Do ass d’Dier!
Am Kader vun där Attack op deen Pensionär zu München (Video hei, an der Mëtt vun der Säit) ginn ech deenen Recht, déi soen, dass esou Läit mussen FERME bestrooft ginn. Idealerweis missten een natiirlech kucken, firwat déi sou ginn sinn an bei den Ursaachen Verännerungen an d’Wéer leeden fir sou gestéiert Läit an der Zukunft ze verhënneren.
Mee bestrooft muss ginn, egal firwat sie sou Saachen man. An et kann net sinn, dass do aus verblendener politescher Korrektheet en Auslännerbonus herrscht! Wann een eng Strofdood begeht, dann gehéiert en adequat bestroft. Egal op Auslänner oder Einheimesch.
An dann soll keng Asti oder sou domm braddelen kommen. Ech froen mech, wéi die sou en Video giffen verteidegen …
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg, Politik
Eigentlech sollt sech déi Fro dach guer net stellen, oder? Genausouweineg wéi op d’Täter männlech/weiblech/irgendeppesdozweschent, homo- oder heterosexuell, Moslem/Chreschten/Yediritter sin oder ob se waiss oder schwarz Stremp unhunn. Glaichbehandlung virum Gesetz ass en vun de Grondprinzipien vun engem Rechtsstaat.
Allerdengs, an daat sees du jo och, sin esou Saachen sou krass an erfeirend, daat en och d’Ursaachen vun der Gewalt muss bekämpfen, amplaatz sech just mat de Symptomer ze beschäftegen.
Ech sinn komplett fir d’Gleichbehandlung. Allerdengs schengt et (hunn jo och keng ganz genau Zuelen), wéi wann oft giff gezéckt ginn Auslänner adéquat ze bestrofen, just well een mengt, dann als Rassist oder sou dozestoen … An dat ass net gudd. Och do soll mat aller Härt an sou Fäll tranchéiert ginn. Sou eppes därf keen Kavaléiersdelikt sinn.
An wann een sech hei wéi en Rendvéih opféiert, dann kann en jo och nees trëppelen. Hien ass hei Gaascht, an net emgedréint.
Ass daat net emgedréinten Rassismus, fir den Auslänner et mi einfach ze maan? Am Fall vun Justiz ging ech mengen jo an et ass net ze dulden. Et muss na vill an der gesellschaft gescheien, mer erem stolz kennen sin Menschen ze sin. Atm ass et einfa nemmen dekadent.
“An wann een sech hei wéi en Rendvéih opféiert, dann kann en jo och nees trëppelen.”
Mhmm, daat fannen ech méi schwéier an hängt vun de Grenn oof, wiesou en héi ass. Bei EU-Bierger ass et jo “egal”, déi gin ausgeliwert an färdeg. Leit déi “just” eng Arbeschts/Openthaltsgenehmegung hun, fir déi kann den Entzuch vun deser evtl. eng Mossnahm sin.
Mee bei Asylanten? Do heescht “treppelen” evtl. d’Doudesstroff, well se am eegenen Land politesch verfolgt gin… An dann froen ech mech, op Asylrecht net iwert der aanerer Saach steht, an den Asylant dann misst héi zu Letz. seng Strof ofsetzen.
Bah, daat ass kriddeleg, well engersaits d’Argument “als Asylant misst en sech awer behuelen kennen” stemmt, en aanersaits awer mat der Methode “Treppel!” Léit an den Doud an Folter scheckt, waat jo awer och net Senn an Zweck vun der Übung dierft sin.
(NB: Ech wees net mol, wéi et am Moment an esou Fäll ausgesait??? Ech heiren emmer nemmen vun westafrikaneschen Drogendealeren, déi mer elo mat Kameraen fänken mussen.)
fireball:
Main Punkt woer, dass Läit, déi schwéier Saachen kommen loossen (wéi zb en alen Mann sou brutal ze attackéieren), och mat schwéieren Strofen rechnen mussen. Einheimesch Idioten könne mer jo schwéier fortschécken, also mussen, déi hei bestroft ginn. EU-Bierger sollen an hier d’Land zeréckgeschëckt ginn an die aner usech och, wann och natiirlech an Fäll mat der Doudesstrof den Détail misst gekuckt ginn. Mee een deen politeschen Asyl ufreet, misst jo awer sech un gewëss Regelen halen können, an wärt wuel net bei deenen schlemmsten Chaoten ze fannen sinn. An wann, dann muss een him kloer man, wat um Spill steht an dass wann sou eppes nach eng Kéier virkënt, HIEN an net mir Schold un den Konsequenzen sinn.
Prinzipiell wëll ech jo näischt méi, dass Verbriechen adequat bestroft ginn, egal ween op Neonazi oder Auslänner. Mee d’Auslänner sollen einfach net vergiessen, dass een an engem Gaschtland sech och dementspriechend verhalen soll an wann een sech net un die lokal Spillregelen halen wëll, een jo net gezwongen as hei ze bléiwen …
Oh Gott wei krass.. Den Video ass wierklech haart. Matt sou Leit sollt een dach keng Nosiicht hun…
Wenn man die bestehenden Gesetze in Deutschland konsequent anwenden würde, wäre dies schon ein grosser Fortschritt.
Ansonsten würde ich sagen: Es sind Parallelkulturen und wenn sie sich derart kriminell benehmen, würde ich sagen: Strafe abbüssen und Ausweisung.
Es gibt mittlerweile so viele Deutsche, denen es derar schlecht geht und der Staat sollte erstmal nach dem Wohlergehen seiner eigenen Bürger schauen.
Paralellkulturen? Eigentlich ist es ja auch in der Türkei und in Griechenland nicht so üblich, Rentner brutal zusammenzuschlagen. Oder?
@ Fireball
“Parallelkulturen” = Kulturen die nicht miteinander, sondern nebeneinander und somit aneinander vorbeileben!
Ja. Trotzdem weigere ich mich zu glauben, dass es ja in der Türkei und in Griechenland üblich ist, Rentner brutal zusammenzuschlagen, was du (und du nicht alleine) suggerierst.
@Fireball
Es sind auch in Deutschland Ausnahmefälle und nicht die Regel. Es gibt Gewaltverbrechen nicht nur in Deutschland, sondern auch in Griechenland oder der Türkei oder anderswo.
Ich mache Gewalt nicht an einem speziellen Land oder an einem speziellen Fall fest.
Wéi ech schon gesot hunn, et ass mir egal op en Nazi, en Tiirk oder soss een sëch onméiglech verhällt. Läit, déi sech sou opféieren gehéieren ferme bestrooft an et därf weder en Auslänner- nach en Inlänner-Bonus ginn. Et därf net gefaart ginn, fir een adequat ze bestrofen just well hien en Auslänner ass an puer ultra-lenker op eemol mengen, dass e bessen Heemelen schon genuch Stroof wier …