E groussen Dag fir d’Mënscherechter!
Gëschter woer e groussen Dag fir d’Mënscherechter hei zu Lëtzebuerg. Och wa sech staark Kräften dogéint gestemmt haten.
Ech schwätzen natiirlech vun der Décisioun fir d’Propose de loi Err/Huss unzehuelen. An ech muss soen, dass ech awer iwwerrascht si wéi quasi eestëmmeg religiéis-fundamentalistesch d’CSV an dëser Fro gewielt huet (d’Nancy Kemp-Arendt ass eng luewenswäert Ausnahm, well si huet wirklech verstan em wat et gaang ass) an dass deng Succès vun der anerer Säit mech duerfir emsou méi freet.
Ech versti wirklech net, wéi irgendeen, dee sech Demokrat nennt, GEINT dës Propose wiele konnt. Säin eegenen Doud wielen ze können ass en fundamentaalt Mënscherecht! Wann ech onheelbar krank sinn, onmoosseg Péng hunn an einfach nëmmen nach voller Misère dohi vegetéieren, vun Maschine kënschtlech um Liewen erhal ouni Aussicht op Heelung, da muss ech och eng Méiglechkeet hu mengem Liewen en Enn ze setzen. Wier een nach dozou kapabel kéint ee sech natiirlech vergëften, erschéissen oder vun der Bréck sprangen an dat ass jo och net verbueden! Mee well een dozou an dësem Szenario awer natiirlech net fäheg ass, brauch een d’Hëllef vun engem aneren. A firwat soll engem dës läscht, erléisend Hëllef net gewäert ginn? Ech SELWER froe jo fir MAIN Doud. Keen anere bestemmt do eppes an ech bestëmme jo och net wéi oder wéini aner Läit stierwe sollen. Bei deser Propose geet et em fundamental SELBSTBESTEMMUNG an soss guer näischt.
Ech si frou, dass eng Majoritéit dat och esou gesinn huet. An Aktioune wéi die do maachen et fir mech emmer méi onméiglech weiderhin d’CSV als eng vun mengen zwou Parteien ze wielen.
Rezent Kommentarer