How does God cope with information overload?
Posted on February 15, 2008 by strawdog
Mir sinn jo nach laang net allwëssend, mee ech perséinlech fillen mëch awer schon heiandsdo, wéi wann ech an enger Informatiounsflut giff erdrénken an e Site wéi deen do reduzéiert dat Gefill net grad.
Wéi muss et dann réischt sinn fir permanent iwwert alles Bescheed ze wëssen? Wier interessant ze wëssen, wat Gott vum Motto ‘Less is more’ hällt.
[update: hm, den Beispill-Site hei woer awer schlecht gewielt, en ass awer net sou iwwerlueden an och usech net oninteressant well een gesäit, wou die Haaptnoorichten grad passéieren. En bessert Beispill fir en Overkill un iwwerflësseg Informatioun wier Twitter gewiescht.]
Filed under: Gesellschaft, Wired world
Eng… ehm… “déifgleeweg” Frëndin sot mer eng Kéier op déi Fro hinn, Gott géing dat ausblenden an sech nemmen op dat konzentréieren wat grad relevant wier. Vu dass et keen eenzegt Argument gett, dass Gott iwwerhaapt existéiren kann, stellt sech déi Fro am Endeffekt jo awer gottseidank guer net.
Wat hues du géint Twitter? Lo wëssen d’Amien endlech, dass et SMS gett.
Deng Frëndin do schëngt jo gudd Kontakter ze hunn
Mee usech woer mäi Post méi geduecht d’Problematik vum Information Overload unzeschnieden wéi die vun Gott. Den Titel ass mer just einfach sou spontan agefall
Lo wou den Thierry epps vun enger déifgleeweger Frëndin erzielt huet, ass mer och eng witzeg Geschicht agefall, déi zwar näischt ganz direkt mam Thema ze dinn huet, mais ech erlaben mer einfach et trotzdem ze schreiwen
Duech den Thorben hu mer zu puer Bekanntschaft mat enger “Austauschproff” (wann een dat sou ka soen) aus Spuenien gema. Dat huet uns dun erzielt, dat ënnert anrem och en Englänner - wéi dem Thierry seng Frendin och déifgleeweg - am Moment zu Lëtzebuerg wier, deen mam selwechten Projet wéi hat géing matmaachen.
Op alle Fall huet hat eis gezielt, dat et an engem Gespréich mat dem besotenen Englänner eng Kéier d’Wuert “Rohling” (also eng CD fier ze brennen) wollt benotzen. Hat wosst d’Wuert op englesch awer nët, also huet hat wuertwiertlech aus dem Franséichen iwwersat: cd vierge - virgin cd. Dat huet den Englänner einfach net verkraft an ass baal zesummegebrach, en huet nët wollten hunn dat hat dat Wuert “virgin” am Zesummenhang mat eppes banalem wéi enger CD benotzt huet, an iwwerhaapt, fierwat et sou eppes an de Mond hëllt! Hat huet am Ufank guernët kapéiert wat da lo lass wier, an huet nach eng Kéier nogefrot wat un “virgin” sou schlëmm wier - do krut deen anren scho bal e Kollaps, hat sollt dach w.e.g. nëmmen domat ophalen. Iergendwann ass hien dann drop komm, dass hat “blank cd” / “writable cd” oä gemengt huet …
Bei sou Saachen muss ech zwar sëcherlech laachen, mais kann dono nëmmen nach de Kapp rëselen.
federico:
haha, witzeg Geschicht, et lafen awer och mëll Läit rondërem. An fir aus engem vun de beschte Filmer ze paraphraséieren: “Are you afraid of the word ‘virgin’?”
federico: ech froe mech, ob deen Englänner nach ni vum Sir Richard Branson héieren huet.