Rem eppes bäigeléiert.

‘Holocaust’ kënt vum Grieschechen ‘holos’ (ganz) an ‘kaustos’ (verbrannt). Am Fong gouffen fréier domadder Brandopfer vun den Hebräer/Judden bezeechent, wou d’Déier ganz verbrannt ginn ass. Meeschtens gouff awer just en Deel vum Déier geopfert an den Rescht hunn d’Läit giess. En ursprünglechen ‘Holocaust’ woer also eischter rar.

Léiert een nie aus …

5 Responses to “Rem eppes bäigeléiert.”

  1. Ech wees, du hues et gäer, wa kommentéiert gëtt, dofir soen ech der, dass mer dat bekannt ass. :)

  2. Vill dech net gezwongen :)

    An ech erwaarden et sécher net bei all klengem Post, hehe.

    Merci awer dass de kommentéiert hues an do gesäit een jo, dass wanns du dat wees, die Jugend hautzudags awer nach eppes bäibruecht kritt ;)

  3. Dat kléngt sou: wann s du dat sou guer wees, dann ass Happ a Malz jo na net verluer… ;)

  4. Sou woer et net gemengt, ech sinn schon iwwerzeegt, dass du iwwert der Moyenne bass! Ech hunn just soss heiandsdo sou meng Zweifelen, wat d’Educatioun vun der ‘Jugend usech’ ugeht … mee ech kann natiirlech do falsch leien an just grommelen, wéi eeler Generatiounen dat emmer man ;)

  5. hey,
    ej wollt der Merci soen dass de en Kommentar op mein Blog geschriewen hues.
    Ej sin lo entgülteg rem do an posten rem vill.:)
    P.S jo eng Wii ass mega cool

Leave a Reply