Euthanasie (3).
Nach eppes zum Thema Euthanasie:
Selon Madame Frank ass jo den Haaptproblem bei den Euthanasie, wann een hier an deem Interview genau nolauschtert, jo dass net hieren Gott décidéiert, winni een stierwt, mee mir sëlwer. Mir setzen eis jo iwwert hieren Gott, maachen deen angeblechen Allmächtegen deen Moment impotent an féieren EISEN Wëllen aus an net säin. Wat emmer säin Wëllen soll sinn …
An winni genau bestëmmt hieren Gott iwwerhaapt, dass een stierwt muss? Ass en déidlechen Autosaccident Pech/Dommheet oder gottgewollt? En Doud duerch Herzinfarkt, Kriibs, Krich, Verhongeren, Verdiischteren, Fliijerofsturz? Domm Zoufäll oder gottgewollt?
Wann all déi Douden net mat der Madame Frank hierem Gott ofgeschwat gouffen, wou ass dann den Riesenproblem, wann een och selwer wëll iwwer säin Doud bestëmmen? Hien schëngt jo dann souwiesou net allzevill domadder ze dinn ze hunn.
Mee dat hei ass e prinzipiellen Problem bei religéisen Läit. Sie denken d’Konsequenzen vun hieren farfeluen Theorien net bis zum Enn duerch. Sie können net béides hunn: fräien Wëllen an e göttlechen Plang, deen net fehlschloen kann. En Gott, deen bestemmt ween winni stierwt an Doudesfäll, déi näischt mat hierem Gott ze dinn hunn.
Wann der Madame Frank hieren Gott fir den Doud zoustänneg ass, dann muss dat jo wuel universal gëllen (oder ass hien just fir déi zoustänneg, wou hien d’Chance dozou kritt???). An dann ass hieren Gott, paradoxerweis, och fir all Ofdréiwung an all Doud duerch Euthanasie verantwortlech.
Mee Paradoxen sinn jo en, gären verdrängten, Bestanddeel vun ALL religéisem Glaawen. An och wann et en Fait ass, dass net alles rational ze erklären ass, heescht dat net, dass een dowéinst all Paradox an all Onméiglechkeet muss als ‘Mysterium’ blann acceptéieren. Religioun ass einfach e Wee fir d’Läit fir sëch sëcher ze fillen, fir manner Angscht ze hunn an enger Welt an engem Liewen, dat keen am Fong richteg versteht. Dat ass jo och ok, SOULAANG net sie hier (imperfekt) Wonschwelten aneren Läit wëllen opzwängen.
Filed under: Artikel, Gesellschaft, Luxembourg, Religion/Philosophy
Déi Debatt em d’Stierfhellef ass am Fong dat perfekt Beispill, dass éierlech Relioun an Demokratie net vereinbar sinn. Decidéiert Gott iwwert mäin Liewen oder decidéieren ech iwwert mäin Liewen? Da mer nu mol an enger Demokratie liewen a net an engem Gottesstat, misst ech am Fong d’Recht hunn ze decidéieren, ob ech selwer decidéiere well oder ob Gott fir mech decidéiere soll an sou Froen.
Mee do brauch een sech awer am Fong elo net ze wonneren, wann Chreschten, déi nromalerweis souvill Wert op Nächsteléiwt leen, dohier kommen a mär virschreiwen, wéi ech ze stierwen hunn, well déi anti-selbstbestemmerech Demokratie-feindlech Stemmung ass am Fong dat, wat de Vatikan jo och haut nach offiziell fuedert. De Jean-Paul II huet an engem vu senge leschte Bischer kritiséiert, dass de Mensch d’Gesetzer haut mecht a net méi Gott. Ech fannen et einfach onerträglech, dass sou Organisatiounen vu souville Leit als moralesch Instanz heischgehaale ginn.
Genau. An et gët och Zäit, dass dat mol débattéiert gët.
Beim Werte-Unterricht ass et de selwechten Problem. De Biltgen huet emmer gesot, dass dach den Religiounsunterricht hautzudags souwiesou schon quasi dat giff enneriichten, wat den Werte-Unterricht och giff unterrichten. Dunn huet den Meisch gefrot, wou dann den Problem wier, fir die 2 ze verschmelzen, wann se dann sou ähnlech wieren. Dorobber huet den Biltgen dunn ausweichend réagéiert well die eigentlech Äntwert ass: Am Religiounscours schwätzen se iwwert ONSICHTBAR WIESEN, déi sech op der Welt REINKARNEIEREN fir dann hei missen ze ‘STIERWEN’ an am Gedenken dofir iessen lo hei Gleewegen dem Jesus sain LÄIF an sain BLUDD! Emsou Geschichten geht et.
Mee dat huet hien net gesot, an den Meisch huet dat leider net ugeschnidden … Hätt en awer sollten! Well dat ass den sprangenden Punkt.
Gott ass fir alles verantwortlesch? Wisou brauche mer dann Affekooten? Schliesslech ass et jo net eis Schold an um Geriit kéinte mer jo dann soe “Et war Gott sain hellege Plang, et war sain Wëllen, net main”. Mo kucke wéi wait su en Fall an der Realitéit kënnt
Ech ennerstëtzen do vill eischter d’saach vum freien Wëllen an Freiheet fir d’Menschen, soulaang si Konsequenzen vun hieren Aktiounen och aktzeptéieren an d’Verantwortung iwerhuelen. Méi ass do an mengen aan nët. Göttlech Interaktioun ass net méiglech, wisou soss kruute mer déi (heiando super an heiando teuflesch) mystësch Fähegkeet ze *wielen*, an sain Liewen entweder an d’Rei ze brengen oder ganz Baach roofzeschmaissen. Do ass nix Göttlesches. Et ass Menschlech.
e besse kuerzfristeg, mee wien et intresseiert, haut ass op der uni.lu een Débat iwwert d’Thema http://www.uni.lu/actualites/a_la_une__1/conference_debat_sur_l_euthanasie