Unser täglich Brot.

Hunn grad eng vun mengen neien DVDen gekuckt an zwar ‘Unser täglich Brot‘ (Website), eng Dokumentatioun iwwert eis Nahrungsmëttelindustrie. Sie ass neutral, prangert also weder eppes un nach verherrlecht se eppes. Sie gët nëmmen erem, wat grad passéiert, ët ginn keng Interviewen an et gët keen Soundtrack. Allerdengs vermësst een dat och net (obuwel ech gären mol privat mat Läit giff schwätzen wëllen, déi sou répétitiv an ‘mind-numbing’ Arbechten man mussen) an et gët deem ganzen en meditativen an reflektiven Charakter.  Et kënt een sech vir, wéi en stëllen Beobachter op all deenen Plaazen an kann sech dann henno sëlwer seng Meenung bilden.

Die Vue’en vun deenen giganteschen Felder, Zären, Minen oder Zuchtstatiounen sinn suwuel faszinant wéi verstéirend. Die rieseg, vollautomatiséiert Industrieanlagen, déi quasi ouni Mënschen funktionnéieren, wierken wéi aus engem Science-Fiction Film. An die Szenen, wou rieseg Massen vun Déieren vun Maschinnen kontrolléiert an gemanaged ginn, sinn och net ohne.

A recommander: 10/10

Leave a Reply