and the zen master said: we’ll see …

picture-4.jpg

Ech woer geschter den Charlie Wilson’s War kucken an sinn begeeschtert. Et ass zwar éischter eng Zort Dokumentaire iwwert die amerikanesch Hëllef fir d’Mujaheddin am Kampf géint d’Russen wéi en klasseschen Thriller an duerfir ass den Rhytmus heiandso e bessen schleefend, mee trotzdem absolut kuckeswärt. Zumools och fir Läit, déi historesch intéresséiert sinn. Well Afghanistan ass jo net onbedéitend an der rezenter Weltgeschicht …

An den Philip Seymour Hoffman ass wie emmer nees Weltklass!!! Den Tom Hanks woer och gudd, d’Julia Roberts huet bessen genervt an ech kann seng Botox Collagen-Lëpsen net gesinn.

Verdikt: 8/10

5 Responses to “and the zen master said: we’ll see …”

  1. Schéin wier et wans de seng Lëpsen net kéins gesin ;-) Klengt awer intressant, ech hu mer ochschon iwerluecht en kucken ze gon

  2. Ech hunn de Film éier “blöd” fonnt. Schleefend ass de richtegen Ausdrock, well et dem Mike Nichols a méngen Aen (leider) net geléngt en anstännege Rhythmus opzebauen. Niewebäi feelt et em einfach un enger gewësser Struktur a Koherenz, déi een am Film erkenne sollt. Och de P.S. Hoffman rappt mech net vum Hocker, dat wat en ze man huet, mécht en anstänneg, mee awer ouni wierklech eppes spezielles ze bidden.

    Schauspilleresche Stand-out am Film: d’Amy Adams, wat all Szen an däer et ass dominéiert. Dovun ofgesinn sinn em puer Witzer gutt, mee méi net.

  3. chris: Do gesäit een, wéi d’Goûter auserneen goen können ;)

  4. Jo.

  5. Ok.

Leave a Reply