Giftmas.
Posted on December 16, 2007 by strawdog
Sou, no bessen méi wie 48h Abstinenz sinn ech nees online. Woer mol rem a mengem Klouschter, all puer Méint deet dat wirklech gudd. An domadder och wäit fort vun deem Giftmas-Rummel iwwerall, deen mer wirklech op d’Schlappen geht. Hunn och un engem Post gebastelt, muss awer nach bessen un em remfeilen. Natiirlech eppes ganz Liichtes vum Thema hier ………
Filed under: Perséinleches
Haal mer nemmen op, ech kann keen Kreschtbeemchen mei gesinn
Du wars an engem Klouschter? Fir et mam Maach4un sénge Wierder auszedrécken: Hypokrisie pur!
Sorry, mee ech hu besser schlofen ze goen… ech pöbelen sënnlos rem…
Chris, Chris, Chris:
Ech mengen du haas dësen Post verpasst?
An wou ass d’Hypokrisie? Ech appréciéieren Deeler vum Chreschtentum genau wéi ech Deeler vun deenen aneren Religiounen (an vum Atheismus) appréciéieren. Ech respektéieren die Mönchen an deem Klouschter och, allerdengs giff ech mech net op eng theologesch Diskussioun mat hinnen a lossen, well ech keen Sträit well.
Kanns de et lo bessen besser verstoen?
Et war e Witz, just blöd Provokatioun. Dofir hunn ech jo och witzeg Wierder wéi “Maach4un” a “pöbelen” agebaut. Ech hat dee Bäitrag och gelies.
Kuck op d’Auerzäit, da weess de, dass ech do net méi ganz bei der Saach gewiescht si kann. A sou géif ech mech dir géigeniwwer jo o nie ausdrécken.
chris: ah, ok! ech hat d’Auerzäit en effet net gesinn, hehe.