Einige sind gleicher als andere.
Posted on January 25, 2008 by strawdog
Die hei sinn wirklech Relikter aus enger anerer Zäit. Wéi Fëmmen nach eppes Positives woer (haha).
Dovunner ofgesinn fannen ech, dass och sie sech un d’Regelen halen mussen. Den Opwand, deen lo gedriwwen gët, ass natiirlech lächerlech mee wann sie dat därfen, firwat anerer nët? Ass dat net zwéerlee Mooss? Stinn verschidden Läit iwwert den Gesetzer? Wat jo zumools Sozialdemokraten awer net gudd fannen dierften …

Filed under: Gesellschaft, Politik
Dat Thema ass mer egal.
Mee den neie Layout gefällt mer. Lo wou alles frësch op der Säit ass, kann ech dech jo froen, ob s de de Schreiffeeler a méngem Link an der Blogroll verbessere kanns.
chris:
dir schengt villes egal ze sinn, mee jo, sou sinn die ganz tolerant Läit
Merci fir den neien Layout. Sinn awer nach bessen amgaang mat tweaken … Muss den Header och nach anescht maan.
Wat däin Link ugeht, Nondikass! Den richtegen Numm ass mer haut dir eischt Kéier réischt opgefall!!
Poznennö! Hei gesait alles aanescht aus, mee dat ass mir egal.
Als Persoun vum öffentlechen Liewen (sou gëtt dach emmer gesot nee?) hun déi zwee eng gewëssen Responsabilitéit. Ech halen dat éischter fir eng Korint. Den H. Schmidt fëmmt bekanntlech sait laangem an ech géif déi doten Aktioun éischter dem Suchtverlangen zourechnen wéi engem beabsichtegtem Rechtsbroch.
Zitat Wikipedia: Helmut Schmidt ist bekennender Kettenraucher. In seiner 3Sat-Talkshow in den 1990er-Jahren rauchte er während der gesamten Sendung. Seine Kolumne bei der Wochenzeitung Die Zeit heißt Auf eine Zigarette mit Helmut Schmidt. Im öffentlichen Raum – etwa in der Hamburger Bürgerschaft – verbietet man ihm das Rauchen nach wie vor nicht. Selbst während Fernsehreportagen oder sogar in Fernsehstudios raucht Helmut Schmidt. Einzig im Plenarsaal des Bundestags, stieg er während der Sitzungen auf Schnupftabak um.
Link
Sou egal ass mer d’Thema lo och net. Ech si pro-Fëmmverbued, mee ech géif wéinst däer do Geschicht lo kee grousst Faass opman.
Voila, dat soll kee Grond sin fir en Faass opzeman. Dofir gin et besser Grënn. Dovun oofgesin, fir e Faass opzeman brauch ee kee Grond, a wann dach, dann ass et en Virwand. A wee Virwänn brauch fir ze saufen deem kann netméi gehollef ginn…mee lo zréck zum Thema.
Max: Hoffen et gefällt der visuell nach emmer, opwuel ech soen muss, dass däin minimalischen Layout och déck gudd ass. Mee ech kann jo net einfach kopéieren
Wat dat Fëmmen ugeht: Jo, op der enger Säit ass ët eng Korinth, op der anerer Säit awer och eng Saach vun Prinzip. Dierf hien do fëmmen just well hien de Schmidt ass, an die aner net? Firwat dierf hien do fëmmen an en aneren Bop, deen säin ganzt Liewen laang gefëmmt huet net?
Ech mengen, dat ass den Punkt em deen et geht?
Majo, heen däerf net fëmmen. Dat ass de Punkt, deen ech hannert de Saz setzen: .
Mat sengem sture Behuelen, sief et lo wéinst Sucht oder wéinst “Ech-sinn-eppes-Besseres” gesäit den Alt-Kanzler nawell net nëmme kierperlech al aus. Hie weist mir domat just, dass hien trotz sengem héijen Alter a Saachen Anstand nach bäizeléieren huet. Fir hien dowéinst awer wéinst ‘Körperverletzung’ unzesichen fannen ech lächerlech. Mä wann et keen anert Mëttel gëtt fir d’Leit op sou ee Verhalen opmierksam ze maachen, da muss een deem Veräin dat awer och gönnen. Deen dee sech awer am meeschten lächerlech mécht, ass den Theaterdirekter. Wann deen dann nach e Mataarbéchter ustellt, den “Ehren”-Gäste en Äschebecher zur Verfügung ze stellen, dann ass dat jo am Fong eng ëffentlech Erklärung, dass dës “ehrenwert” Gäscht fëmmen däerfen. Domat huet hien sech a mengen Aen fir d’2-Klasse-Gesellschaft entscheed (wat ee bei Direkteren jo och net onbedéngt verwonnert). Di logesch Konsequenz hätt awer da musse sinn, dass jiddereen am Sall, dee fëmmt, sech och eng ugefaangen hätt an en Äschebecher reklaméiert hätt. Dee Moment wier nämlech en Zeechen géint d’2-Klasse-Gesellschaft gesat ginn.
Chris:
Den Punkt (du Witzbold) ass deen, ob Läit sech un Gesetzer mussen halen oder net? Wann den Schmit trotz Verbued fëmmen därf, dann firwat net och die aner? An firwat hunn mer dann e Gesetz?
blogeescht:
Natiirlech ass et usech lächerlech. Ausgeléist gouff et awer well den Schmit mengt hier bräicht sech net drun ze halen. Duerfir fannen ech d’Kloo als Zeechen awer noutwenneg.
Majo, heen däerf jo net fëmmen. En huet et gema, a gëtt lo bestroft.
. Schluss Aus
Ah, ok! Hat däin . dann net direkt verstaan