Indizéieren!?

An soss geht et nach?

Im Oktober 2007 kam das satirische Kinder- und Erwachsenenbuch „Wo bitte geht’s zu Gott? fragte das kleine Ferkel” von Michael Schmidt-Salomon und Helge Nyncke auf den Markt und fand sehr bald eine große Fangemeinde. Auch Pädagogen und Psychologen waren von der frechen, kleinen Geschichte („Dawkins for Kids”) angetan. So urteilte der renommierte Kinder- und Jugendpsychiater Prof. Dr. Peter Riedesser, Direktor der Universitätsklinik für Kinder- und Jugendpsychiatrie und Psychotherapie am Universitätsklinikum Hamburg-Eppendorf, das Buch sei „als Gegengift zu religiöser Indoktrination von Kindern pädagogisch besonders wertvoll”. Ursula von der Leyens Bundesministerium für Familie, Senioren, Frauen und Jugend sieht die Sache jedoch völlig anders: Das Ministerium beantragte die Indizierung des Kinderbuchs als jugendgefährdende Schrift.

Ech hunn dat Buch doheem, an och, wann ech et net onbedengt lo giff Kanner ginn oder virliesen, well ech net sëcher sinn, op dat an deem Alter wirklech eppes brëngt an op et nët villäicht besser an méi subtil Methoden ginn fir Kanner en kriteschen Geescht bäizebrengen, sou ass en Indizéierung dach komplett iwwerdriwwen.

Liewen mer nees am Mëttelalter?

An die Hypokrisie! D’Bibel huet deelweis extrem gewalttäteg an ongerecht Szenen, déi och net fir Kanner optimal sinn an awer gouff se net zenséiert. Sou argumentéiert och den Verleger:

Die Argumentation des Ministeriums sei über weite Strecken derart grotesk, dass er am Anfang gedacht habe, es handle sich um einen „dummen Scherz”, erklärt Schmidt-Salomon: „So wird uns vom Ministerium doch allen Ernstes vorgeworfen, dass während der Sintflut Omas, Babys und Meerschweinchen ertrinken! Ja, um alles in der Welt, haben diese Leute denn noch nie die Bibel gelesen?! Wenn dies ein Grund sein sollte, um ein Buch zu verbieten, so müsste man doch zuerst einmal die Bibel auf den Index der jugendgefährdenden Schriften stellen! Unser Buch hebt diese biblischen Ungeheuerlichkeiten doch auf humorvolle Weise auf! Es sagt den Kindern augenzwinkernd: Nur keine Sorge, ihr braucht wirklich keine Angst zu haben! Diese Geschichte vom biblischen Rachegott, der Omas, Babys und kleine Meerschweinchen ertränkt, ist frei erfunden!”

Reckstänneg, bornéiert, fundamentalistesch Idioten.

22 Responses to “Indizéieren!?”

  1. Mär feelen d’Wieder…

  2. Gesäis de, ech sinn net pro-Relioun:

    Ech fannen dat do eng zimmlech bescheuert, well mëttelalterlech Aktioun. Wann e Buch de Sujet anstänneg traitéiert, fannen ech dat immens an et soll iwwerall zougänglech sinn.

    Wat mech stéiert ass dee réckstännegen, bornéierten, fundamentalisteschen Haass op alles a jiddereen, wat/dee religiéis ass.

  3. Wou manifestéiert sech dann “dee réckstännegen, bornéierten, fundamentalisteschen Haass op alles a jiddereen, wat/dee religiéis ass”?

    Ech gesinn 2 Formen vunn Reliounskritik:

    Engersäits eng Kritik, déi effektiv heiensto e bessen emotional opgelueden ass an och duerchaus Haass genannt ka ginn, déi awer méi wéi berechtegt ass, well se sech géint ganz konkret Intoleranzen vu reliéisen Institutiounen oder Persounen géigeniwwer aaescht-denkende Leit riit.

