Roud Lëscht.

Ech fannen die Initiativ ‘Refresh Democracy‘ net onageschränkt gudd:

Weider solle Net-Lëtzebuerger d’Recht kréie fir och Buergermeeschter oder Scheffen ze ginn… an net wéi bis elo jhust Conseiller.

Musse mer dann demnächst och nach mam Buergermeeschter franséisch schwätzen? Mee bon, à la longue sinn mer jo souwiesou an der Minoritéit an eis Sprooch wärt ausstierwen … Trotzdem fannen ech solle mer dat net selwer précipitéieren! D’ASTI (déi jo nees mat oder hannert der Initiativ ass) soll mol kucken, dass all hier Memberen mol an Letzebuergesch-Couren ginn! Mee dat ass wuel nees zevill verlaangt … sou eppes kann een deenen aarmen Auslänner jo net zoumudden …

Hei kann een hinnen och en Commentaire ofginn.

18 Responses to “Roud Lëscht.”

  1. woumadder ech dir als Auslänner Recht gin. Et ass flott hei an ech sin och hei gebuer an beherschen lëtzebuergeg Sprooch. Leider mengt na laang net all Auslänner dass daat een minimum un Respekt ass fir sech d’Méi ze maan fir sech z’integréieren. Schade, schade…

  2. Just fir eppes kloerzestellen: buergermeeschter gett jo nemmen deen dee vum gemengeroot gewielt. Wann en Auslaenner Buergermeeschter geng gin as et jo och sou dass en sou gewielt gin as dass en e Recht drop huet. As dat net legitimiteit genuch? Dat huet eigentlech naischt mat sproch ze din, och wann ze bezweifelen as dass en dee kee letzebuergesch kann geng gewielt gin…

  3. Merci. An ech sinn frou, dass och ‘die aner Säit’ (an dengem Fall) die eigentlech Problematik versteet. Et geht jo just drem fir gudd zesummen ze liewen :)

  4. merci sin alle auslaenner en idiot grommel?
    ech sin sait 5joer zu letzebuerg an schwetzen sait 3joer flissend luxembergesch - ech fannen et schued dass du di auslaenner su demonisierst.
    ech probeieren mech och gudd ze informeieren an daatt wat ech geliers hun vun desse Asti Aktioun fannen ech gudd - mengen du vermeschs pur saachen….
    schued vun dir - hat besser erfahrung matt letzebuerger
    scheine greiss
    Michaijl, 24joer gebur a Russland

  5. rex:

    De Problem ass, dass wann all francophonen Auslänner op eemol wielen an sech opsetzen kann, dann kann dat ganzt Gefüge wanken an zumools, wann lo irgendwann wirklech iwwer 50% Auslänner hei am Land wunnen. Dann ass de Letzebuerger eng Minoritéit an sengem eegenen Land. Een deen hei wielen wëll, soll opmanst souvill Motivatioun hunn fir die Sprooch vun dem Land ze können an deem en wielen geht …

  6. Michailj:

    Wou hunn ech gesot, dass all Auslänner domm ass?

    Et ass par conter eng Tatsaach, dass die meescht net sou wéis du (Respekt) motivéiert sinn fir Letzebuergesch ze léieren an ze intégréieren. Villäicht ass dat och eng Mentalitéitssaach vun wou d’Auslänner kommen …

    Ech fannen et alt gudd, dass du mir kloer an menger Sprooch soen kanns, wous du fenns dass ech Onrecht hunn! :) Allerdengs besteht teschent eis mengen ech just e klengen Malentendu fir de Moment.

  7. As en Buergermeeschter deen nemmen mei nach vun 30% vun der Bevölkerung gewielt gett dann nach en demokratesch gewieltene Buergermeeschter? Hun dei Leit dei an der Gemeng wunnen an en anere Pass hun da kee Recht matzebestemmen wat an hierer Gemeng leeft? Wann e kuckt wat e Gemengeroot fir dezisiounen hellt? Bei de Chamberwaalen as dat natirlech en aneren Débat.
    Ech gesin dass du eigentlech faerts wann dat eng Keier sollt antrieden net mei richteg gelauschtert ze gin? Ieren ech mech?
    Perseinlech hun ech leiwer eng Gesellschaft wou mir matenaner liewen an net lanschtenaner an een dem anere net vertrauen. Ob dat lo Letzebuerger oder Auslaenner sin…

  8. rex:

    Fir zesummenliewen ass d’Sprooch och net onwichteg. An firwat muss emmer nemmen de Letzebuerger en effort man? An wéi den Michailj hei an der Diskussioun bewiesen huet, wann een well an motivéiert ass, dann geht et och! Ok, wahrscheinlech konnt hien Däitsch, dat mëcht dat Ganzt méi einfach … mee en wärt och generell méi motivéiert sinn, wéi een deen just la langue de Moilère parléiert. Mee och z.b. Portugiesen, déi schon laang hei wunnen hunn keng Ausried net Letzebuergesch ze können. An ech kennen der och eng Retsch, déi perfekt Letzebuergesch schwätzen. Et geht also wann een wëll.

