E puer metaphysesch Gedanken.

tree.jpg

Verschidden Läit, oder och vill Läit, behaapten, dass eng Ofdréiwung emmer Mord ass. Mee mussen een dann net och, e bessen iwwerspëtzt formuléiert, der Logik no Abstinenz an Verhütung als Mord un zukünftegen Mënschen gesinn?

Generell sinn d’Läit jo fir den Erhalt vun mënschlechem Liewen, an gëint d’Beennegung vun mënschlechem Liewen duerch Force. En Deel vun hinnen wëllen dat och op dat nach ongebuerent Liewen ausdehnen. Wann also eng Ofdréiwung an engem spéiden Stadium dat selwecht wéi Kandsmord ass, gëlt dat dann och fir eng Ofdréiwung e bessen méi fréi, an nach bessen méi fréi, an kuerz do virdrun, asw ? Sou dass een schlussendlech bis zeréck op den Moment vun der Befruchtung selwer kënt.

Wann awer en mënschlecht Liewen schon mat der Befruchtung usech ufänkt, heescht dat dann net och, dass een all Kéiers potentiellen Mënschen d’Méiglechkeet hëlt fir op d’Welt ze kommen, wann een soit protégéierten Sex oder suguer guer keen Sex huet? An dat ass lo keen pro-Vatikan Argument, well Abstinenz wier an deem Sënn jo genausou ’schlemm’ wéi Sex mat Verhütungsmëttel.

Natiirlech kënnen nie all potentiell méiglech Mënschen op d’Welt kommen an dat ass jo och gudd sou. Mee den Raisonnement hei bewéist, dass d’Argument vum schützenswärten, ongebuerenen Liewen relativ ass an usech just d’Elteren betrefft.

Ween net op d’Welt kënt (an dann och opmanst die eischt puer Joer iwwerliewt) kann sech senger sëlwer jo och net bewosst sin an well en dann och net weess, wat en verpasst huet oder verpassen giff, kann een et also demno och net vermëssen. Ok, do woer en zukünftegen Mënsch amgaang ze entstoen an den kruut keng Chance fir ze existéieren, mee ass dat net och de Fall, wann een verhënnert, dass et iwwerhaapt zu engem zukünftegen Mënsch kann kommen?

Wat wier den Ennerscheed? Dass die puer Zellen schon eng ‘Séil’ hunn an Spermien an Eezellen, wann se nach separat sin, net? Well Bewosstsinn huet en Embryo jo definitiv nach net, oder kann een vun iech sech un eppes erenneren, wat virun der Gebuert passéiert ass? Suguer vun deenen eischten Méint voir Joeren weess een näischt.

Mee, wat ass eng Séil? An winni kritt een déi? Ass d’Séil eppes, wat Gott aus sengem Schaf hëllt an e puer Zellen ‘opdréckt’? Winni? Bei der Befruchtung, kuerz no der Gebuert, irgendwann doteschent? Hunn Fehlgebuerten eng Séil? Falls jo, ass et dann net genausou dramatesch (fir pro-Life Aktivisten) oder ongerecht, dass déi keng Chance op e Liewen kruuten?

Wann lo d’Séil net dat selwecht ass, wéi just den Charakter vun engem Mënsch, wat ass et dann? Wéi erkennt een d’Séil, wat dréckt se aus? Wat hätt en Mënsch net, wann en keng Séil hätt? Wat giff fehlen? Huet een Mënsch, deen e schwéieren Gehiirschued huet an sech werder bewegen nach expriméieren kann, nach eng Séil? Oder wier seng Séil an deem Fall an engem futissen Kierper gefaangen?

Wann awer d’Séil onofhängeg vum Zoustand vun deem jeweilegen Mënsch resp. seng Kierper, existéiert an näischt mat dem Charakter oder Verhalen vun deem Mënsch ze dinn huet, wat ass et dann? Ass mat Séil ‘just’ den ‘Liewensfunken’ gemengt, deen mëcht, dass mer lieweg sinn an deen verschwënnt, wann mer stierwen? Ass et die Energie, déi eis Kierperen animéiert? Mee wann et ‘just’ dat ass, wéi kann een dann sécher sinn, dass z.b. Déieren keng Séil hunn?

Wann eng Séil dann giff onofhängeg vum Gehiir, resp. deem sengem Zoustand existéieren, wier sie dann awer opmanst kapabel fir Erennerungen ze späicheren? Fir ’spéider’? Falls dat iwwerhaapt méiglech, an néideg, wier. Wat ass also den Zweck vun enger ‘Séil’?

Oder ass d’Séil awer just en romantescht Konstrukt dat d’Gehiir erfonnt huet? Resp. en religéist Konzept fir dat et net wirklech Argumenter ginn? D’Alternativ ass natiirlech, dass alles wat en Mënsch ausmëcht en Resultat vun Chemikalien an sengem Gehiir ass an dass dat verluer geht, wann dem Gehiir de Jus ausgeht.

