Am Kader vun der Auslännerwahlrecht-Debatt an sou: Mir sinn jo selwer schold, wann mer et den Net-Letzebuerger, an zumols den Francophonen, sou liicht man fir an eisem Land ouni Letzebuergesch eenz ze ginn. Firwat sollt do irgendeen wirklech motivéiert sinn fir Letzebuergesch ze léieren?
- Firwat steht op enger Dier ‘pousser’ oder ‘tirer’ amplaz ‘drécken’ oder ‘zéien’? No der 5. Kéier wärt jo och en Net-Letzebuerger wëssen, wat dat heescht …
- Firwat steht iwwerall par défaut: ‘Heures d’ouverture’ amplaz vun ‘Mir sin op vun … bis …’? Zumols bei staatlechen Admnistratiounen an den Gemengen misst de Gebrauch vum Letzebuergesch op deem Niveau Pflicht ginn.
- Firwat ass den offiziellen Titel vun der Abtei Néimënster ‘Abbaye de Neumünster’ an net ‘Abtei Néimënster’?
- Firwat ginn nei Stroossen an neien Quartier’en net all op Lëtzebuergesch genannt? Firwat emmer automatesch ‘rue’ oder ‘boulevard’ oder wat och emmer. Ech soen lo net et misst een die al all embenennen, mee opmanst die nei kéint een jo awer sou man, oder wat schwätzt dogéint?
Dat hei sinn nemmen kleng Saachen, déi einfach ze implémentéieren wieren. Mee sie giffen e Stéck Letzebuerger Identitéit erhalten.
Wann ech an Spuenien sinn, dann weess ech och no kuerzer Zäit, dass ‘calle’ Strooss heescht an ‘plaza’ Plaaz …
Ech weess, dass dat bei eis historesch Grënn huet an dass Letzebuergesch laang Zäit vun der Letzebuerger Intelligenzia als Baueresprooch ugesinn gouff, mee mussen mir dofir zu enger franséischer Provenz verkommen? An lo net falsch verstoen, ech hunn näischt géint Frankräich (oder d’Belge) usech. Just sinn ech weder Fransous nach Belge an wëll mer och net sou virkommen, wéi wann ech do giff wunnen …
Musse mir eis sou fir eist Letzebuergescht schummen?
Zousatz: An opmanst de Staat an d’Gemengen sollten den letzebuergeschen Microsoft Office & Windows benotzen, wann et deen schon gët! Ass dat en Emstellung? Sécher. Mee firwat ennerstetzt de Staat (souwäit ech weess) sou Initiativen vun Microsoft, wann mer se henno mol net benotzen?
En plus wieren dann och die Auslänner beim Staat ‘gezwongen’ sech un d’Letzebuergescht ze gewinnen!
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg

Ech gin der recht. Ech gesin hei zu Basel wéi et kéint sin. 1km an du bass entweder an Däitschland oder Frankräich. Schwäiz ass jo prinzipiell och Dräisproocheg, an Basel schwäizerdäitsch sproocheg. Et schaffen wahrscheinleg an Basler Geschäfter genau souvill franséisch Grenzgänger wéi an der Stadt. Hei kéim awer net emol een op d’Idee, een anzestellen deen net mat de Client’en kéint däitsch schwätzen. Déi meescht kennen et natirlech net perfekt, mee dat ass jo egal, se gin sech e groussen Effort.
Schwäiz huet punkto Awanderer zwar net grad souvill % wei mir, platzeweis ass et awer duerchaus ze vergläichen. Ech sin emmer erem erstaunt, wéivill Italiener, Balkanesen (nennt een dei sou? Exjugoslaven klengt sou oofgestempelt…) an Türken ËNNERTENAANER däitsch schwätzen. Do kommen natirlech witzeg SAchen eraus, mee ech fannen dat super, deen Effort, deen ech heiansdo bei eis vermessen. Net bei all Mensch natiirlech, mee et ass weis du sees, et get hinne jo och einfach gemach. Et geet drems eng eege Sprochkultur z’entwecklen, an dozou droen eis national Senderen net emmer hieren Deel bei, wann ee emol 5 minutten eranlauschtert. Ech fannen et emmer sou schlemm wann ech mat Letzebuerger Fuerscher emailen an Entwerten op Franseisch kreien, well kee sech am Letzebuergesch schreiwen wuel spiert. OK, ech gin net onbedengt mam Beispill fier andeem ech mai Blog op Englesch schreiwen, mee immerhin hun ech echt Letzebuerger Kulturstécker vum Andy Bausch an dem Fausti op Basel exportéiert…
Alles schein an gudd, mee Windows op Lëtzebuergeg mengen ech misste passen. Informatik war na emmer een engleschsproochegen Raum an do geing ech eischter op Englesch tippen (ech selwer benotzen et o leiwer op Englesch wéi Lëtzebuergeg). An all deene aaneren Punkten muss ech der awer Recht gin.
sulfura:
Ech perséinlech benotzen nemmen Englesch, wann et geht. Mee wann ech muss wielen teschent engem franséischen Windows an engem letzebuergeschen, firwat dann net deen letzebuergeschen? En plus giff jidereen sech mat der Sprooch familiariséieren!
