Der Untergang des Abendlandes.
Posted on November 18, 2007 by strawdog
An nee, dofir brauchen mer mol keng fundamentalistesch Moslemmen. Dat brënger mer selwer färdeg.
Ech fannen dat do einfach nemmen traureg, schlemm an krank. An dass verschidden Medien (wéi d’Bravo) dat ennerstëtzten, resp. d’Gesellschaft näischt dogéint ennerhëllt, ass e Skandal.
An die Asozial ginn doduerch nach emmer méi asozial. Wat net heescht, dass net och Kanner oder Jugendlecher aus aneren Schichten duerch deen selwechten Schrott infizéiert könne ginn.
Filed under: Gesellschaft, Medien, Sex
Ech verstin su munches net…
1. Wei Grommel schon soot, wéi kann Bravo daat ennerstetzen? Ech fannen mer kéinte su lues Kollektivmails ufänke mat schreiwen…
2. Wei kennen Fraaleid daat matlauschteren, zouloosen, souguer matmaan? Sie gin erniedregt, sie maachen mat… Hirnrisseg…
3. Pornorapper produzéieren daat… An wann sie soen sie wéisten net ween hier Fans soen ech mer na “ok, kann sin”. Allerdengs sollten se een kloere Message un d’Jugend erausschecken wéi sie daat mengen oder dass et just Entertainment ass. Di Porno-Rapper schwetzen sech just schéin eraus.
Einfach nëmmen ellen. An allen Hisiichten, awer virun allem: ellen domm, déi oarm Geeschter do. An alt erëm weist et dass d’Erzéiungsaarbecht ëmmer méi schwéier, mä extrem wichteg gëtt an onse Géigenden.
Jo, muss net évident sinn fir Elteren. Doheem kanns de jo nach positiv op se awierken, mee an der Schoul oder sou, ginn se jo mat aneren ‘Welten’ konfrontéiert. Ech giff zb regelméisseg hier Handy’en kontrolléieren, lo net fir hier SMS’en ze liesen, mee fir ze kucken, wat fir Musek, Biller oder Video’en drop sinn. Net permanent, mee sou stëchprouvenarteg.
An wann zb eng Sauerei vum Sido oder sou drop wier, dann giff ech den Text nosichen, rausprinten an owes nom Iessen virliesen (ugeholl et sinn nach keng mie kleng Geschwëster dobäi) an dann zesummen diskutéieren. De Punkt ass jo, dass d’Kanner/die Jugendlech sëlwer sollen/mussen agesinn, dass dat do Schäiss ass. Verbidden alleng ass wahrscheinlech éischter knotraproduktiv. Muss een probéieren et lächerlech an uncool ze man.
Wat ech allerdengs guer net verstinn ass, wéi Elteren hier mannerjähreg Kanner können op Concert’en vun sou absoluten Porno-Gehiirkrëppelen ze loossen!? Emmerhin muss jo een den Ticket kafen. Dat ass wirklech en Armutszeugnis fir d’Elteren! An den Staat huet och versot! Wann die CD’en ab 18 sinn, dann mussen die Concert’en dat dach och sinn!? Wier ech Buergermeeschter, dann giff do streng bei der Entrée kontrolléiert ginn.
Firwat léisst d’Gesellschaft ALLES duerch? Sinn mer wirklech sou um Buedem? Alt gudd, dass et zu Letzebuerg nach net sou wäit ass? Mee et soll mol een sou en Fäkal-Rapper op Letzebuerg kommen, dat gët awer opmanst en fetten Léiserbréif vun deem hei, wann net méi …
Dat wat s du do schreifs nennen ech Responsabilitéit iwwerhuelen. Dozou si leider vill Elteren haut net méi bereet. Wann d’Kanner dann op eemol net méi kleng a léif sinn, mä Inhalter vun zweifelhaften Idoler noplapperen ouni mol richteg ze verstoen, wat se dann do vu sech ginn, a firwat se iwwerhaapt driwwer grölen, dann huet alt erëm d’Schoul, d’Gesellschaft, d’Politik asw. versot.
