Meisch vs Biltgen.

Ech hunn lo endlech den (leider vill ze kuerzen) Debat op RTL tëschent den Hären Meisch (DP) an Biltgen (CSV) gesinn. An ech muss soen, dass den Meisch mer emmer méi gefällt an deen pertinent Froen stellt. Den Biltgen par conter ass eriwwer komm, wéi wann en perséinlech attackéiert ginn wier (wat natiirlech domadder zesummenhänkt, dass hien sech als gudde Chrëscht gesäit an dat him en effet eppes bedéit) amplaz rational iwwert den Problem ze schwätzen.

Eng gudd Fro, déi d’Modératrice gestallt hat woer: ‘Wann den Religiousunterricht dann, selon Biltgen, souvill Ähnlechkeeten mam Moralsunterrecht huet, firwat leet een se dann net einfach zesummen?’ Leider gouff net richteg drop geäntwert an d’Fro hätt sollten weider verfollegt ginn. Well d’Äntwert wier, dass die eng un en onsichtbaren Mann am Himmel an aner Mythen gleewen, an die aner net. Dat huet sech awer leider keen getraut ze soen.

An och wann 60% den Religiounsunterricht an der Schoul wielen, heescht dat sëcher net, dass die 60% un de chrëschtlechen Gott gleewen resp. sech wirklech sëlwer mol konkret doriwwer de Kapp zerbrach hunn. Ech woer och emmer am Religiounsunterricht obwuel ech et emmer Kaabes fonnt hunn. Leider hunn ech mech deemols nach net sou intensiv domadder beschäftegt, soss hätt ech den Religiounsproffen e puer ganz onbequem Froen gestallt …

Soit, ech hoffen sie ersetzen den Religiouns- an Moralunterricht duerch en gemeinsamen Werte-Unterricht! Separat religiéisen Unterricht kann de Kanner jo dann, wann et muss sinn, ausserhalb vun der Schoul ginn ginn. Genau wéi portugiesesch Couren oder wat och emmer. Sou dass dem Biltgen säin Argument vun der Freiheet vum Choix souwiesou net gerechtfertegt ass. Doheem kann jidereen un all méiglech Fantasiewiesen gleewen wie en wëll. Mee an der Schoul huet sou en Firlefanz näischt verluer.

Ech fréen mech op die nächst Wahlen an wärt die Wahlprogrammen gudd studéieren. Juncker hin oder hier, d’CSV fänkt mer un awer lo op d’Schlappen ze goen.

ps. Dem Biltgen ass bestemmt wuel die ganzen Zäit esou en Bild duerch de Kapp gaang:

One Response to “Meisch vs Biltgen.”

  1. D’Kathoulen hunn einfach Angscht, hieren Afloss ze verléieren. Wat waren dat nach Zäiten, wéi d’kathoulesch Kierch dem Lëtzebeuregr gesot huet, wat hien ze denken huet: an dat an alle Beräicher. Esou eppes gëtt een net gären op.

Leave a Reply