Woohoo!

Dës Thematik ass jo wirklech in an der Läscht (1, 2). Wat mëch awer net stéiert, wëll ech sou What-If Szenarioen gären hunn an die Biller einfach grandios fannen. Irgendeppes ass faszinant mëch un deem Ganzen (ech mierken dat schon bei aktuellen Ruinen). Villäicht well d’Natur sech alles zereckhëllt, den Virus Mënsch net méi alles freckt mëcht, etc …

Dës Sendung muss ech mer definitiv irgendwéi vum Internet eroflueden!

5 Responses to “Woohoo!”

  1. Ganz Interessant Indeed. Muss een mol kucken wou een dat esou fënnt :P *hust* Torrent *hust*

  2. Do geet wuel eng Houschtwell em…

  3. Jojo, deen schlëmmen Houscht … Muss dat Wieder sinn ;)

  4. Pfff… et kann en roueg stolz drop sin, en Pirat ze sin. Mir sin déi gudd! ;-)

  5. Zumools bei Saachen, déi een net hei bei eis kritt hunn ech moralesch awer och guer keng Problemer domadder ;)

Leave a Reply