    Mee et muss een dach net einfach nokucken, wann een, souzesoen, iwwerrant gët. Länner wéi Frankreich, Däitschland and England hunn de Virdeel, dass Läit déi bei sie kommen einfach hier Sproochen könnn MUSSEN oder se halt eben léieren mussen. Mir man hei ALLES fir dass dat bei eis net de Fall ass … An ech verlaangen jo och net, dass lo all Auslänner muss perfekt Letzebuergesch können, mee em Gottes Welle, benotzt méi Letzebuergesch am Alldag, an der Signalisatioun, etc an schon léieren se niewenlaanscht eppes bäi … an ech hunn nees d’Gefill zu Letzebuerg ze liewen an net am Frankreich.

  9. @rex: Däin Argument mécht kee Sënn, vu dass Auslänner de Gemengerot jo wielen dierfen, an de Grommel sech jo net dogéint ausschwätzt.

    @Grommel: déng Angscht virum frankophone Buergermeeschter an allen Éiren, mee souwäit kënnt et net. En Auslänner (oder och e Lëtzebuerger), deen an de Gemengerot well, mee kee Lëtzebuergesch kann, gëtt net vun de Lëtzebuerger gewielt. Sou einfach ass et. Do si mer dach toxkäppeg genug.

    A wéi geséich et da lo aus, wa mer en däitschsproochege Buergermeeschter hätten? Wier dat manner schlëmm, wéi e frankophonen? Ech sinn och der Meenung, dass de sollts d’lëtzebuerger Nationalitéit hunn fir Buergermeeschter ze sinn, mee däi Kommentar kéint an dem Sënn méi gemiessegt a méi reflektéiert sinn. Ech fannen eist Land leeft ganz gutt dräisproocheg an ech hu keng Schwieregkeete mech ze verstännegen, an ech weess, dass ech mat dëser Ausso an der Minoritéit sinn. Ech hu Respekt virun all Mënsch deen an engem anere Land probéiert e Liewen opzebauen, an ech denken, dass et a Lëtzebuerg méiglech ass sech séier z’integréiren, och wann ee just lues d’Sprooch léiert.

  10. Chris:

    1. Jo, nach hätt deen keng Chance, well mir jo nach an der Majoritéit sinn. Mee et ass nemmen nach eng Fro vun der Zäit bis mir an der Minoritéit sinn. An dann kanns de deng Suergen dengem Buergermeeschter op franséisch erzielen goen.

    2. Däitsch wier genausou schlecht (opwuel mir perséinlech dat bessen besser läit, vum Lauschteren, net vum Schwätzen, haha)

    3. 3-Sproochegkeet ass schéin an gudd, mee dat sin MIR. Net d’Auslänner, resp. Letzebuergesch ass seelen eng vun hieren puer Sproochen! Soen mer du bass an engem Club: 10 Letzebuerger, een Fransous. Dann mussen schon rem d’Letzebuerger, aus Héiflechkeet an Matleed, op franséisch switchen! Wéinst ENGEM! Dat selwecht gëlt fir Réuniounen. Suguer beim Staat. 15 Letzebuerguer, 1 Fransous = Réunioun op franséisch.

    Et ass net ultradramatesch, mee et katzt mech awer irgendwéi un.

  11. Am Land integréieren ass wierklech net schweier, et gin nämlech genuch Gruppen di exklusiv portugiesesch, italienesch, yuguslaveg asw schwetzen. An ausserhalb vun där Gruppe wëllen di Leid ganz seelen iwerhaapt een kennenléieren.

    Waat entsteet ass wéi an den Pausen am Lycée. Eng Klass, gedeelt an Gruppen. Multikulti jo, awer net zesummenschaffen. An an enger Demokratie wou een Buergermeeschter prioritär seng Nationalitéit bekuckt? Hmm…

    Natierlech sin ech mer bewosst dass sech e puer Leid an een dëppen gepucht fillen, mee di Leid di dësst liesen kënnen berouegt sin, schliesslech verstin se jo wat ech schreiwen also kënnen se nët an di Kategorie faaalen ;)

    Ech fannen et just net fair dass Auslänner alles gemaa kreien an dann naischt erem gin. Sprooch leieren an sech an Lëtzebuerg integréieren (net an hier Sproochegrupp innerhalb vum Land), daat ass et waat verlaangt gët, nët méi.

  12. rex:

    An nach eppes: Vun mir aus dierf all Auslänner letzebuerger Politiker wielen! Op en se versteht oder net, ass jo dann säin Problem … Wann en wielen well, an verstoen well, wat en wielt, brauch en jo just Letzebuergesch ze léieren!!!

    Mee nee, wéi geht et? En geht op eng Biergerversammlung, Majoritéit Letzebuerger, dann stellt hien eng Fro, op FRANSEISCH, an schon muss rem jidereen sech adaptéieren.

    Stell der dat mol an Amerika mat Mexikaner, an Frankreich mat Araber, an Däitschland mat Tierken fir … Ok, bei eis ass et natiirlech bessen anescht, well mir supposéiert sinn Franséisch an Däitsch ze können. Mee trotzdem sinn et Friemsproochen (fir deen een méi, deen aneren manner), mee et sinn NET eis Mammesproochen. Déi mer benotzen kéinten, wann all die présent se giffen verstoen …

  13. sulfura:

    Genau, ech ginn der vollkommen Recht. Du hues et gudd résuméiert.

