The Heart of Darkness.

iwo.jpg

Intelligent Krichsfilmer sinn déi Zort Filmer, déi mëch am meeschte faszinéieren a mathuelen. Sie wéise d’Absurditéit vu Krich op an wat dat zumools fir deen einfachen Zaldot, deen op eemol an der ganzer Maschinerie mat dranhänkt oft ouni et wirklech ze wëllen, a seng Famill doheem fir dramatësch Konsequenzen huet. A wann deen dann irgendwou um Aarsch vun der Welt stierwt, dann woer et dat halt. Game over. Verständlëch, dass Religiounen do en Halt oder enger Perspektiv kënne bidden.

Ass et wirklech sou schwéier fir einfach friedlech zesummen ze liewen? Et schëngt sou an dat weisst alt nees eis mënschlecht Beschränktheet op.

Die zwee rezentesten Filmer, déi ech an deem Sënn gekuckt hunn, sinn ‘Flags of our fathers‘ an ‘Letters from Iwo Jima‘. Zwou Säiten vun enger Medaille an béid natiirlech vum Clint Eastwood. Den ‘Iwo Jima’ gefällt mir nach bal e bësse besser wéi den ‘Flags’, villäicht och wëll hien en Abléck an die, fir eis friem, japanësch Mentalitéit gëtt. Ech giff hinnen awer alle béid 8/10 ginn.

Leave a Reply