Senile, old geezer!

 rowan.jpg

Ech schwätzen vum ‘Poopst’ vun der anglikanescher Kierch, Rowan Williams (Atkinson wier méi passend), deen lo deelweis d’Scharia an England erlaaben wëll!?

An wat fir enger Welt vun irreeller politesch/religéiser Korrektheet liewen mer dann? Virun der Justiz soll jidereen d’sewlecht behandelt ginn. Wat irgendwelch Götter duerno mat hieren Gleewegen maan sief dohin gestallt, mee dat soll keng Inzidenz op eis Legislatur hunn! E gudden Kommentaire och vum Broder (deen ech soss net emmer gudd fannen).

An den Pat Condell trëfft natiirlech och nees an d’Schwaarzt:

Ech ginn der Anglikanescher Kierch nach 50 Joer. Den Blair huet dat senkend Schëff jo och schon verlooss an ass Katholik ginn …

3 Responses to “Senile, old geezer!”

  1. See also: http://scienceblogs.com/scientificactivist/2008/02/archbishop_to_england.php

  2. Elo wäerten d’Imamen als Reaktioun dorobber no der Rëmaféirung vun der Helleger Inquisitioun jäizen. Oder mengs de éischter, se géife sech derfir asetzen, datt an England d’Kéi helleg si sollen?
    :mrgreen:

    Enfin, soulaang ech dann an England no lëtzebuergeschem Recht liewe kann, do kéint et mer da jo u sech egal sinn.
    :P

  3. Elo wëll och den neie preisesche Bëschofskonferenzpresident Robert Zollitsch sech fir méi Moscheeën an Däitschland asetzen.

    Wa meng iewescht Hierten esouvill Reklamm fir déi Sekt maachen, da misst ech ufänke mer ze iwwerleeën, op ech net och konvertéiere soll.

    Dat ass jo grad esou, wéi wann op RTL Televisioun Reklamm géif lafe fir de Programm vu ProSieben.

Leave a Reply