Ganz schéin.
Posted on February 9, 2008 by strawdog
Eis Stad woer jo emmer sou ellen. Mee an der Läscht gët se endlëch méi schéin! Net nëmmen ginn et lo die wonnerschéin Këschten vum Essentiel an dem Point24, nee, lo ginn et och nach en plus iwwerall die schéin nei Reklammentafelen vun JCDecaux, déi jo bekanntlecherweis die Velos-Initiativ an der Stad sponseren … Weider sou! Et ginn bestemmt nach Méiglechkeeten eis Stad nach méi schéin ze man!
Filed under: Luxembourg, Reklammen
D’nächst Joer gëtt et nach besser. Da ginn och nach Walplakater opgeriicht.
Wat huet d’Staad sech do awer iwwert den Dësch zéie gelooss! Fir datt se di Veloe kruuten, därf JCDecaux lo 10 (!) Joer laang di Reklammen do opstellen. Ech froe mech, wien do rem séng Täsche gefëllt huet.
Wahrscheinlech genausou wi di Geschicht mat den solar-bedriwwenen Parkingsticket-automaten. Do wor och anscheinend en dichtegen Här vun der Gemeng am Verwaltungsrot vun der Firma, déi di Apparater hirstellt.
Ech fannen et mussen mol méi Reklamm Flyeren per Fliiger iwer der Stadt erof gehäit gin!
pa: Jo, den Kontrakt ass egal wat. An dat fir e puer hongreg Veloe’n, déi d’Halschent vun der Zäit souwiesou keen benotzten wärt, well d’Wieder schlecht ass …