    An anersäits eng eher philosophesch Kritik un der Substanz vun de Reliounen selwer.

    Ech gesinn do näischt reckstänneges an och näischt bornéiertes. Fundamental ass et secherlech heiensto.

  4. chris:

    >Wat mech stéiert ass dee réckstännegen, bornéierten, fundamentalisteschen Haass op alles a jiddereen, wat/dee religiéis ass.

    Ech mengen net, dass dat op mech zoutrëfft.

  5. @ strawdog: Hunn ech jo lo an och soss net gesot, an du wäerts mech et och net héire soen, soulaang wéi s de mer keen Ulass gëss.

    Dat wat s du mëss ass gréisstendeels nach wäit weg vun Haass, wéinstens probéiers du d’Wuerzelen nozevollzéien, virun deem s de déng Kritik ofléiss. Ech sinn net ëmmer mat dir averstan an ech sinn deelweis enttäuscht vum Inhalt vun déngem anere Blog, mee dat heescht awer net, dass ech déng Aarbecht guer net respektéiren. Ech denke just, se kéint besser sinn, wann s de manner versiche géifs dat ganzt als grousse Witz duerzestellen an dech méi drop konzentréire géifs d’Saachen an engem bräuchbare/kritesche Kontext de Leit ze weisen.

    Dat géif ech wierklech impressionant a gutt fannen. Do wier ech dobäi. :)

    @ Manuel: éischtens hunn ech dat sou gesot, well ech dem Grommel séng ganz zoutreffend Wierder zitéiert hunn, an just umierke wollt, dass et dat Ganzt och op der anere Säit gëtt.

    Eng philosophesch Kritik ass ëmmer och eng Kritik vu konkreten Intoleranzen. Dogéint kann een näicht soen, wann d’Argumenter Sënn maachen. Ech gesi keng zwou Forme vu Reliounskritik. Ech gesi just eng, déi divers Ugrëffsfläche behandelt an dëst fondéiert mécht. Emotionalitéit ass net onbedéngt hëllefräich an enger Kritik, mee heinsdo inevitéierbar.

    Haass ass nie berechtegt, an ech gesinn oft genug Leit, déi op d’Relioun klappen, ouni iwwerhaapt mol ze verstoen, wougéint se virginn. Dat ass net nëmmen onberechtegt, mee bornéiert, réckstänneg, fundamentalistesch an am Endeffekt domm. Schlussendlech ass dat och näicht anescht wéi Intoleranz géigentiwwer aneschtdenkende Leit, déi am Géigesaz dozou, wéinstens eng Argumentatiounsbasis (egal wéi wackleg se ass), hunn. Leit, déi Relioun op déi Aart a Weis haassen, sinn dofir a méngen Aen bematleedenswäert.

  6. chris:

    Firwat bass de enttäuscht vum Inhalt vun deem aneren Blog? Well ech respektlos mat den Saachen emginn an de Witz domadder man? Nujee, den But vum Site ass eben déi ofgedréitesten an inkohärents Saachen opzeweisen an duerch den Kakao ze zéien. An wem dat net passt, deen kann jo just die Bibelverser liesen an sech dann seng eegen Meenung dozou man. Ech gesinn deen Site bessen als Kontrepoids zu (meeschtens amerikaneschen) Siten, déi d’Bibel verherrlechen an all hier Schwaachstellen ignoréieren.

    Wat verstehs du genau enner “d’Sachen an engem brauchbare/kritesche Kontext weisen”?

  7. chris:

    >Haass ass nie berechtegt, an ech gesinn oft genug Leit, déi op d’Relioun klappen, ouni iwwerhaapt mol ze verstoen, wougéint se virginn. Dat ass net nëmmen onberechtegt, mee bornéiert, réckstänneg, fundamentalistesch an am Endeffekt domm.

