Postkaart.

Emmer rem faszinant fir echt Fotoen vum Mars ze gesinn. An erstaunlech wéi laang de Rover schon do ass, iwwer 4 Joer!

420_195145main_sol1329atc-hires.jpg

(Eng High-res Foto ass hei ze fannen)

4 Responses to “Postkaart.”

  1. Jo dat ass effektiv zimmlech louche. Wou 1997 de Pathfinder geland ass, hunn ech stonnelang op déi Fotoen geglotzt… Weltall rockt!

  2. Wat ass do louche drun?

  3. Louche? Verstinn ech och net. Tchup, mengs de, déi wire gefälscht, oder wat?

    Datt dat Déngens lo schon sou laang do hannen ass an nach ëmmer fonktionéiert… immens!

  4. nee nee. Mat louche hunn ech eischter d’Gefill gemengt, wann ee mat sou Fotoen vunn anere Planéiten konfrontéiert ass. Du hues et faszinant genannt. Ech wees net wéi ech et beschreiwe soll. Ech tendéieren derzou alles louche ze nennen, woufir ech d’Wieder net fannen :-|

Leave a Reply