Amnesia.

Ech sinn mer grad bewosst gin, wéivill vun mengem eegenen Liewen ech eigentlech schon rem vergiess hunn … Ok, ech kann mech un vereenzelt +- besonnesch Evénementer erënneren an grossomodo wéi verschidden Zäiten ofgelaf sinn, mee trotzdem ass et irgendwéi erschrëckend (mee wuel noutwenneg wéinst Overload) un wivill Détailer oder Saachen ech mëch net méi erënneren.

Op der anerer Säit tauchen natiirlech emmer rem onerwaard Erennerungen op, déi een usech schon laang ‘vergiess’ hat. Dat wärt dann beweisen, dass een awer alles nach irgendwéi irgendwou gespeichert huet, sech awer just net méi bewosst drun erenneren kann an een emmer en Ausléiser brauch, fir d’Erënnerung zéreckzebrengen …

Hei, dat wier dach nach eppes fir Google: Google Memory Search oder sou, haha. Andeem een sech eng Hardware implantéieren léisst oder, méi flexibel, einfach e Kabel an d’Gehiir stöpselt an all seng Erënnerungen (ok, bal all) als digitalen Video eroflued. Onbedengt néideg ass dat Ganzt natiirlech och rem net. Ass mer just sou an de Kapp komm.

One Response to “Amnesia.”

  1. [...] vun intressante lëtzebuergesche Bloggen. Dem Änder seng Domain ass geläscht, mee de Leit mat Amnesie sierf gesot, dass et sech heibäi em geetetnach.eu gehandelt huet. :) Well sech awer am Universum [...]

Leave a Reply