Emmer rem krass, wéi agréabel et op der Strooss ze fueren ass, wann Schoulvakanzen sinn! D’Halschent vum Land (an och vun de Frontalieren?) schengt dann en effet nees an d’Vakanz gefuer ze sinn.
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg
Emmer rem krass, wéi agréabel et op der Strooss ze fueren ass, wann Schoulvakanzen sinn! D’Halschent vum Land (an och vun de Frontalieren?) schengt dann en effet nees an d’Vakanz gefuer ze sinn.
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg
Fuesvakanz ass Schivakanz fir all Lëtzebuerger deen eppes op sech hällt.
An ech well och Vakanz. :/
Ech halen dann wuel näischt op mech
Ech géif nach ergänzen: fir all Lëtzebuerger deen un d’Schoulvakanze gebonnen ass.
(Dovun ofgesinn halen ech dann och näischt op mech)
Wann um X5 d’Pneumatik op “Cross-country” steet, jo dann ass Gaudi zu Ischgl. Ech hun, wa mer schon derbai sinn, nach net oft eppes op mech gehal.
Hehe, sinn hei lo all anti-Ski’ler vereent?
Ech waar nach nie an der Skivakanz. An ech well och net dohinner.
Skifueren mecht Spaass. Wann ech Zäit respektiv Geld hätt géif ech et sécker man.
Mee bon, Mainstream…
‘Mainstream’ louch mer och op der Zong.
Dat Bescht ass awer, dass Schi- an X5-(o.ä.)-fueren a menger Jugend nach net onbedéngt zum Mainstream gehéiert huet - wéi sou villes wat haut ‘normal’ ass. De Mainstream ass eng Lawin.
Tschoe därf een dann lo nët mol méi Schi fueren ouni als Mainstream’ler ofgestempelt ze gin!
Ech war 3 oder 4 Mol, an et war leider och ëmmer deier, mais wann ech Suen hätt, giff ech nach mi oft goen, well JO, et mëscht wierklech Spass, an Ski fueren ass och net gläich Après-Ski, nëmmen fier dat ze klären.