Exortourismus.

Oh, die Polen sinn schon e speziellt Vollek. An sou extrem abergläubësch:

The Rev. Andrzej Trojanowski, a soft-spoken Pole, plans to build a “spiritual oasis” that will serve as Europe’s only center dedicated to performing exorcisms. With the blessing of the local Catholic archbishop and theological support from the Vatican, the center will aid a growing number of Poles possessed by evil forces or the devil himself, he said.

Loosse mer hoffen, dass sou en Blödsinn sech op Polen beschränken wärt.

An wat mëch och nervt ass, dass dann eng Zeitung wéi d’Washington Post dat mat ‘Exorcism makes a comeback in Europe” iwwerschräiwt. Nee, net an Europa. Just an e puer reckstännegen Käffer bei verzweifelten, naiven Läit. Klengen Ennerscheed …

9 Responses to “Exortourismus.”

  1. Mee vläicht kennen se jo einfach den Disneyland Paris iwerhuelen, zwou Mecken mat enger Batsch.
    Mee mol seriös ech hun e Kolleg deen zu Dublin studéiert, an dee sot mer datt do och nach deen een oder anren Exorzist ronneremleeft

  2. Jo, d’Iren hunn jo och nach eng staark kathoulesch Traditioun … an domadder deren Voodoo.

  3. Ech kenne relativ vill Iren an ech kenne Polen, an och wa se vläicht kathoulesch sinn, sinn et tolerant Leit, déi ee respektéire sollt.

  4. Huet een de Contraire gesot … ?

  5. Nee, ech soe just.

  6. Ok. Et huet schon nees, wéi eng Ennerstellung geklongen ;)

    Dovunner ofgesinn ass et jo net meng Schold, dass an der kathoulescher Traditioun en effet vill magesch Iddien an Ritualer präsent sinn, déi die Gleeweg sérieux huelen mussen/sollen. Als Beispill nemmen d’Transubstantioun (dass een WIRKLECH dee Moment dem Jesus säin Läiw, oder Fleesch, ësst an säin Blut drënkt) …

  7. Ech schwätzen äus Prinzip net méi iwwer Relioun online. Zevill Mëssverständnisser. :)

  8. Dat kanns du maachen, wéis du wëlls! ;)

    Ech par conter soen meng Meenung wéider :)

  9. I would definitely prefer to see them under Jaruzelski…

Leave a Reply