Spueren aus der Vergaangenheet.

Ech brauch heiandsdo net vill fir eppes interessant oder faszinant ze fannen, oder anescht ausgedréckt, ët faszinéiert mëch fir dat Alldeeglecht ze hannerfroen … Sou wuel och am Fall vun eisem Kalenner an eisen Wochendeeg. Deren hier Bezeechnungen jo wäit an d’Vergaangenheet zeréckräichen, definitiv heednesch sinn an die trotz Christianiséirung iwwerliewt hunn. Dat ass lo [...]