    Do ginn ech der 100% Recht! Wann een géint eppes ass, oder net domadder averstan ass, dann soll een wëssen FIRWAT. Nemmen aus Prinzip oder well en aneren dat sou gesot huet, ass Null. Dat reegt mech och emmer op well et der Cause vun den richtegen Kritiker schued.

  8. oh wow… ech haat keng ahnung dat et an europa och ging esou paafesch zougoen, zomols an deistchland.
    et ass also wirklech iwerall the same.

  9. zum Ferkelbuch:
    Dat ach sou geféierlecht Buch ass zënter leschtem Sylvester och Deel vun eiser Familljebibliothéik an ech hunn och schonn draus virgelies. A wann d’Buch wierklech op den Index komme sollt, dann ännert dat awer näischt drun, dass ech draus virliesen.

    zum Chris senge Remarquen:
    - allgemeng iwwer Reliounskritik: do stëmmen ech gréisstendeels zou
    - zu dengem NT-kritesche Blog: mech stéiert och eppes dobäi. Iergendwéi hunn ech den Androck wéi wann deng Kritik integral op der Beziehungsebene ofleeft. Soubal een Aneschtdenkende kommentéiert, konters du soulaang bis et net méi geet (z.B. andeems deen dann einfach ophält mat kommentéieren). Ausserdem fannen ech et problematesch, sou Schrëften eenzeg an eleng logesch a rationalistesch analyséieren ze wëllen, dat léisst gleewege Leit déi sech awer vläicht op eng Diskussioun aloosse wëllen guer kee Spillraum an entzitt der Diskussioun sou all sachlech Basis sou dass se ebe just nach op der Beziehunsebene oflafe kann. Contre-poids zu Bibel verherrlechenden amerikanesche Siten, ass dat néideg? - Vläicht, vläicht och net, Affaire de goût eben. Sou eppes wéi deen heite Post fannen ech op jidde Fall vill méi wichteg an dofir zéien ech de Grommel deLuxe dem NT-Blog vir. :)

  10. @ chris, blannnen Haas aus Prinzip ass secherlech emmer falsch, egal aus weem sengem Mond et kennt, do stemmen ech zou, mee ech gesinn beim Thema Reliounskritik eigentlech keen konkret Beispill wou dat zoutreffe géif, zumindest ass mer keent bekannt.

    @blogeescht, “Ausserdem fannen ech et problematesch, sou Schrëften eenzeg an eleng logesch a rationalistesch analyséieren ze wëllen” - Dat schengt a mengen Aen e bessen e Widersproch ze sinn. Wéi analyséieren ech eppes, wann net logesch a rationalistesch? Wann rational Argumenter fehl am Plaatz sinn, wisou dann iwwerhapt diskutéieren? De Fait, dass de Grommel déi Leit soulang “zou-argumentéiert” bis se keng Loscht méi hunn, leit a mengen Aen dorunn, dass se sengen Argumenter näischt entgéint ze setzen hunn außer een “ech gleewen trotz denger Argumentatioun un de Jesus”, wat natiirlech hiert gudd Recht ass. Mee wéi gesot, wisou dann iwwerhapt diskutéieren?

  11. @ Grommel: Ech sinn enttäuscht, well d’Aart a Weis, wéi s de mat de Saachen emgees, kéint besser sinn. Deelweis, wéi zum Beispill bei der “Jesus Barabbas” Geschicht weis de op d’Schwieregkeete vun der Bibel wierklech hin. Dat fannen ech gutt. Ech denken, dass de och zu anere Saachen, wou s de einfach nëmme Witzer mëss, och sou verfuere kéints an deem s de dat ganzt serieux hannerfréis an net vun engem Zauberemhang zum Beispill schwätz an dech doriwwer lëschteg mëss.

    Ech schätzen dech einfach sou an, dass de dozou méi Intelligentes kéints soen, mee et iergendwéi net méchs. Dat fannen ech schued, fir d’Lieser a fir d’Bild, wat ech mer bis well mol ëmmer vun dir gemaach hunn.

