Ech hat dat och just op de Video bezunn, ech sinn natirlech net dovunner ausgaangen dass de géings iwwer den Holocaust laachen.
De Video un sech fannen ech méi erschreckend an traureg wéi witzeg, och als / well Hitler Persiflage. Un deem Mann war näischt Positives oder Witzeges, an eng Witzfigur aus engem Massemörder ze maachen bréngt een héchstens e puer Träpplécker rof op deem säi Niveau. Wann ech sou ee Video géing iwwer dee kanadesche Kannerschänner maachen, wier direkt all Mënsch geschockt an ech géing gelyncht ginn. Mee well dat do den Hitler ass, an dat ass scho laang hier, an déi meescht Leit déi haut nach liewen hunn ni ee Krich gesinn, ass dat an der Rei. An si waren och net déi éischt… Eine Million Alkoholiker können nicht irren.
Et ass jo mol kee politesche Message. Wann ee Video mat Parodie iwwer de Bush gemaach gett, huet dat jo nach ee gewessenen Sënn, d’Leit op deem seng feelend Intelkligenz opmierksam ze maachen. De Geck iwwer den Hitler ze maachen beweist nemmen dat eegent Feelen vun Intelligenz (dat geet géint déi Leit vum Video, net géint dech).
Et huet secher eppes mat der Distanz zum Sujet ze dinn. An och well just den Personnage ‘Hitler’ persifléiert gët an net all die Grausamkeeten, déi mat him verbonnen sinn.
Et sinn jo, zum Beispill, keng Skletter an engem KZ déi breakdancen oder sou, well dat wier en effet net witzeg. Mee hei ginn Hitler-Clichéen mat aktuellen Clichéen verbonnen, an dat fannen ech net onwitzeg.
D’ass dat selwecht, wann Persiflagen op den Saddam gemaach ginn. Déi awer och nemmen Bezuch op hien als Personnage huelen. D’Affer ginn normalerweis net matabezunn, well dat ass do, wo den Spaass giff ophalen.
Ech gesinn net richteg wou de Problem ass, wann sou Läit lächerlech gemaach ginn. Dat brëcht och vill vun hierem ‘Mythos’. Dat ass jo den Problem, deen an Däitschland heiandsdo zum Virschein kënt. Et gët net genuch de Geck mam Hitler gemaach! Nemmen Guido Knopp ass och net gudd, bessen Ralf König muss och sinn. Well den Hitler woer trotz allem jo och extrem lächerlech, wann een richteg kuckt.
Ech gesinn d’Verarschen vun sou Läit och als eng Zort ‘Exorzismus’. Soss bléiwt bei verschiddenen awer emmer nach eng Faszinatioun fir sie.
Ech kann dee Video och net appréciéieren, fannen et awer gudd, dass de Grommel mech heiansdo drun erënnert, dass d’mënschlech Dommheet grenzenlos ass (an dat kënnt jo net vu mir, mä vun engem, deen den Éitsch-ei-ti-ell-i-ar wahrscheinlech och gäre gemurkst hätt).
Dach, et ginn Saachen, déi sinn a bleiwen absolut onwitzeg.
Kann een sou gesinn.
Mee ech sot jo och net dass den Hitler oder den Holocaust witzeg woren, ganz am Géigendeel natiirlech.
Den Video fannen ech awer sou hierverbrannt, dass en och schon rem witzeg ass. An et ass jo net die eischt Kéier, dass Läit den Hitler persifléieren.
Ech hat dat och just op de Video bezunn, ech sinn natirlech net dovunner ausgaangen dass de géings iwwer den Holocaust laachen.
De Video un sech fannen ech méi erschreckend an traureg wéi witzeg, och als / well Hitler Persiflage. Un deem Mann war näischt Positives oder Witzeges, an eng Witzfigur aus engem Massemörder ze maachen bréngt een héchstens e puer Träpplécker rof op deem säi Niveau. Wann ech sou ee Video géing iwwer dee kanadesche Kannerschänner maachen, wier direkt all Mënsch geschockt an ech géing gelyncht ginn. Mee well dat do den Hitler ass, an dat ass scho laang hier, an déi meescht Leit déi haut nach liewen hunn ni ee Krich gesinn, ass dat an der Rei. An si waren och net déi éischt… Eine Million Alkoholiker können nicht irren.
Et ass jo mol kee politesche Message. Wann ee Video mat Parodie iwwer de Bush gemaach gett, huet dat jo nach ee gewessenen Sënn, d’Leit op deem seng feelend Intelkligenz opmierksam ze maachen. De Geck iwwer den Hitler ze maachen beweist nemmen dat eegent Feelen vun Intelligenz (dat geet géint déi Leit vum Video, net géint dech).
Et huet secher eppes mat der Distanz zum Sujet ze dinn. An och well just den Personnage ‘Hitler’ persifléiert gët an net all die Grausamkeeten, déi mat him verbonnen sinn.
Et sinn jo, zum Beispill, keng Skletter an engem KZ déi breakdancen oder sou, well dat wier en effet net witzeg. Mee hei ginn Hitler-Clichéen mat aktuellen Clichéen verbonnen, an dat fannen ech net onwitzeg.
D’ass dat selwecht, wann Persiflagen op den Saddam gemaach ginn. Déi awer och nemmen Bezuch op hien als Personnage huelen. D’Affer ginn normalerweis net matabezunn, well dat ass do, wo den Spaass giff ophalen.
Ech gesinn net richteg wou de Problem ass, wann sou Läit lächerlech gemaach ginn. Dat brëcht och vill vun hierem ‘Mythos’. Dat ass jo den Problem, deen an Däitschland heiandsdo zum Virschein kënt. Et gët net genuch de Geck mam Hitler gemaach! Nemmen Guido Knopp ass och net gudd, bessen Ralf König muss och sinn. Well den Hitler woer trotz allem jo och extrem lächerlech, wann een richteg kuckt.
Ech gesinn d’Verarschen vun sou Läit och als eng Zort ‘Exorzismus’. Soss bléiwt bei verschiddenen awer emmer nach eng Faszinatioun fir sie.
Ech kann dee Video och net appréciéieren, fannen et awer gudd, dass de Grommel mech heiansdo drun erënnert, dass d’mënschlech Dommheet grenzenlos ass (an dat kënnt jo net vu mir, mä vun engem, deen den Éitsch-ei-ti-ell-i-ar wahrscheinlech och gäre gemurkst hätt).
Ass jo och ok. Mauvais Gout Saachen sinn halt emmer limite
Ech sinn just firwetzeg, ech huelen un dir fannt dat hei och onwitzeg?
http://www.youtube.com/watch?v=kYvZnTFpip0
http://www.youtube.com/watch?v=oFoM0Y2DqL4 (part 2)
Ech fannen et op alle Fall originell an hunn mech heiansdo missen freckt laachen. Muss een jo awer och bessen Abstraktioun maachen können …