Den Här Paschtouer vun RTL.
De Roland Kalté vum ACL, respektiv RTL, respektiv den Déckkäpp gët mer awer e bessen ferme op d’Schlappen. Zumools seng pathetesch Chronik iwwert den Stroossenverkéier. Wonnert mech, dass iwwerhaapt nach een d’Autofueren ouni Schued iwwersteht, sou geféierlech wie dat anscheinend ass … An all die gudd Rotschléi, hossa, hossa! Wat giffe mer nemmen ouni déi man? E puer sinn jo ganz ok, mee kann een dat ouni deen dramateschen, besserwessereschen Tounfall erzielen? Mengt een jo wirklech et giff een an der Mass sëtzen an den Här Paschtouer giff eist d’Welt erklären …
Ah jo, an wou mer schon dobäi sinn, dem Jan Logelin säin schmalzegen Toun, um Radio an op der Tele, geht mer jo och net. Ech weess, ech kann jo ausschalten. Mee irgendeppes muss een jo heiandsdo lauschteren, am Auto zb. Erstaunlech eigentlech, dass et nach net verbueden ginn ass, Radio am Auto ze lauschteren!
Woumadder den Krees sech och rem schléisst. Amen.
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg, Medien
Waat hues du Problemer, du Aarmen……
interessante vergläich, allerdéngs hunn ech nach ni e paschtouer vun der kanzel erof sou niveaulos witzen verzielen héieren wéi dësen “déck”-kapp. mä hie muss sech wahrscheinlech u säin ëmfeld upassen.
Mecker: Gesäiss de mol, wann een soss keng huet!
Blo: et ginn awer och besser Läit bei RTL! Ech fannen den Spogen an den Luc zb. net onwitzeg
Wat lo die journalistesch Kompetenz vun RTL ugeht, dat ass rem eppes anescht …
Du bass de Caporal Dédé!
Chris:
>Du bass de Caporal Dédé!
Lo mol net frech ginn, du klengen Wouschtert!
Dovunner ofgesinn ass deen Caporal DD en nawell net onwitzegen Sketch.
Ech kennen Leit, déi hun nirwt dem Caporal DD gewunnt. An anscheinend waar den och scho mol um ARA.
Lo, wou ech de Numm scho gesoot hun: lauschter dach einfach en aaneren Sender. Wann ARA oder 100,7 graad naischt drop hun, kann en jo awer nach emmer op en ausländesche emklammen an sech daat dommt Gesabbels vum Möchtegern-Monopolisten net undoen.
Da kann ech lo jo déi schéi Geschicht awer erzielen, wéi de Yann Logelin mir um E-Lake vrun 3 Joer sturzbesoff den Hiwwel rof entgéint getiirkelt koum a bal op d’Sabbel gaang wier. En ass awer ganz okay als Speaker fannen ech. Mee ech si jo souwisou soueen, deen den RTL insgesamt gutt fënnt. Haasst mech roueg dofir.
*den Chris dofir haast*
Ech fannen RTL och guer net esou schlecht wéi en emmer gemat gëtt! Dacks genuch passéiert et mer, datt mäin Autoradio am Parking op een anere Sender ëmspréngt, ouni dat ech et direkt mierken. Wann dat Gesabbels mer dann op emol op d’Nerve geet an ech kucken op den Display, wat gesinn ech: DNR! Do ass mer dann RTL 1 0000 Mol léiwer.
Esou laang keen andauenrd “nék” seet amplaz “net”.
@Chris an Maach4un
Hi, (ech schreiwen op Deitsch well ech net esou gudd an der letzebuerger Schreft sin), also:
Ich finde Yann Logelin als Speaker auch ganz ok,
aber ich kann ihn mir nur schwer sturzbetrunken vorstellen.
Spogen finde ich in jeder Beziehung unmöglich