    @ Manuel: De blogeescht huet do effektiv e Punkt getraff, an et ass wierklech net sou, dass do Leit sinn, déi außer “ech gleewen trotzdem un de Jesus” (ech gleewen iwwregens och un en, genee sou wéi ech un den Napoleon gleewen), näicht ze soen hätten. Ech ka mech un een erënneren, dee wierklech interessant Punkten zum Thema bruecht huet, déi awer dunn just ënnergebottert gi sinn.

  12. @chris & blogeescht:

    Et ass natiirlech alles Affaire de Goût. Mee vill vun deenen Saachen, déi ech do opzielen sinn einfach sou over the top, dass een se einfach net sérieux huelen kann. An schlussendlech leeft ët einfach op die Fro eraus: Gleewen ech die iwwernatiirlech Saachen oder gleewen ech se net?

    Wann ech die Geschicht vum Stär vun Bethlehem ridiculiséieren, dann well se ridicule ass, wann een se A LA LETTRE hëllt. Ok, dann maach een soen: Sie ass net à la lettre gemengt. Dann soen ech: Ok, mee firwat soll ech dann och nemmen een anert iwwernatiirlecht Element an der Bibel eescht huelen? Wéi z.b. d’Résurrection?

    An mengen Aan ass et komplett onlogesch an inkohärent fir ze wielen an ze picken! Ech sinn der Meenung, dass een d’Bibel soit als Helleg Schreft an Eenzeg Wourecht ugesäit oder als aal Texter mat méi oder manner gescheiten Weisheeten. En Mëtteldeng ass onlogesch an inkohärent, well wou giffs de d’Limiten zéien?

    Ech sinn der Meenung, dass d’Bibel en Buch mat Texter and Legenden vun superstitiéisen Läit aus archaëschen Zäiten ass, wou verschidden intelligent, weis an schéin Saachen a Konzepter dran stinn an vill iwwernatiirlechen, brutalen an ongerechten Quatsch (wat een hinnen natiirlech net komplett virwerfen kann, well se jo manner Wëssen iwwert d’Welt haaten wéi mir).

    Heescht dat ech schléissen dat Göttlecht oder eppes méi, wéi dat hei liewen aus? Nee. Mee duerfir muss ech net un existéierend religéis Konzepter gleewen, déi vir an hannen net opginn.

    An wann een mat Argumenter kënt, déi net standhalen, dann soen ech dat och.

    Ech kann awer och nach wesentlech méi gehaltvoll iwwer generell Problemer mat bibleschen Aspekter an hieren Konsequenzen débattéieren. Allerdengs assdat net de Sënn vun deem do Site. Ech maachen dat allerdengs schon an engem multi-faith forum um Internet an et kann sinn, dass ech meng Haaptprämissen och eng Kéier op engem Site oder Blog sammelen resp. publizéieren wärt. Do gët et awer dann ganz ‘technesch’ an philosophesch.

  13. Gesäis de, dat do ass déi Zort vun Äntwert: du hues lo souvilles gesot, wat kee Bezug méi zu eisen Aussoen huet, dass et eigentlech onméiglech ass, lo hei nach eppes grousse entgéint ze setzen.

    Natierlech ass et onlogesch ze wielen an ze picken, an dat huet jo och kee gesot, dass de et maach sollts. Mäi Virschlag ass, dass de amplaz et einfach ze ridiculiséiren, dann eben erklärs wat s de dee Moment ridicule fënns, an a wéiengem Kontext. Aneschters kënnt et engem just wéi onsachlecht Remgestëppels vir, wat s de jo awer definitiv net néideg hues. Et ass dénger Saach net onbedéngt hëllefräich.

  14. chris:

    Wiesou huet dat keen Bezuch dozou!? Ech hunn probéier mech ze erklären …

    Mee bon.

    >Natierlech ass et onlogesch ze wielen an ze picken, an dat huet jo och kee gesot, dass de et maach sollts.