An franséisch sinn mer jo zu deem Zäitpunkt schon supposéiert ze können …
hmjo, dann ging ech och léiwer lëtzebuergeg huelen (schon alleng well et su cool wirkt: een lëtzebuerger Windows *geek raushänke léisst* :P).
Op den eischte Bleck huet daat mam Windows just bessi zefill extrem gewierkt
sulfura:
ech giff et och nemmen konsequent fannen. entweder well een seng Sprooch opwärten oder net. an firwat sollen d’Schoulcomputeren net op letzebuergesch sinn? Mir hunn jo separat Couren fir franséisch, däitsch oder englesch. Sou gewinnt opmanst jidereen sech och un d’letzebuergescht. Op en well oder net!
Firwaat daat alles ass/waar: Well Letz. laang Zait keng offiziell Sprooch an Daitsch verpönt waar. Daat enzegt “richtegt” wier: alles draisprocheg. Daat klengt vlaischt topeg, mee ech denken, dovunn hätt jiddereen eppes (an et wier denen drai Sproochen vis-a-vis “fair”) Drai-Sproochen-Vokabeln-Leiren am Alldaag, quasi.
Zum Thema Baueresprooch: Letztebuergesch ASS eng Baueresprooch. Waat awer just heescht, daat mir immens vill Vokabluar op dem Niveau Landwirtschaft/Handwierk hun, net méi, an net manner. An och den sollt erhaalen gin.
Ech muss awer och soen, daat ech ereischt duerch A&S en richtegt “Gefill” zu eiser Sprooch entweckelt hun an do emmer méi oft mierken, wou d’Stärkten an déi flott Ausdreck, mee och, wou d’Defiziter sin.
Zum Thema Windows op letz: Ech fannen et elo schon problematesch, engem zB. iwer Telefon ze erklären, wou en waat fennt, wann den eng aaner Sproocheversioun wéi ech huet. Wann lo nach eng dobai kéim: -_-
Fireball:
Wat ass A&S?
Zu Windows: Wann ech en engleschen Windows hunn an een mech mat engem franséischen oder däitschen Windows freet, wou en wat fënnt, dann muss ech och emmer rooden …
De Moien ass mer nees opgefall: firwat kann eis Stroossensignalisatioun net op letzebuergesch sinn? Firwat net ‘Während de Schaffdeeg vun 8-18 Auer ass hei verbueden ze parken’ amplaz nees die franséisch Variant?
Majo, op der Schaff hunn ech och de Windows op lëtzebuergesch ^^ wann dann een aneren aus dem Haus urifft a problemer huet, dann muss ech och ëmmer roden, mee dat ass eng Saach vun der Gewunnescht. Den Lëtzebuergeschen Ausdrock geet dem Däitsche net wäit aus de féiss…
‘t ass einfach grausam wéi zum Beispill den RTL eis sprooch vergewaltegt! Do ginn et “Chercheur’en” am plaz Fuerscher etc.
Wann tatsächlech mol Lëtzebuergesch Hiweisschëlder opgehaangen ginn, wäert bestëmmt “tiréieren” am plaz “Zéien” dostoën -.-
Wa mer eis Sprooch ahaale wëllen, MUSSE mer ELO eppes maachen… all Mount dee vergeet, gëtt ee vu méi Leid als Rassist ugesinn, wann een op Lëtzebuergesch eppes an engem Butték nofreet -.-
jim:
Ech halen dem RTL ze gudd, dass en opmanst op letzebuergesch ass, wann och net emmer en richtegt, oder schéint. Allerdengs missten sie mol eng Kéier en letzebuergesch Spellchecker iwwert hieren Videotext an hieren Site lafen loossen …
An ech ginn der Recht, dass et schlemm ass, dass een direkt als Rassist oder Nationalist ugesinn gët, wann een eppes wëll op letzebuergesch bestellen. Mir sinn mol net zu Metz hei! Mee et ass natiirlech emmer eng pénibel Situatioun fir die zwee. Duerfir giff et hëllefen, wann die Vendeusen en Minimum Letzebuergesch giffen verstoen. Sou onméiglech ass dat och rem net.
A&S heescht net ofgekierzt ‘Fear & Loathing’ - op LËTZEBUERGESCH!
A&S: de Kierzel fir main Podcast: http://www.joeladami.net/angscht-a-schrecken-zu-letzebuerg/
Liest deen heiten “letzebuerger” Blog an kraischt en bessi: http://jaccuse.wordpress.com/2007/12/10/luxemburgensia-1-corruption/#comment-5081
Jerry: Dat ass jo en ganz dichtegen …