Vreck!
Am Kader vu mënger Formation continue woer ech haut an engem Cours fir richteg Lëtzebuergesch schräiwen ze léieren. Kann ech jiderengem nëmmen recommandéieren an ech wäert och probéieren mëch lo hei op dësem Blog drun ze halen. Ech giff ët jo och blöd fannen, fir feelerhaft Däitsch oder Franséisch ze schräiwen. Garantien, dass alles hei feelerfräi wäert sinn, ginn ech natiirlech net, mee ech probéieren mäi Bescht. Hei eng Zesummenfaassung vun de Regelen op Wikipedia, et gët awer och eng Yuppi-Variant. An natiirlech den online Spellchecker.
Eng witzëg Anekdot an deem Zesummenhang: 1980 koum en lëtzebuergeschen Dictionnaire eraus deen an de 90er Joren sollt frësch opgeluegt ginn. Dat ass och dunn geschitt, mee no kuerzer Zäit ass en nees agezunn ginn. Firwat? Ma ganz einfach well eng Polemik em gewëss Säiten enner ‘J’ entstanen woren: op 2 Säiten stungen lauter lëtzebuerger Wieder an Ausdréck, déi mat Judd- ugefangen hunn! An dat woren net grad alles Komplimenter … Souvill also zu der angeblech wäisser West vun de Letzebuerger an Punkto Antisemitismus. Deen jo ennert anerem och an alen Kannerreimer oder -lidder zum Ausdrock kënt:
1, 2, 3, d’ass e Judd kapott,
huelt e mat de Been a schleeft en fort,
4, 5, 6, 7, 8,
en huet e Gesiicht wéi en Appeltart (oder sou ähnlech geet dee Reim)
Huet villäicht een Zougang zu der 80er Versioun vun dem Dictionnaire an kéint e puer Wieder hei posten? Ech sinn (aus kultur-historeschen Grënn) firwëtzeg, wat fir eng dat woren.
Merci.
ps. An jo, vreck gët wirklech sou geschriwwen. Et kënt jo vun ‘verrecken’. Allerdengs gefällt mir Freck! visuell momentan nach besser.
Filed under: Geschicht, Literatur, Luxembourg
Effektiv, “vreck” deet iergendwéi wéih an den Aen!
eieiei … 2 Feeler an deem Saz!
richteg ass et: ‘wéi’ an ‘Aan’
sorry, sinn grad bëssen Pain in the ass (Pëng am Hënner!), hehe
Ha, beim “sinn” mussen d”n”e wegfalen.
Sou, a lo verbesser ee mäi Saz, do si bestëmmt och Feeler dran.
Richteg! Et huet een alt sou seng Automatismen
Dofir hues du direkt 3 Feeler: “si,” “bësse,” “Peng.”
thierry: bass de der bei ‘Peng’ sëcher? ‘Peng’ giff jo awer éischter wéi ‘Päng’ ausgeschwat, an d’Equivalent zum däitschen ‘Pein’ jo awer éischter ‘Pöng’?
Do war ech wuel ze lues.
Jo. An de Spellchecker gett mer recht.
“gëtt” mat Trema.
An dem Fede säin “Aen” war net falsch, do ginn et verschidde Varianten.
thierry: tatsächlech. ass zwar bëssen onlogesch?
chris: ok
Ohje…
Also ech applizéieren just d’halscht vun den Wikiregele, an den Rest gët vun mir esou dohinnergeschriw wéi ech et ausschwetze giff
@Grommel: Falls et dech interesséiert kann ech jo eng aal Datei sichen wou och su aal (Kanner?)Lidder drop sin. Do gët mat Wierder wi “f(r)ecken”, “Houer” an na aanere flotte Variatioune net gespuert.
sulfura: jo, du kanns mer se schécken op useless.address@gmail.com
dei lidder gingen mech och interesseieren…
ech hun hei een kanner cd vum Guy Rewenig
an do geet et
spill net am dreck me gei hannert heck an spill mat den weck…oder esou eppes….
sing weck ,spill jicken oder hoden?
Ech halen mech un en Dokument vun Schanen-Lulling. Vun do mengen ech http://www.cpll.lu/ortholuxs_l.html
Witzeg, dass kee sech zum Judden-Aspekt vun mengem Post geäussert huet. Villäicht sinn ech jo wirklech deen Eenzegen, deen sou Détailer interessant fënnt
Oder vlait well dat keen iwwerrascht an een dat Lidd am Lycée vun engem Proff gesongen krut.
Dat kann natiirlech sinn. An seet jo alleng schon genuch dann.