    Dat ass awer wat ALL soi-disant Gleewegen mëcht! An dat as inkohärent. Soit du gleews déi Geschichten oder du gleews se net.

    Gleews du, dass Jesus d’Inkarnatioun vun Gott woer an Deel vun der Trinitéit (wat och emmer dat ass) ass, hei op Erden gewandelt ass, eng Missioun hat, d’Sënnen vun der Welt ewech geholl huet (wat och emmer dat heescht), gestuerwen an dann operstaanen ass an lo zu der rietser Säit vun sech selwer, eh, Gott setzt? Jo oder Nee? Oder woer Jesus just eng Zort radikalen Philosoph, em deen sech henno vill Legenden gerankt hunn?

    Du muss eng Astellung dozou hunn. Wat fir eng ass et? Giff mech wirklech intéresséieren lo.

  15. chris:

    Hei sinn e puer Beispiller vun méi substantiellen Froen, déi mech mer a Punkto Bibel an chreschtlech Iwwerzeegungen stellen (iwwersprang déi 2 rezents, déi sinn der villäicht nees zevill ‘op d’liicht Schëller gehol’).

    Den NT Blog ass einfach bëssen Amüsement, wat passéiert, wann een d’Bibel wuertwiertlech hëllt. Dat ass natiirlech net subtil (genau wéi Läit, déi d’Bibel wuertwirtlech huelen net subtil sinn), mee deen Usproch hunn ech an deem hei Fall och net.

  16. Ech ginn et op. Du hues Recht. Fäerdeg.
    Mir komme jo dach op kee gringen Zweig.

  17. chris:

    ‘diskutéiers’ du emmer sou?

    mee bon, vun mir aus könne mer ophalen.

  18. Vu dass mer jo lo anscheinend en neien Diskussiounspunkt hunn: Jo, ech diskutéiren ëmmer sou. An do kanns de der och déi Gänseféisercher spueren, well dat eng zimmlech Frechheet ass, wann ee bedenkt, dass ech dir géigeniwwer ëmmer korrekt war an all den Diskussiounen déi mer bis well gefouert hunn.

    Ech sëtzen op ménger Meenung, du op dénger. Fäerdeg. Wat solle mer do nach weider eis domm an deemlech tippen? Ech kréien dech grad sou wéineg iwwerzeegt, wéi s du mech. Déng Aussoen maache fir mech grad sou wéineg Sënn, wéi méng fir dech. Hale mer léiwer op, bevir iergendeen Nazi rifft an d’Diskussioun offiziell dout ass.

  19. Bon, iwwer Internet diskutéieren brëngt oft Mëssverständnisser. Dann lossen mer et lo einfach heibäi sinn. Streiden brengt jo och näischt an dann konzentréieren mer eis einfach op Gemeinsamkeeten.

  20. Fir zréck zum Sujet ze kommen: Deen Virstouss vum Bundesministerium kéint aus eiser Siicht och vläit positiv gewert ginn, well sech déi Verantwortlech domat als Fundamentalisten outen, an eis Argumenter bestärken.

    Dat beschte Mettel géint d’Paafen - an domat mengen ech elo net den Duerchschnettsgleewegen, mee villméi hier Hirten - ass einfach hinnen eng Méiglechkeet ze bidden, de Mond opzemaan, Et besteet emmer eng grouss Wahrscheinlechkeet, dass se sech selwer an den Abseits rieden.

  21. manuel:

    Soulaang et just beim Schwätzen bleiwt ginn ech der Recht. Sie diskreditéieren sech oft sëlwer. Wann se allerdengs hierem Gebraddels Aktiounen folgen loossen, dann gesäit et schon ganz anescht aus …

  22. [...] in Not Religionskritik - Das kleine, gottlose Ferkelchen… “Anschlag auf die Meinungsfreiheit” Indizéieren!? “Ministery of Truth and Family” Ärger um ein kleines Ferkel Lieber Gott, fragte [...]

Leave a Reply