Richteg wëssen wärten mer dat wuel an eiser jetzeger Form secher nie. Mee onbestreitbar ass, dass et ‘eppes’ gët, wat dem Kierper (egal op vum Mënsch oder Déier) lieweg mëcht, wat en animéiert an um Liewen erhält. An dass dëst ‘eppes’ verschwënnt, wann een stierwt. Eng Läich ass ‘just’ e Koup Schanken a Fleesch.

Et gët allerdengs keen Grond fir dowéinst ze verzweifelen. Mir kënnen emmer nach Deel vun eppes méi Groussem sinn, wat all eis Virstellungskraaft iwwersteigt an wat mer dowéinst och einfach net verstoen können, bis mer selwer doud sinn.

Dat soll eis awer net drun hënneren fir gängeg Argumenter an Meenungen weiderhin ze hannerfroen an och kontrovers Saachen ze soen, wann se opmanst eng gewëss Logik opweisen.

(Iwwert d’Konzept vun der Séil kéint een natiirlech nach vill méi schräiwen an débatéieren)

12 Responses to “E puer metaphysesch Gedanken.”

  1. Wow, dat doten muss ech mer nach emol eng Kéier à tête reposée eranzéien, dat ass fréistens de Weekend. Trotzdeem séier dat heiten:

    > Well Bewosstsinn huet en Embryo jo definitiv nach net, oder kann een vun iech sech un eppes erenneren, wat virun der Gebuert passéiert ass? Suguer vun deenen eischten Méint voir Joeren weess een näischt.

    En Embryo vläicht nach net, mä e Foetus awer schonn. De Fait dass mir eis net dorun erënneren bedeit net automatesch, dass do näischt war. Ausserdeem ginn et Leit déi sech dorun erënnere kënnen, wann och net bewosst, sou awer z.B. ënner Hypnose. Vun dohier fannen ech et scho sënnvoll Ofdreiwungen net mat iwwerspëtzte Vergläicher ze rechtfertegen (ech fannen net, dass däi Post dat mécht, mä et kéint awer sou interpretéiert ginn).

  2. blogeescht: loss der roueg Zäit, mee deng Meenung zum gesamten Post giff mech awer interesséieren. An et geht hei net primär em Ofdréiwung. Deen Raisonnement huet mech jhust dunn op deen Aspekt mam Bewosstsinn an der ‘Séil’ bruecht.

    - Wat ass d’Evidence, dass e Foetus e Bewosstsinn huet? Wéi dréckt dat sech aus?
    - Winni ass en Foetus e Foetus an net méi en Embryo?
    - Wat léisst Bewosstsinn winni entstoen? Ass dat dat selwecht wéi d”Séil’?
    - Huet en mënschlechen Foetus méi Bewosstsinn wéi en ‘animaleschen’ Foetus?
    - Wou kann een eppes iwwert déi Hypnose-Fäll liesen an wat beweisen déi wirklech?

    Froen iwwer Froen, wéi bei sou engem Thema net anescht ze erwaarden natiirlech ;)

    Wéi gesoot, looss der den ganzen Post, an die verschidden Aspekter, duerch de Kapp goen an äntwer einfach, wanns de Zäit a Loscht hues.

  3. Hmm… Ech fannen oofdreiwung net graad di beste Léisung, mee wann d’Kand derno sws mësshandelt gët, wees ech net waat mei “schéin” ass… Ech schwetzen hei vun den Fäll wou Oofdréiwung nemmi méigleg ass an d’Mamm einfa d’Kand stierwe léisst.

    Waat d’Aspekt vund er Séil betrëfft, su ass d’Gaia Theorie relativ interessant, och wann et net ze beweisen ass. Me do erem, wou gin mer beweiser an Saachen Séil sichen? Ech denken daat ass eppes wou een sech selwer muss dervun iwerzeegen. Een deen et net këmmert, wärt sech nämlech eh net den Kapp driwer zerbriechen.

    Ech fir main Deel gleewen un d’Seil als eng spirituell Energie, an den Kierper eng materiel (selbsterhaalend durch biologësch Mechanismen) Schuel di vun der Séil virungedriwen gët. Aanescht kann ech mer z.b. net erklären dass een Mensch ouni Liewenswëllen manner Chancen huet eppes z’iwerliewen wéi een mat starkem Wëllen.

    Ausserdem kann ech mer o net erklären, wisou eng Hand-beréierung (Hand op Schëller oder aaner symbolesch Bewegunge) zuweilen su eng stark Wirkung kann hun wéi dass et een direkten Energieaustausch tëscht 2 Seilen iwert hier respektiv materiel Schuelen (Kierper) ass. An et kann lo keen den Géigendeel behaapten well waat ass daat eischt waat een verzweifelten Mensch wëll? An den Aarm geholl ze gin.