Thema: Relioun – dozou soen ech näicht méi. An de Sulfura huet sech jo scho geäussert gehat. (A souwisou sinn ech ni vun enger lëtzebuerger wäisser West an deem Punkt ausgaang. Dat war e globalt Phänomen, wéi een an der Geschicht geléiert hu sollt.)
chris:
Also dat mat de Juddewieder hei huet jo awer lo näischt mat menge sonstege Religiounsfroen ze dinn!?
D’Luxemburger Wörterbuch a 5 Bänn gouf tëschent 1950 a 1978 (leschte Band) vun enger Wörterbuchkommissioun op Optrag vum Staat publizéiert.
D’Lidd geet esou:
1,2,3
‘t ass ee Judd kapott
huel e mat de Been a schleef e fort
en huet kee Baart an e kritt kee Baart
en huet ee Gesiicht wéi eng Äppeltaart.
An hei e puer Weider Auszich ënner “J” am Wörterbuch:Juddenaasch: Spottname für denjenigen, der es gewöhnlich versäumt die Tür hinter sich zu schließen.//Ee Judd an eng Fleeschméck sinn dem Metzler säin Ongléck//Der Kou hire laange Schwanz ass dem Judd säi Rousekranz, déi Sau huet ee kromme Réck, dat ass dem Judd seng Himmelsbréck// Wou ee Judd gespaut huet, gëtt et ee Lach (zu einem Kind, dem ein Milchzahn fehlt)…
Wat den Antisemitusmus ugeet muss bemierkt ginn dass am Wörterbuch folgendes ënner “Judd” steet: Sprichwörter und Redensarten erinnern noch an die aus mittelalterlicher Intoleranz geborene Verschrieenheit des Juden, werden allerdings heute weitgehend nur noch formelhaft in ihrer pejorativen Bedeutung gebraucht, ohne dass sich der Sprecher einer konfessionnellen oder rassischen Diskriminierung bewusst wäre.
PS: “Péng” gëtt esou geschriwwen, an “Aen” esou (an net Aan!
Relioun ass Relioun.
(By the way: ech fannen “!?” gesäit ëmmer iergendwéi agressiv aus. Ech wees, dass ech dat iwwerinterpretéiren, mee geet en normalt “?” net duer?)
chris: ët sollt mäin Erstaunen ausdrécken, net meng (net virhanden) Aggressivitéit … sinn mer bëssen susceptibel? interprétéier net sou vill
Bei der Online-Korrektur zéien ech d’Original vum lëtzebuergesche Spellchecker vir: Cortina.
Wann der z.B. de Saz “Déi Peng deet iergendwéi wéih an den Aan.” op Spellchecker.lu verbessere loosst, da fënnt deen effektiv just de Feeler bei “wéih”. Cortina fënnt dogéint di 3 Feeler, déi am Saz dra stinn (Péng, wéi, Aen).
[Woubäi ech dann och bestätege kann, dass d'christiane hei Recht huet, mä héchstwahrscheinlech vum Spellchecker.lu schreift.]
Ah, dann ass et awer Péng? Mëcht och méi Sënn
Ey, Georges. De Chris hat do fir d’éischt recht.
Moien,
kuck am Archv vu http://www.Forum.lu, 1996 oder 1997 haten se do e ganzen Dossier iwwert déi Dixionärsgeschicht. Do war, mengen ech, och eng Kopie vun der inkriminéierter Säit.
(De Rescht doriwwer ass och liesewäert)
läks:
Merci, allerdengs fannen ech an deene Joeren just en Dossier iwwert d’Judentum usech, wou awer och e ganz interessanten Artikel iwwer den Anti-Semitismus hei zu Lëtzebuerg ze fannen ass.
Deen Dictionnaire gëtt schonn zënter de 50er Joren, mee en ass stänneg an neien an erweiderten Oploe frësch erauskomm. Souwäit ech weess ass e vum Maart geholl gi wéinst haaptsächlech engem Wuert, dem Juddepräis. Ween net sollt wësse wat dat ass, deem sief gesot datt et e Lackelpräis ass, also z.B. 99 Euro amplaz 100 Euro.
Zënter datt et politesch net méi korrekt ass fir politesch korrekt ze sinn, kann een och nees bedaueren, datt een doduerch iwwer laang Joren iwwerhaapt keen Dictionnaire konnt kafen.
Zu deem Ganze recommendéieren ech d’Lecture vun der Säit “Luxemburger Wörterbuch” op der Wikipedia op Lëtzebuergesch (lb.wikipedia.org/wiki/Luxemburger_Wörterbuch) an den exzellenten Dossier am Forum vun 1997, no deem Gedeessems wéint den antisemitesche Spréchelcher (Link ënnen op der Säit vum Artikel)
Komper:
Merci! Kucke mer déi Saachen mol un.