    Multikult kann nemmen funktionnéieren, wann opmanst eng gemeinsam Schnettstell do ass. Wann awer jidereen just seng Differenzen en Szene setzt, kann et näischt ginn. Wann Portugiesen léiwer portugiesesch schwätzen wéi letzebuergesch, an d’Letzebuerger awer net gären franséisch, dann gët et schwiereg … Dann kemmert sech jidereen just em säin Clan.

  14. Ech erliewen oft daat léi: Immigranten = grous Motivatioun, letz. ze léiren an ze schwätzen, besonnesch ab der 2. Generatioun.
    Bei Frontaliern ass déi net do, mee do froen ech mer och, waat mer verlaangen. Déi Leit kommen net onbedengt aus Spaß heihinner oder well et héi esou flott ass. An Wann en no 8+ Stonnen schaffen nachemol 2 Stonnen muss heemfueren, verstinn ech et eigentlech, wann een keen Letz. am Owescours well léiren.
    Jo, et gin déi souansouvill Stonnen während der Arbeschtszait, mee daat ass wahrscheinlech op denen meeschten Plaatzen och net graad onproblematesch!

    Trotzdem: Wann d’demokratescht Gefüge esou ass, daat mer franseischsprocheg Buergermeeschtern hun, dann ass daat eben esou. Do kann en dann Grommelen esou vill en well - ech sin zB. och net graad frou mat dem (perfekt letztebuergesch schwätzenden) Premier den mir am Moment hun, mee daat nennt sech Demokratie. Et gin jo schliesslech Alternativen ;-) Mee an enger Gesellschaft, déi no den Prinzipien vun der repräsentativer(!) Demokratie liewt, kann et net sin, daat mer Leit WEINST hierer Sproch ausschleissen.

    Schlussendlech nach en schlauen Saatz: Integratioun muss vun beiden Saiten gewollt sin. An dozou geheiert och Kompromessberetschaft (op beide Saiten!)

  15. Merci Fireball, mat dem sin ech op alle Fall ganz averstaanen ;-)

  16. Hei gouf jo net vun Frontaliers geschwaat mee vun leid di hei wunnen ;) Just sou zur Info :)

  17. Fireball:

    D’Frontaliers sinn net den Haaptproblem, och wann ech der Meenung sinn, dass déi et och giffen verkraften, fir e puer Wieder Letzebuergesch ze léiren wéi ‘Drécken’, ‘Zéien’, ‘Mir hunn op vun … bis …’, etc. Ecch verlaangen jo net, dass e Fransous, deen op enger franséischer Bank schafft, hei just seng Suen verdëngen kënnt an owes nees heem a säin Frankräich fiirt, komplett Letzebuergesch léiert! Mee ech wëll awer als Letzebuerger zu Letzebuerg méi Letzebuergesch am Alldag gesinn, zumols z.b. an der Signalisatioun op der Strooss, beim Staat, bei de Gemengen! Wat schwätzt géint esou eppes? Et promouvéiert d’Letzebuergesch an diskriminéiert keen, deen wirklech an dësem Land liewen wëll an sech intégréieren wëll. An dat heescht lo och net fir ALLES an egal wat op Letzebuergesch ze iwwersetzen. Just do wou et Sënn mëcht, einfach emzesetzen ass an keen Overkill ass.

    An wat dat ‘demokratesch Gefüge ugeht’, sou sinn ech der Meenung, dass een d’Letzebuergescht als Deel vun eiser Identitéit net einfach iwwergoen oder ignoréieren därf. Wann engem Fransous oder Belge d’Letzebuergescht net gefällt, dann kann hien jo nees an seng Heemecht wunnen goen?

    sulfura: verschidden Läit schengen net alles ze liesen …

  18. strawdog: Jops, ech wollt eben déi Trennung maachen, well op manst ech bei den Auslänner déi héi wunnen emmer méi den Wellen gesin, fir Letz. ze léiren - an déi awer oft mat den Frontalieren an een Deppen geheit ged.
    Waat “Letztebuergesch am Alldag” ungeht, hun ech main Standpunkt jo schon an den Commtairen zu dengem zweeten Artikel duergeluecht: draisprocheg, dann kann jiddereen Vokabeln léiren!

    Sin déi 38% Auslänner, déi héi wunnen, dann keen Deel vun eiser Identitéit? Wéi scho gesoot, du kanns awer kengem daat passivt Wahlrecht oferkennen, well en net déi Sproochen schwätzt, déi dir passen - och wann ech engem nemmen-frz.sproochegen Kanidat souwiesou net vill Chancen an de Wahlen prophezeien. Ech hun naischt géint “méi Letztebuergesch am Alldaag” (bei eis sin d’Consignen op den Gedrenksautomaten zB. zweesprocheg, letz. an frz.), mee et därf en awer kengem seng demokratesch Rechter ewechhuelen.

Leave a Reply