Den Internet ass einfach nemmen dat Bescht.

420_kagan_home_poster.jpg

Grandios. Einfach nemmen grandios, wat een haut fir Méiglechkeeten huet fir un qualitativ héichstwärtegt Léiermaterial ze kommen (lo muss een just nach Zäit hunn fir et duerch ze huelen)!

Wier ech je zu Yale gewiescht, ech hätt mëch direkt an dësem Cours ugemellt. Sujet: faszinant, Prof: schengt déck cool. Et ass einfach genial an fantastesch, dass sie sou Material dem groussen Publique fräi zur Verfügung stellen. Wëssen soll jo usech och fräi sinn.

Zwar huet een henno keen Zertifikat an der Hand, wann een all déi Lectures gekuckt an d’Texter aus dem Syllabus gelies huet, mee et ass een a. wahrscheinlech trotzdem e gudd Stéck méi gescheit an b. huet een jo och keng 40.000 Dollar pro Joer missten bezuelen, eeeeks …

Allerdengs froen ech mëch grad, woumadder Philosophen henno wirklech hiert Geld verdéngen ausser selwer Schoul ze halen an/oder Bicher ze schräiwen?

7 Responses to “Den Internet ass einfach nemmen dat Bescht.”

  1. 40.000 Dollar? Seriö? :o

  2. De Cours klengt awer wierklech intressant, hat dat lo vergiess ze soen :)

  3. Jop, hunn lo déi zwou eischt Lectures ran an sinn nach emmer begeeschtert :)

  4. Wanns de Zäit brauchs dofir, da gëtt et jo lo dat heiten.

  5. blogeescht: mee dat wärt just fir Saachen sinn, déi däin Beruf betreffen? dat wier bei mir nämlech net de Fall ;)

  6. also op wort.lu steht folgendes:

    Laut Delvaux-Stehres sei dabei unwichtig, ob es sich um eine berufliche oder eher private Fortbildung handelt - solange der Arbeitgeber die Maßnahme absegnet und diese auch von der Regierung akzeptiert wird. Eine Liste der anerkannten Fortbildungseinrichtungen wird in Kürze auf der Internetseite des Erziehungsministeriums veröffentlicht.

    mä du hues recht: schlussendlech wäert et just eppes sinn fir der uni.lu weider clienten ze bréngen, an net yale. ;)

  7. Mengen och, Philo wärt net sou uewen op der Lescht stoen ;)

Leave a Reply