Teh Hate!

Argh! Ech muss mech lo leider professionell mat Windows Vista beschäftegen an ech haassen et einfach. Wat e schäiss Produit.

4 Responses to “Teh Hate!”

  1. Jo, daat ass wann een aaner OS’en gewinnt ass, déi vill su kleng nëtzlech Funktiounen hun dei een derno am meechten vermësst :P

    Waat stéiert dech dann eigendlech am meechten? ;)

  2. Dass alles anescht ass wéi am XP, dass en 100.000 Saachen iwwersécuriséiert huet, dass en iwwerlueden an zevill Kirmes ass, etc. En nervt einfach. Ech well net alles méi komplizéiert hunn wéi virdrun ;)

  3. Hrhr, hues dech wuel och mat den Astellungen? Do hun se och mëttlerweil fir all SChissi iergendeen Wizard :D

    Mech stéiert et do ganz fuerchtbar dass dem User Gummishändchen ugedoe gin an en bei der Hand geholl gët fir nëmmen naischt am System futti ze maan. Wann een weineg Zait huet an een direkt well op daat zougreifen waat een brauch ass daat eng extrem nerveg ugeleegenheet.

    Mac OS X an Linux sin och ziemlech gudd ausgebauten Betriebssystemer mee souguer do gët den User net bei der Hand geholl mee knallhart mat den Fakten (Optiounen/Astellungen) konfrontéiert. Ween keng Ahnung huet léist einfa patten dervun an liest firdéischt manuels duerch.

    Et kënnt mer fiir, wei wann den User nemmi muss leiere wei een mam PC emgeet, mee dass den PC op den teschnëschem Niveau vum non-PC-User oofgestemmt get. Ech ennerstetzen dëss Approche generell net. Et muss een wëssen, wéi een mat sengem System eens gët. Dass an mengen Aaen een minimum Requirement wann een sain PC all Daag well notzen.

    daat sin dann emol e puer Grënn wisou ech Vista net kann gesin… Eigendlech schon baal genuch fir en eegenstännegen Post :P

  4. Main Baileed…
    Ech hun vista bis elo just gesin, mat dem grausamen cover-flow zweschen fenstern (senn?) an dem nach vill méi grausamen pop-up-virschaudengens wanns de iwert der taskbar bei eng fenster gees. (senn?) An tatsächlech erliewt, daat den Firefox iwer eng Minut gebraucht huet, fir erem zou sech ze kommen, nodeems en eng Datei fir den Upload ausgewiehlt huet (dh. d’actioun waar “pfad vun der datei an forumlarfeld schreiwen”), hoffen ech, daat ech esou baal net mat Vista konfrontéiert gin. Do ass mir Win XP vill vill leiwer, bzw. das kleinere Übel.

Leave a Reply