Know yourself!

Sorry, dass ech an der Läscht bessen vill iwwer religéis Themen posten, mee sou Zäiten ginn et halt.

Hei en neien Video vum Pat Condell, deen net schlecht ass. Och wann ech natiirlech awer een vun deenen méi ‘doucen’ Agnostiker/Atheisten wier … De Problem ass, et muss een den Läit eng adequat Philosophie amplaaz vun religéisem Dogma ginn, an net just den Dogma ofschafen. Den Besoin fir dat Iwwernatiirlecht, en Sënn am Liewen, etc besteht numol.

“He can know himself. In the biblical sense.” Hahahahahah! Wärt och cool op engem T-shirt: ‘Hey, know yourself! In the biblical sense.’

7 Responses to “Know yourself!”

  1. Am Prinzip stemmen ech him zou. Et ass effektiv onméiglech mat engem Gleewegen iwwert Glawen a Gott ze débattéieren. Do fehlt einfach e gemeinsamt Medium, iwwert dat ee kommunizéiere kann. Lo kéint ee jo soen, dass een dann einfach sou Debatte vermeide sollt, a jidfereen säin eegenen Trück denken/gleewe sollt. Leider geet dat awer net sou einfach, da Glaawen nu mol an der Realitéit och ganz oft déi Leit betrefft, déi net gleewen oder aanecht gleewen. Ob beim Thema Euthanasie, ob an Afganistan, Sudan, Saudi-Arabien, am Isreal/Palästina Konflikt oder an der Kreationsismusdebatt, et muss een emmer diskutéieren fir weider ze kommen.

    Aus dem Grond gesinn ech deen aktuelle Konfrontatiounskurs och als déi eenzeg Léisung. Opjidferfall soulang, wéi de Gleewegen net bereed ass, sech op eng produktiv Diskussioun anzeloossen.

    An zu deem Thema: An der Türkei get jo grat gepréift op dem Dawkins säin Buch sollt verbuede ginn, well et de Glawen beleidegt. Wann dat passéiert, da sollen se och de Koran verbidden, well dee beleidegt och netgleeweg Leit.

  2. >An zu deem Thema: An der Türkei get jo grat gepréift op dem Dawkins säin Buch sollt verbuede ginn, well et de Glawen beleidegt. Wann dat passéiert, da sollen se och de Koran verbidden, well dee beleidegt och netgleeweg Leit.

    Falls dat passéiert, dann sinn ech en effet och dofir, dass sie nach net an d’EU gelooss ginn.

    Zum zweeten Deel: wann mer alles giffen verbidden, wat d’Intelligenz beleidegt ……… :)

  3. quote: De Problem ass, et muss een den Läit eng adequat Philosophie amplaaz vun religéisem Dogma ginn, an net just den Dogma ofschafen. Den Besoin fir dat Iwwernatiirlecht, en Sënn am Liewen, etc besteht numol.

    wann post-modern philosophy net genuch ass viir d’leit dann wees ech net waat se brauchen.

    vun existentialism bis hyperrealism misst dach eppes derbei sin viir jidereen ;)
    esou guer scientologen gingen hier “entwerten” fannen

  4. Pardon, sobaal irgendeen “Dimi” seet, denken ech “brongen Dreck” an hun keen Bock et weider ze kucken. PI & Konsorten lassen grüßen.

  5. Fireball: Huh??? Wat mengs du domadder?

    Kuck den Video, en huet näischt mat Fascho oder sou ze dinn.

  6. Dimi ged an der (daitscher) rietser, anti-moslemescher Internetszen fir en “Symphatisant” mat Moslems( also jiddereen, den se net “aus dem Land” well) benotzt. Daat ass fir mech einfach en Triggerwuert. Et muss en och net offenhärzeg faschistesch sin, fir xenophob ze sin. (Nach emmer, ouni de Video gesin ze hun. Des Keier awer einfach ze midd.)

  7. Kuck der en awer eng Kéier ganz un! ;)

    Hien ass net xenophob, mee religiophob …

Leave a Reply