Spueren aus der Vergaangenheet.

Ech brauch heiandsdo net vill fir eppes interessant oder faszinant ze fannen, oder anescht ausgedréckt, ët faszinéiert mëch fir dat Alldeeglecht ze hannerfroen … Sou wuel och am Fall vun eisem Kalenner an eisen Wochendeeg. Deren hier Bezeechnungen jo wäit an d’Vergaangenheet zeréckräichen, definitiv heednesch sinn an die trotz Christianiséirung iwwerliewt hunn. Dat ass lo keng total nei Erkenntnis, mee ech wollt dat mol eng Kéier résuméieren.
Wat den Kalenner ugeht (d’Detailer können jo emmer séier op Wikipedia nogekuckt ginn):
Januar (réimesche Gott Ianus)
Februar (réimescht ‘Reinigungsfest’ Februa, lat. februare=reinigen)
März (réimesche Gott Mars)
April (wahrscheinlech vun lat. aperire = öffnen > Fréijoer)
Mee (réimesche Gott Jupiter Maius oder griescheche Göttin Maia?)
Juni (réimesch Göttin Juno)
Juli (réimeschen Kaiser Julius Caesar)
August (réimeschen Kaiser Augustus)
September (woer den 7ten, lat. septem, Mound vum réimeschen Kalenner)
Oktober (woer den 8ten, lat. octo, Mound vum réimeschen Kalenner)
November (woer den 9ten, lat. novem, Mound vum réimeschen Kalenner)
Dezember (woer den 10ten, lat. decem, Mound vum réimeschen Kalenner)
Allerdengs haten d’Méint jo och laangzäit lokal Nimm (’Heemount’, etc). Weess een winni an ween die aktuell Nimm als Standard festgeluegt huet? Steht bestemmt och zwousch op Wikipedia, mee sinn lo faul fir ze sichen …
Wat d’Wochendeeg uginn:
- op däitsch
Montag (Tag des Mondes)
Dienstag (Tag des Tyr/Mars)
Mittwoch (Mitte der Woche)
Donnerstag (Tag des Donar/Thor)
Freitag (Tag der Freya/Frigg)
Samstag (soll vun Sabbath hierkommen)
Sonntag (Tag der Sonne)
- op englesch
Monday (day of the moon)
Tuesday (day of Tyr)
Wednesday (day of Wotan)
Thursday (day of Thor)
Friday (day of Freya)
Saturday (day of Saturn)
Sunday (day of the sun)
- op franséisch
Lundi (jour de la lune)
Mardi (jour de Mars)
Mercredi (jour de Mercure)
Jeudi (jour de Jupiter)
Vendredi (jour de Vénus)
Samedi (vun lat. dies sambati = jour du sabbath)
Dimanche (vun lat. dies domenicus = jour du seigneur)
Wat een mierkt ass, dass d’Englänner an die Däitsch sech (natiirlech) un germaneschen Götter orientéiert hunn an d’Fransousen un deenen réimeschen. D’Englänner hunn och iwwerhaapt keng chrëschtlech Uspillung, die däitsch eng (Samsdes) an d’Fransousen zwo (Samsdes an Sonndes).
ps. Dësen Post gouff also geschriwwen um Dag vum germaneschen Gott Thor, dem 24. Dag am Mount vum réimeschen Gott Ianus, am 2008. Gebuertsjoer vum chrëschtlechen Gott Jesus!
(photo)
Filed under: Artikel, Geschicht, Gesellschaft
Sinn besser iwwerrascht: Wousst dir dat alles schon sou genau oder intéresséiert dat keen?
Villäicht woer et och ze évident …
Also iergendwann hat ech mer och schonn déi Fro gestallt. D’Äntwerten iwwerrasche mech net, hat dat wahrscheinlech och schonn iergendwou opgeschnaapt. Bei Nimm wéi ‘Mars’ oder ‘Juni’ fannen ech d’Erklärung evident. Mir perséinlech gefalen di al lëtzebuergesch Nimm am beschten, well se effektiv vill méi no un eiser Zäit leien a mat eiser (Agri-)Kultur verwuerzelt sinn.
Lo kriss de jo déng Äntwerten. Gudden Trick.
Nee, ech ginn einfa zou, dass ech dat meescht wousst, an et mech lo net wierklech sou interesséiert huet. Bei mir ass an der läscht och wéineg kommentéiert ginn. Heinsdo leeft de Butték halt an heinsdo manner.
blogeescht: du weess net zoufälleg, winni die jetzteg Nimm Standard gouffen? Oder woren déi emmer schon Standard fir die offiziell Saachen, mee d’Läit hunn ennert sech emmer hier eegen Bezeechnungen benotzt (wat mir lo am probabelsten erschëngt)?
chris: jo
ass jo och ok, kann net alles jidereen intéresséieren an et muss een jo och net bei all Post eppes kommentéieren. man ech jo och net. woer just iwwerrascht, dass guer keen eppes dozou ze soen hat, hehe.
Déi lëtzeburgesch Nimm vun de Méint misste vum Bauerekalenner kommen, mee ween déi do wéini festgeluecht huet weess ech elo och net.
D’Nimm vun de 7 Wochendeeg si scho bei den ale Phënizer no den deemools bekante gréissten Himmelskierpere benannt gewiescht, déi hirersäits no den Haaptgëtter benannt goufen. Iwwregens sinn déi germanesch Gëtter (bal) deckungsgläich mat de réimesche Equivalenten, wat hire “Rayon”, fir deen se zoustänneg sinn, ugeet: Thor-Dag = Jupiterdag, asw.
Iwregens hunn d’Portugise sech et do méi einfach gemaach: si zielen einfach d’Wiertesser (=”Maartdeeg”): secunda-feira, terça-feira, asw.
läks:
Merci fir däi Kommentar! An bass du (sidd Dir) wirklech de Lex Roth oder ass dat just e Witzpseudonym? Vun der Qualitéit vum Lëtzebuergeschen hier kéint dat jo op alle Fall mol passen, hehe.