Wa jidder Erzéiungsberechtegten (firwat steet d’Recht hei eigentlech am Vierdergrond, vu dass d’Pflichten op d’mannst genausou wichteg an der Erzéiung sinn?) eege Responsabilitéit vis-à-vis vu senge Kanner virliewen an iwwerhuele géif, da bräicht ee mol guer net sou fir d’Kanner ze fäerten, wann e puer minabel Kaméidismécher mengen si misste mat hirem Fäkal-Rap ‘cool’ sinn, well déi Jonk dann am Prinzip och kee sou en ugekraazten Selbstwertgefill hunn. Leider iwwerloosse vill Leit de ‘Jugendverblödungszeitungen’ (sou ähnlech huet de Wolfgang Niedecken se mol genannt, an dat ass scho laang hier) den Erzéiungsjob, wann et am Frontale Cortex drunter und drüber geet.
Ech verstinn di ganz Diskussioun net. Daitschland gëtt méi a méi mat “Brongen” iwwerschwemmt a si hu keng aner Problemer wi nach Reklamm fir di doten Leit ze man.
Opmierksam as Opmierksamkeet, egal vu wou se kennt. Wa Polylux doriwwer bericht as dat schon zevill dees gudden; domat stin di Hären dann als Oppositioneller, als Revolutionären virun hiren Unhänger do. Dat do rapprochéiert di doten Gestalten nach méi hiren Fans, lo stin se do als dat wat di meescht jugendlech di sou eppes lauschteren sech fillen: Als vun der Gesellschaft ausgestoussener!
“There’s no such thing as bad publicity!”
realist:
Wat genau mengs de lo mat ‘Brongen’?
An natiirlech ass emmer d’Gefohr, dass wann een iwwert eppes Negatives opklären wëll, een die Saach nach méi bekannt mëcht. Mee ech mengen net dass Polylux vun villen Asozialen gekuckt gët
Mat dene brongen mengen ech “die Braunen” also d’Nationalsozialisten.
Nee, ech mengen wann déi Sendung leeft leien dach di meecht di esou eppes lauschteren schon am Bett
realist:
ech gesinn nach emmer net den Zesummenhang teschent där Sendung an Neonazien?
Ma ganz einfach. Di Daïtsch stänkeren géint Musek vun den Türken a soss sozial schwaachen Leit an hirer Gesellschaft statt virun hirer eegener Diir ze kiiren.
Wat as da lo méi schlemm, datt ee rapper iwwer Analsex sengt oder e preisegen Neonazi iwwer “Türken grillen”?
Béides ass schlëmm. Mee den Reportage do woer iwwert Porno-Rap, an wat dat gréisstendeels Asi’en (egal op däitsch oder tiirkesch) man, dann ass dat e Fait an keen Gestänkers.
Ech sinn secher, dass Polylux och schon géint Skins ‘gestänkert’ huet.
Ech ginn der jo Recht, dass een och géint Neonazien virgoen soll, mee deng Argumentatioun geht dach e bessen verschlongen Wéer …
Da stell der mol vir du misst an engem Plattenbau wunnen a mat 300.- Euro (soen ech lo mol sou) am Mount auskommen. Wat as besser? Drogen verkafen, Auto (-radioen) klauen oder e bessen domm sabbelen fir Geld ze verdengen? Ech hun léiwer déi di hiren Frust sou vehikuléiren an dobaï nach Geld verdengen wi déi di aus denen nämlechten Grenn tatsächlech gewalttäteg gin. Ech fannen dat ganzt einfach zimlech opgebauscht, et as eng Moudeerscheinung, an den 90′er huet all daitschen Hip-Hopper vu kiffen a Grasrauchen gesong, di Zaiten si riwwer, haut as et dann Gangbang an Ho’s, an zwee Joer as et rem eppes aanescht.
[...] Grommel hat virun e puer Wochen kritesch op d’Pornorapper-Szen an Däitschland higewisen. Bis haut war ech der Meenung, dass dës Zort vu Fäkal-Rap just vu Männer produzéiert an [...]