Träume sind Schäume.

Hm. Heiandsdo ass et wirklech schued, wann een waakreg gët an feststellt, dass dat wat een grad gedreemt huet, wirklech just en Draam woer …

5 Responses to “Träume sind Schäume.”

  1. Heisndo hofft een awer och, dass een glaich erwächt an alles nemmen een Draam as, och wann ee wees dass dat leider net den Fall as…

  2. Jo. An Dreem sinn generell eppes gelungenes. Zumools déi ultrarealistesch, do gët een henno waakreg an dann muss een mol sortéieren … op een dat an dat lo wirklech erliewt huet oder just gedreemt huet.

    Desläscht hat ech och en aneren Draam, wou mer alles ganz normal virkomm ass (ech duecht also ech wier waakreg) mee dunn op eemol ass mer een begéint, deen awer schon doud ass! Dunn *patsch* wousst ech, dass et en Draam woer, an ech sinn waakreg ginn.

    Spookey stuff.

  3. Wann een mierkt mdas et en Draam ass, awer na net erwäscht, do kann een sain Draam zum Deel steieren (waat mega cool ass xD)

    Me déi ultrarealistesch haat ech och schon, an meechtens hun se mech un Situatiounen arennert, déi eigendlech nach aktuell sin et awer schon ennerdreckt haat zum wuel vun villen Leid. Muss daat dann erem di nächst 3 Deeg verschaffen wou ech bessi mi motzeg kann gin.

  4. Ech hat gedreemt ech wir vun engem Jäer erschoss ginn, wéi ech erwächt sinn, huet et am Bësch nobäi geknuppt Huet d’Ënnerbewosstsinn di Schëss registréiert an ech hunn ech dat duefir gedreemt? Eng Virahnung op mäi Schicksal? Wëll ech dat iwwerhaapt sou genee wëssen?

  5. Däin Ennerbewosstsinn huet die Schëss registériert a matagebaut. Ech hat och schon sou ähnleches.

Leave a Reply