Dia de los muertos.
Posted on October 31, 2007 by strawdog
Ech fannen d’Mexikaner ginn besser mat deenen Deeg, an dem Thema, ëm, wéi mir generell:
Though the subject matter may be considered morbid from the perspective of some other cultures, celebrants typically approach the Day of the Dead joyfully, and though it occurs roughly at the same time as Halloween, All Saints’ Day and All Souls Day, the traditional mood is much brighter with emphasis on celebrating and honoring the lives of the deceased, and celebrating the continuation of life; the belief is not that death is the end, but rather the beginning of a new stage in life.

Filed under: Gesellschaft, Religion/Philosophy
Ech krut dat firun zwee Joër vun enger Frendin erklärt wéi mer ennerwee waren op d’Begriefnis vun der Mamm vun zwee Kolleegen. Deemols hunn ech dat ganz éierlech gesot net verstaanen, an wéi mer um Kierfech ukoumen an eis Kolleegen sinn eis em den Hals gefall war mer dat souwisou egal wat e puer Mexikaner am aneren Eck vun der Welt maachen. Mettlerweil muss ech soen denken ech anescht driwwer (sou wéi déi Frendin vu mer schon deemols).
Firwat sech op den (dach e bessen egoisteschen) Gedanken begrenzen, dass een déi verstuerwe Persoun elo net méi gesäit, wann et do ee ganzt Liewen gett, dat een éiren kann an dankbar dofir sinn déi Persoun iwwerhaapt hunn dierften ze kennen?
Et ass awer mengen ech eppes, wat eis Kultur leider ni wert verstoen, an och net akzeptéiren.
Also a méngem Bekanntekrees mierken ech awer, dass et sech ëmmer méi an déi Richtung entwéckelt, dass d’Leit nom Dout vun enger Persoun sech op déi schéin Zäite besënne, wéi dass se den Dout extrem bekloen (wat jo awer och legitim wier).
Ech wees net, ob ech eng vun deenen zwou Aart a Weisen als besser bezeechne géif, well et dach eng Situatioun vu perséinlecher Aschätzung si sollt.
Mee beim eigentlechen Thema, wat jo guer net dat ass wat ech lo beschriwwen hunn, sinn ech awer och der Meenung, dass d’Mexikaner eng interessant, sympathesch Aart a Weis hunn eist Allerhellgen ze begoen. Mee alt rem, ass dat eng Saach vu perséinlecher Aschätzung.
Trotz dem Versuch sech un déi schéi Momenter ze erenneren, gett vun der Gesellschaft awer quasi nach emmer “verlaangt”, dass een op engem Begriefnis kräischt, oder zumindest déif traureg ass. Perséinlech Präferenz ass schéin a gudd, mee eis Kultur ass leider net ob sou eppes agestallt.
Do hues de Recht. Un eis et ze änneren.