Kléiwiss.

Ech woer da lo gëschter owend deen vill ‘ge-hype-tenen’ Cloverfield kucken. Mee Produktiounen vom J.J. Abrams schëngen et einfach u sech ze hunn, dass se op der enger Säit revolutionär a faszinant sinn an op der anerer Säit vill waarem Loft. Hei lo mäin Review:
*spoiler alert*
Bon, wéi wuel die meeschte wëssen wäerten, sou attackéiert am Cloverfield eng Zort Godzilla New York an zerstéiert da quasi alles op sengem Wee. Et wees keen, wou dat Monster hier kënt a firwat et sou schlecht gelaunt ass . Et ass halt einfach op eemol do a symboliséiert domadder natiirlech eng Gewalt, déi aus heiterem Himmel schëngt ze kommen an dofir keen versteet. D’Allusiounen op den 11. September, an Kricher am Allgemengen, sinn och omnipräsent. Dat kënnen Läit geschmacklos fannen, ech fannen et allerdengs éischter, erschreckenderweis, e bëssen langweileg well een sou Biller an der Tëschenzäit genuch aus dem richtegen Liewen kennt (’embedded journalists’, privat Video-Opnahmen vum 11.9., etc). An déi sinn emmerhin ‘echt’! Op der anerer Säit ass et awer interessant dat Ganzt aus enger Ech-Perspektiv ze gesinn an sech virzestellen wéi een selwer an sou enger Situation giff réagéieren.
D’Monster selwer ass am Beschten, wann een et net ganz gesäit an een also net genau wees, wou een drun ass.
D’Story déi benotzt gët fir dat Ganzt a Szene ze setzen as awer komplett ham. Eischtens ass d’Introduktioun, die Party, vill ze laang an ze langweileg. Sie brëngt et net färdeg, dass een sech wirklech mat den Charakteren identifizéiert an sëch em sie suergt. Den Haaptplot, wou den Tippchen, dann seng Ech-wousst-et-net-mee-ech-hunn-et-awer-sou-gär Flam aus engem emgestierztenen Héichhaus retten geet, am Zentrum vum Chaos natiirlech!, an wou seng Kollegen (an haaptsächlech deen mat der Kamera natiirlech) och ouni zécken matginn, obwuel et Selbstmord ass an d’Wahrscheinlechkeet, dass die Schécks iwwerhaapt nach um Liewen ass bei Null misst sinn, ass natiirlech décksten Soap-Opera-Schrott. Die Lächer am Plot sinn sou grouss, dass d’Monster do locker duerchklammen kéint. Och Fantasyfilmer sollten awer en Minimum u Logik a Koherenz hunn!
Die waakeleg Kameraféirung a Youtube-Optik ass halt och sou eng Saach. Allerdëngs hätt een vill méi kéinten aus dem Konzept maachen, wann een zum Beispill verschidden Filmer vun verschiddenen Läit an och d’Biller vun Iwwerwaachungskameraen oder dem Militär all mateneen verbonnen hätt. Dann wier och d’Monster am Mëttelpunkt an net die kitscheg Lovestory.
Mengen ech kucken mer lo den ‘The Host‘ un fir en (anscheinend) wirklech gudden Monsterfilm an deem Genre ze gesinn.
6/10.
Wann ech Wackelkamera wëll, kucken ech Paul Greengrass Filmer.
Du hues lo hei sämtlech Virurteeler opgezielt déi ech dank dem Prädikat “JJ Abrams” hat. Domatter ginn ech de Film dann definitiv net kucken (mol ofgesinn dovunner dass Kino hei praktesch net ze bezuelen ass).
thierry:
ech hat dem Abrams och de Bénéfit du doute wollte ginn, mee et ass wirklech ze krass.
an krass sinn definitiv och die englesch Kinospräisser!!!
(@Grommel: walisesch Kinospräisser, géi der kee Sträit sichen.
)
@Thierry: du misst dach Studentereduktioune kréien? Zu Glasgow, kascht en Ticket £6 an de klenge Kinoen, £7 am Cineworld. Mat Reduktioun £4 respektiv £4.40 an et kann ee 6 Filmer am Joer an de Cineworld fir £3.40 kucke goen. Dat ass méi bëlleg wéi a Lëtzebuerg!
chris: ok, ok
Naja, 7 £ am Cineworld as jo net wait vu 8 Euro am Utopolis, wéivill as de pound dach glaich-also genau dat nämlecht wi hei.
Wien as den JJ. Abrams?`Huet dee schons iergendeppes Nenneswertes bruecht? Lost-fir eng TV-Serie ganz ok-mee seng Kinosfilmer sin allesamt fir ze vergiessen- do gesait ee wat eng uerdentlech Marketingcampagne ka bewiirken, all Mensch schwätzt vu Cloverfield an ech verstin emmer nach net virwat, mol net nodems ech de Film gesin-wat soll dat sin-GodzillaBlairwitchIamLegend fir Aarmer? Eieiei-léiwer den neien Coen-Brothers kucken goen.
LostHope: Den neien Coen ass allerdengs menger Meenung no och Wouscht!!! Leider. Ech verstinn all die positiv Review’en net … Kann een mech opklären?
Ech hun en gesin an ech den der Meenung datt en sech a punkto Coen-Humor an Atmosphär zwar éischter an dem Emfeld vu Fargo oder Barton Fink beweecht, mee vlait as et och just di enorm Enttäuschung iwwert den Death Proof vum Tarantino gewiecht di mech sou frou gemet huet datt d’Coen Bridder dat nach mat Witz a gusto hikréien.
Souwait ech weess as dat ganzt un reellen fait’en inspiréiert wat et nach e bessi mi interessant mecht. An de Javier Bardèm as einfach nemmen gudd.
Jo, d’Schauspiller sinn gudd, d’Visuals sinn gudd. Mee d’Story ass schrott, och wann se op deem Bestseller baséieren. An die Anti-Héichpunkten sinn Kéis.
D’Story ass o na gutt. Se solle just déi blöd Philosophie weglossen. Mee dat ass halt McCarthy…
Hei elei, mir si mol rem anere Meenung