    Kann och sin dass ech bessi zevill spirituell an daat Thema eraninterpretéieren, mee et ass daat waat ech denken. ;)

  4. Reng wessenschaftlech: En Fötus ass en ab der 9ter Schwangerschaftswoch, soubaal déi enner Organer ausgebildt sin. (Ech huelen un, daat dat heescht, dass en och “do baussen” bedengt (iwer)liewensfäheg ass.
    Iwer Ofdreiwung leisst sech vill diskutéiren, d’Thematik vum “hypothetesch Kanner déi duerch geschützten Geschlechtsverkéier net op d’Welt kommen” ass jo oft behandelt gin, et sief nemmen un déi wonnerbar Interpretatioun vun Monty Phyton mat hirem “every sperm is sacred” erennert. Allerdengs ass Ofdreiwung een immens Eescht an Schweiert Thema. De Problem ass awer, daat en, esouwait ech mech erenneren kann, der Defintioun no ereicht dann “liewt”, wann en aus dem Bauch eraus ass. Daat kann natirlech enner Emmstänn vill méi freih wéi mat 9 Méint sin.

    Et därf en daat net lichtfärteg an allgemeng bewerten - mee menger Meenung no muss déi Optioun opstoen. “Pro Life” därf net “Anti Women” heeschen.

    Waat de Konzept vun der Séil ungeht: Gudd Fro. Irgendwou “hoffen” ech, daat et an dem groussen Biosystem fir eisen Gedanken/Gefillspart nach eng Plaatz ged, wann eise Kierper ophällt ze existéiren. Ech geif et … komesch fannen, wann et einfach esou sollt eriwer sin. Mee wéi soot schon de groussen Philosoph Dumbledore: For a well prepared mind, death’s but the next adventure.

  5. Also, d’Thema Ofdréiwung ass am Fong zweetrangeg. Et woer just als Illustratioun geduecht.

    Jo, sou die Energien tëschent Menschen sinn schon interessant. Obwuel et nach alles just eng chemesch Reaktioun kéint sinn …

  6. Fireball:

    Jo, ech gesinn och den Doud als dat läscht grousst Rätsel ‘hei ennen’ un, duerfir gesinn ech et och net nemmen als eppes Negatives. Och wann ech natiirlech nach gudd Zäit hunn fir dat Rätsel ze lüften! ;)

    D’Fro mam Embryo/Fötus ass jo awer: Winni kënt Bewosstsein? Well och en Baby huet streng geholl och nach keen richtegt Bewosstsinn? An wat ass Bewosstsinn? Ass dat d’Séil? Oder ass béides just eng chemesch Reaktioun, déi ennert gewëssen Konditiounen entsteht?

    Mee bon, wahrscheinlech ass et müsseg iwwert déi Saachen ze spekuléieren, well se souwiesou net beäntwert können ginn. Trotzdem fannen ech et interessant :)

  7. En Kand einfach op d’Wle tze setzen ouni sech bewosst ze sin waat et ass nennen ech liichtferteg. An deenen Fäll wees ech net waat fir d’Kand besser ass. An obwuel ech wei gesoot géint Oofdreiwung am allgemengen sin kann ech munch Menschen verstoen di awer zu deem Mëttel gegraff hun (Erfahrung vun Leid di ech kennen). just fir kleor ze stellen dass ech et net op di liischt Schëller huelen :P

    Waat Bewosstsin ugeet, mengen ech net dass een ongebuert Kand daat huet, d’Seil allerdengs schon. Se muss sech halt eben just an deem Kierper entweckle, genausu wi d’Bewosstsin (Elo klengen ech baal wi een Paschtouer :P). Mee iwer spirituell Themen léisst sech allgemeng schlecht Diskutéieren well all Mensch eng aaner Usicht huet, vun dohir wëll ech mech o net zefill aus der Fenster lehnen ;)

  8. Ech wëll just soen, dass Klengkanner bis zu hierem sechste Mount sech un d’Liewen am Leiw erënneren. Se vergiessen et dann awer, well hiere Mémoiresspeicher fir déi vill Andréck, déi sech dem Kand bidden, “Plaz schafe” muss an souzesoen dat Onwichtegt bei Säit setzt.

    Wann dat net wierklech pertinent kléngt: ech sinn Konschtstudent an Sciences sinn net wierklech mäi Gebitt zemols net um halwer 2 an der Nuet… ;)

  9. sulfura:

    “d’Séil muss sech am Kierper entwëckelen” ass e bessen vague ;) Wat mengs de domadder? Ass d’Séil (denger Meenung no) onofhängeg vum Gehiir? An winni taucht déi op? Direkt bei der Befruchtung? Gët se un die Zellen drun ‘gepächt’?

    chris:

    wourunner können Puppelcher sech erenneren an wéi hunn se dat getest? An et klengt erstaunlech, dass Mémoire misst fräigebotzt ginn, bei deenen Massen, déi zu Verfügung stinn … mee ech sinn jo och keen Wëssenschaftler ;)

  10. Ech weess jo o net. Ech erziele just, wat ech bei Galileo (ménger primärer Wëssensquell niewt Wikipedia, a stolz drop) gesinn hunn. :)

  11. chris: bei Galileo wier ech nach méi virsiichteg, wéi bei Wikipedia ;)

  12. Grommel: Doriwer hun ech mer na keng Froen gestallt, allerdengs mengen ech dass d’Verschmelzung méi wéi simpel DNA verschmelzung ass. Beweisen kann ech allerdengs, wéi emmer nix vun dohir sin ech mat mengen äusserungen ganz fiirsichteg :P

Leave a Reply