Traureg.

Ech sinn wirklech keen Fan vum Britney (bon, et gouffen e puer Fotoen fréier, wou et en effet net schlecht aus gesinn huet, dat woer awer schon alles) an ech lästeren och heiandsdo gären iwwer Läit, mee seng ‘Descente aux enfers’ ass einfach traureg. Et ass definitiv komplett vum Rullo an et schëngt keen him richteg hëllefen ze können oder ze wëllen … Am allermannsten natiirlech d’Medien an d’Paparazzien. Bis et sëch dann wirklech eng Kéier embrëngt an dann stierzen se sech op dat nächst Opfer. Dichteg.

Ausserdem schengt die ganz Famill jo relativ dysfunctional ze sinn …

5 Responses to “Traureg.”

  1. ok wetten dass ?

    an zwee meint ass headline: britney seen at the church of scientology in beverley hills

  2. hunn ech och schon geduecht!!! :)

  3. An zwee Meint ged et keng church of scientology méi! ;-)

  4. Ech mengen wierklech, dat Scientology wierklech eng läscht Fluchtméiglechkeet fier sou Leit ass, an dat wëssen se och ganz genee. Si gauklen reellen Interesse fier, an genau dat brauchen ugeschloen Leit jo.
    Et schengt sech bei de “Stars” ëmmer méi folgende Schema unzewenden wann d’Karriere / de Verstand d’Baach rofgeet: Selbstmord oder Scientology.

  5. Natiirlech. Geld alleng mëcht jo net glécklech. Scientology kann der do duebel hëllefen: Sie huelen däin Geld AN man dech glécklech!!! ;) Opmanst eppes vun deenen 2 ass secher …

Leave a Reply