Können all déi, die den StumbleUpon installéiert hunn, wgl mengem aneren Blog (’Blogging the New Testament‘) en Thumbs (an hierer StumbleUpon Toolbar) ginn? Ech giff en gären do e bëssen méi bekannt man.
Merci villmols!
ps. Max, du brauchs natiirlech net nach eng Kéier. Merci och dir.
Filed under: Wired world

Nö.
Dass eppes vun den eischte Saache di ech gemaa hun
ech wees net wat StumbleUpon ass, mee ech droen mol eppes zur Verbreedung bäi
http://www.sokrates.lu/?q=node/681
Chris: Dat wonnert mech net
Sulfura: Merci
Manuel: Merci! An kuck der mol StumbleUpon un, et ass en super Tool. Wéi Tele just mat gudden Senderen.
Hun extra geklickt, erwaarden mech lo puer Jongfraen am Paradies? ;-P
Ey, dat war e Witz! Ech hunn op dee blöden Daum gedréckt.
Dass ech d’Säit trotzdem net immens fannen, huet domat näicht ze dinn. Et kann ee Leit, déi ee symathesch fënnt jo awer hëllefen.
symathesch = sympathesch
claude: Jop! Allerdengs sinn se männlech an bärteg
chris: Ah sou, hat de Witz net matkritt, sorry
Well ët woer mer nämlech opgefall, dass du soit éischter pro-Religioun bass oder dech guer net fir déi Thematik interesséiers. Duerfir hätt et kéinten sinn, dass de mech do giffs boykottéieren
Näischt fir ongudd awer!
Ech sinn net pro-Relioun. Ech sinn anti-anti-Relioun.
Ech sinn eben en oppenen an tolerante Mënsch.
@Grommel
Hilfeeee