Reading list.
Amazon ass jo schéin a gudd, mee an enger richteger, exzellenter Librairie wéi der Blackwellzu Oxford ze stöberen ass natiirlech eppes ganz anescht. Et ass, wéi wann een duerch d’Bicher géing schwammen, wéi wann een vun hinnen buchstäblech giff ugezunn ginn, duerfir hunn ech mech och missten béiss zesummen rappen fir net den halwen Buttek eidel ze kafen!
Hei also lo meng aktuell Reading Lëscht (niewt deenen déi sech nach um Nuetsdësch stapelen …):

“Can a Robot be Human? 33 Perplexing Philosophy Puzzles“, by Peter Cave: Schon ganz duerchgelies haut. Werft wirklech e puer gudd Froen op, ech wärt deemnächst mol hei die eng oder aner stellen.

“In God We Doubt: Confessions of a Failed Atheist“, by John Humphrys: Réischt een Drëttel gelies, mee ech als Agnostiker fannen et super gudd! Well den Auteur schräiwt en effet weder als Gleewegen nach als Atheist, mee als Agnostiker. An domadder kann ech mech gudd identifizéieren. Ausserdem stellt hien eng Rëtsch Froen, déi en aus mengem Kapp kéint geklaut hunn. Schräiwen méi, wann ech et ganz gelies hunn.
An dann nach:
- The Bible. A biography, by Karen Armstrong: Et geht em d’Entstehungsgeschicht vun der Bibel an d’Authorin huet och schon aner ganz gudd Bicher zu den monotheisteschen Mythen geschriwwen.
- 10 questions Science can’t anwer (yet), by Michael Hanlon. An och dëst Buch ass, wéi dat eischt an der Lëscht, zugleich ganz serieux an awer humorvill präsentéiert. Engleschen Humor ruled einfach!
Filed under: Literatur, Religion/Philosophy
Dat eischt gefällt mer, si gespant op deng Froen