Bëlleg Excuse.

100_tom_cruise_scientology.jpgUm Internet zirkuléiert jo lo die läscht Deeg en Video vun Scientology, wou den Tom Cruise missionnéiert. Dat ass am Fong schon scary genuch, mee lo probéiert d’Scientology all Video-Site, déi deen Video huet, ze forcéieren en nees erofzehuelen mat der Begrënnung, dass dat géint Copyright-Gesetz giff verstoussen! (hei gët et an awer nach).

Mee dat ass natiirlech just eng bëlleg Excuse. An Wirklechkeet wëllen se nët, dass de Publique net gesäit wéi ët intern zougeht. An dat seet jo schon alles, well wann d’Scientology, déi super Religioun wier, déi all Mënschen hëllefen well an kann, wat hunn se dann ze verstoppen? Sie missten dach frou sinn, wann méi Läit Video’en vun hinnen gesinn.

Vue dass se dat net sinn, bestätegen just all Verdachtsmomenter géint se. Ech gratuléieren hei nach eng Kéier offiziell Däitschland, dass sie sou streng mat der kommerzieller Sekt emginn.

An ech verlängeren mäin Boykott vun Tom Cruise Filmer natiirlech. Ausser dësem Clip.

4 Responses to “Bëlleg Excuse.”

  1. Beim Knüwer hun ech gelies, en huet et zwar komescherweis rem gestrach, dass schon dat allseits bekannt Christiane F. eendeiteg Erfahrung mat der SCI gemach huet. Hien hat e Passage verlinkt aus sengem Tagebuch. SCI bedreiwt jo enner Aanerem déi Pseudo-Entzéiungs-Klinik/Firma “Narkonon” vun där den Här Cruise bericht. An déi Firma huet en BILD-Reporter den Cruise begleet an viru kuerzer Zait en bedenklechen Reportage veröffentlecht. Méi dozou gett et am BILDblog. D’Christiane F. liwwert a sengem Tagebuch interessant Material, sou bericht et z.b. iwwer Client’en déi kënnen e puer Deeg aus der “Klinik” verschwannen fir dann awer ouni weideres rem mat den “Sessions” weider maachen ze kënnen. Schon aus senge Berichter ass méi oder manner daitlech z’erkennen wéi den System, oder soe mer éischter den “Businessplan” vun Narkonon opgebaut ass. Hat haat zwar eenorm laang “Sessions” déi wuel virun Allem zum Zeitverdreiw gudd waren, konnt awer ni iwwert seng Probleemer mat engem schwetzen. Frëndschaften waren kloer verbueden.

    Den Cruise schwetzt jo z.b. vun engem Autos-Accident. Hie kéint do einfach net laanscht fueren, seet en. Ech denken éischter dass en d’Accident iwwerhat ausgeléist huet.

  2. D’SCI huet definitiv bedenklech, voire geféierlech, Strukturen an Praktiken. Duerfir dierf een sou Saachen wéi die hei net ganz op die liicht Schëller huelen.

  3. Ech gin der vollkommen Recht… Ech haalen hien trotzdem fir e gudde Schauspiller, Filmer wei Eyes Wide Shut, Magnolia and Vanilla Sky kann ech leider net boykottéiren

  4. ok, deemols woer main Boykott nach net sou streng ;) Mee an der Läscht mengen ech net, dass ech eppes verpasst hunn … An wann, dann kucken ech mer se sou un, dass hien net een Cent dorunner verdengt :)

Leave a Reply