nach laang net, dass dat d’Wourécht ass.

    Hei en Zitat aus dem Guy Rewenig sengem satireschen Text “Pontifikalpornografie” iwwer den Doud vum JP2 (erauskomm bei pockolibri, a virdrun am Lëtzebuerger Land ofgedréckt):

    Die katholische Kirche ist eine Diktatur, und wenn der Diktator stirbt, wird sein Tod zum alles überragenden Ereignis hochstilisiert. (…) Wenn das Mitleid mit dem Sterbenden erst richtig greift, entstehen in Windeseile riesige blinde Flecken im Gedächtnis der Kirchenanhänger.

  6. [...] deswegen zitiere ich jetzt zum zweiten Mal aus Guy Rewenigs satirischen Text “Pontifikalpornografie” (pockolibri 2): Wie vielen [...]

  7. *Eppes beigefall*

    Ganz schlëmm fannen ech och di Powerpoint Presentatioune déi duerch “beispiller” weisen dass Gott allmächteg ass ann all Liewen nëmmen vun him oofhänkt. Ganz speziell bei den Brasilianer ass daat den Fall (an Portugal net weit hannendrun hänkt)

  8. sulfura:

    An wann een nemmen e bessen Logik uwennt, dann kéint een all die Powerpoint-Präsentatiounen schachmatt setzen.

    Well, obwuel een Gott net widderléen kann, kann een en och net beweisen.

    Wat een allerdengs kann man, ass opweisen firwat deen bibleschen Gott net mat engem eventuellen ‘richtegen’ Gott kann iwwerteneen stemmen. En ass einfach ze offensichtlech vun Mënschen erfonnt an onperfekt.

  9. Jo, “onperfekt” war emmer main Argument géint Zeugen (haat jo well méi intensiven Kontakt mat deenen fir d’Religioun vun der aanerer Sait kennenzeléieren).

    Emmer gët gesoot, heen lenkt alles an seng Weer sin ongrëndbar awer richteg, an awer gin an der Bibel Szenen erwähnt wou Gott bereit, saachen gemaa ze hun etc.

    Also ech hun main Bild iwert Chrëschtentum an Zeugen, daat nächst ass Islam mee do kennen ech keng Leid ^^

Leave a Reply