Cloverfield.

Den Trailer gesäit awer mol cool aus.

8 Responses to “Cloverfield.”

  1. De Film schéngt jo lo endlech mol e feste Numm ze hun.

  2. Deen hat e vun Ufank unn, en ass just wéinst Promozwecker net groussarteg erausposaunt ginn. Fir d’Spannung nach weider ze erhéigen. :)

    Ech hunn eng Allergie op den J.J. Abrams. Dee Mann huet bei Lost 3 Staffelen gebraucht fir ze réaliséiren, dass e guer keng Ahnung huet op wat en eigentlech well eraus, huet sech dunn nach eng ultrakuerz 4. Staffel erheeschelt an ugefaangen sech z’iwwerleen, firwat déi Leit iwerhaapt op der Insel sinn. Alias huet en deemols grëndlech an de Sand gesat, an ee Star Trek Prequel iwwerzeegt mech nach emmer net, dat ass schon eng Kéier schief gaangen.

    Dee Mann gett vill zevill iwwerschat. Well Alias virun Joëren zwou Stafflen laang héich Einschaltquoten hat.

  3. Den JJ Abrams ass secher over-rated. An mat Lost verbënd mech eng Haass-Léift.

    Mee den Trailer gesäit gudd aus. Allerdengs ass bei villen Filmer den Trailer besser wéi den eigentlechen Film … Dëst ass jo eng Zort Godzilla-Film, richteg?

  4. Jo. Mee ech gesin als Paralell zu Lost scho mol erem, daat en d’Monster net gesait. An herno ass geht en entäuscht aus dem Kino eraus. Obwuehl den Trailer wirklech gudd ausgesait…

  5. Ech hunn na nie och nëmmen eng Episode vu “Lost” oder “Alias” gesinn an hunn och absolut keen Interesse un deem Film. Iergendwéi deet sech bei mir do näicht.

  6. Chris:

    >Iergendwéi deet sech bei mir do näicht.

    Dat klengt awer lo anrücheg ;)

  7. LOST fannen ech gudd, mee d’Auteuren wosste just net, wi laang di Serie laafe wärt an duerwéngst wor et schwéier anzeschätzen, wéi séier een därf d’Geheimnisser präis gin. Dat wëssen se lo awer (nach genau 3 Staffele à 16 Episoden). Den J.J. Abrams hat eigentlech net mi souvill domat ze din. Hien hat IIRC just di éischt puer Episoden an den 3. Staffelufank gefilmt. D’Geschicht sélwer gëtt vum Damon Lindelof a Carlton Cuse geschriwwen.

  8. Apropos, hudd der schon eng Kéier Slusho probéiert?

    http://www.slusho.jp/

Leave a Reply