Mens sana in corpore sano.

Ass lo keng revolutionär Erkenntnis, well deen Verdacht konnt een jo schon selwer hunn:

450_1.jpg

450_2.jpg

Mee den krassen Ennerscheed bei den Fraen huet mech schon iwwerrascht!

Lo misst een kucken, wéi een dat Gefüge do veränneren kéint, sou dass jidereen sech bewosst gët, dass d’ganzen Zäit Cola drenken, Chipsen iessen, Tele kucken an XBox spillen villäicht net dat Allergesondst ass … Jo, ech wees, bei verschiddenen Läit ass dat och genetesch bedengt, mee bei der Majoritéit jo wuel kaum.

12 Responses to “Mens sana in corpore sano.”

  1. Gymnasium (wou deejenegen deen déi Tabell gemaach huet wuel net war soss wéisst e wéi een dat schreiwt -_-) ass dat däitscht Équivalent zum klassesche Lycée, wann ech mech net irren. Mee wat sinn Real- an Hauptschule?

  2. Haha, jo, stemmt! Ass mer mol net opgefall!? (an der Teschenzäit ass et op hierem Site verbessert)

    Real-Schule ass maximal eng 10e, Hauptschule och. Sie sinn also éischter Lycée technique, mee die ennescht Filièren.

    Sou wäit ech dat verstaan hun …

  3. E gudden Deel vu mengem Cours besteet doran, dass mer drop trainéiert ginn Feeler aller Art ze fannen. ;)

    Ok. Dann mécht déi éischt Tabell bessen méi Sënn. :)

  4. thierry:

    firwat just e bessen? ;)

  5. Wann der schon no Feeler sicht. Déi eng seet Andipositias, déi aner Andipositas. Do konnt wuel een sech net entscheeden…

  6. A wann der wierklech no Feeler sicht, war ech o na ze blöd d’Feeler richteg ze zitéiren…

  7. chris: Richteg! Op deem Gebitt kann SpON definitiv nach eng Schëpp bäiléen, oder opmanst en ordentlechen Spellchecker installéieren …

    Et sinn natiirlech och schwéier Wieder, firwat benotzten se net einfach Fettleibigkeit oder Fettsucht? Politesch net korrekt genuch? ;)

  8. Gott sei Dank wäerte mer bei eis am Land an noher Zukunft nëmmen nach dënn a gesond Schüler wäerten hunn, vue que dat et lo an all Lycee - wéi ech dat verstan hun - dat selwecht ze buffen gëtt an dat vun enger Diéticienne vum MEN organiséiert gëtt. Dobei kann de MEN och déi ganz Iessgewunnechten vun de Schüler kontrolléiren, an léisst d’Eltren och e Bleck an d’Donnéen geheien. (www.restopolis.lu)

  9. Vum Prinzip hier fannen ech dat net domm.

    An wann se doheem wëllen ongesond liewen, dann können se dat jo nach emmer man.

    Ah jo, eng Stonn Sport méi an der Schoul giff och net schueden ;)

  10. (Psssst: d’Mady wëll d’Lëtzebuergescht op 7e duerch Chimie a Physique ersetzen, fir dass mer besser am PISA ofschneiden… ;)

    Méi Sport misst een äusserschoulesch fuerderen. Ech wier dofir, dass mer Leeschtungszentren no chineseschem Modell aféiren an do all Kand mat engem BMI iwwer 23 hischécken. An all gudde Sportler natierlech och. Eis Lycéen bleiwen da just nach op fir Trëllerten a Spuntien.

  11. Wow, nach eng super Iddi vun eisem Maddy!

    An firwat deen Zynismus a Punkto Sport? Oder hunn ech do rem eppes falsch verstan … ?

    An deng Logik geht net ganz op, well die Fett, déis de giffs an sou en Sportzenter schécken, wieren jo net grad die Schlaust (cf die Studie). Sou dass d’Lycéen just nemmen nach fir die Schlank wieren, egal op gescheit oder intelligent … obwuel die ganz sportlech sinn och net emmer grad Lumièren, jeje, schein komplizéiert ;)

  12. Ass keen Zynismus, sollt just e klenge Witz sinn. Méi Sport wier schéin a gutt, mee ech géif soen: besser Sport misst den éischte, richtegen Usaz sinn.

    Zu ménger Logik, se geet op: BMI 23 ass jo mol na net sou vill, dat heescht och schon einfa nëmme gutt gefiddert Kanner mussen an de Sportzentrum. Dozou nach all d’gutt Sportler. Wat iwwreg bleift si schlecht Sportler (Trëllerten) an Hierken (Spuntien). Hu mech vläicht a ménger karikaturiséirender Sprooch einfach net kloer genug geäussert kritt.

Leave a Reply