E groussen Dag fir d’Mënscherechter!
Gëschter woer e groussen Dag fir d’Mënscherechter hei zu Lëtzebuerg. Och wa sech staark Kräften dogéint gestemmt haten.
Ech schwätzen natiirlech vun der Décisioun fir d’Propose de loi Err/Huss unzehuelen. An ech muss soen, dass ech awer iwwerrascht si wéi quasi eestëmmeg religiéis-fundamentalistesch d’CSV an dëser Fro gewielt huet (d’Nancy Kemp-Arendt ass eng luewenswäert Ausnahm, well si huet wirklech verstan em wat et gaang ass) an dass deng Succès vun der anerer Säit mech duerfir emsou méi freet.
Ech versti wirklech net, wéi irgendeen, dee sech Demokrat nennt, GEINT dës Propose wiele konnt. Säin eegenen Doud wielen ze können ass en fundamentaalt Mënscherecht! Wann ech onheelbar krank sinn, onmoosseg Péng hunn an einfach nëmmen nach voller Misère dohi vegetéieren, vun Maschine kënschtlech um Liewen erhal ouni Aussicht op Heelung, da muss ech och eng Méiglechkeet hu mengem Liewen en Enn ze setzen. Wier een nach dozou kapabel kéint ee sech natiirlech vergëften, erschéissen oder vun der Bréck sprangen an dat ass jo och net verbueden! Mee well een dozou an dësem Szenario awer natiirlech net fäheg ass, brauch een d’Hëllef vun engem aneren. A firwat soll engem dës läscht, erléisend Hëllef net gewäert ginn? Ech SELWER froe jo fir MAIN Doud. Keen anere bestemmt do eppes an ech bestëmme jo och net wéi oder wéini aner Läit stierwe sollen. Bei deser Propose geet et em fundamental SELBSTBESTEMMUNG an soss guer näischt.
Ech si frou, dass eng Majoritéit dat och esou gesinn huet. An Aktioune wéi die do maachen et fir mech emmer méi onméiglech weiderhin d’CSV als eng vun mengen zwou Parteien ze wielen.
Ech hat déi Neiegkeet gëschter “en direct” op RTLNews.lu verfollegt a mer erwaart, dass iergendeen direkt drop sprange géif. Mee du war ech awer bëssen enttäuscht, wéi näicht vun dir, Sokrates oder soss engem Site koum. Mee ech huelen un, dir hutt och besseres ze dinn, wéi d’Ofstëmmung vun engem Projet de loi ofzewaarden an driwwer ze bloggen.
Haaptsaach den Zodi ass lo riwwer. Lo kann de Maach4un jo eigentlech och rem kommen, denken ech mol.
chris: sorry, mee ech hat en effet gëschter Besseres ze dinn
Decisioun huet mech och gefreet. An dat mat der CSV war jo z’erwarden. Ech wär gespant wéi eng Bioethik Debatt géif zu Letzebuerg endegen…
Ech sinn och frou, dass dee Vote sou ausgaangen ass. An vun der CSV als Partei halen ech souwisou net vill. Vun dohier stéiert et mech och net, dass vun hinnen just d’Nancy Kemp-Arendt dofir gestëmmt huet. Ech fannen et alt ebe logesch, sans plus. An de grousse Manitu war jo rëm elegant laanscht deen Event komm.
charles: wann d’Frank do eppes ze mellen hätt, da giff déi natiirlech nees hieren Gott zitéieren …
georges: en effet. Zoufall?
De JCJ hätt jo awer souwisou net mat ofgestëmmt. En ass jo Minister a keen Deputéierten.
Chris: ech weess dat. Mä wa schonn eng Kéier en “historeschen” Dag an der Chamber ass, da géif et jo awer och net schlecht ausgesinn, wann de Chef dee Moment am Land ass an net vun engem anere Staat déi X-ten Auszeechnung entgéint hëlt, déi dem Land manner déngt wéi dem Ego vun der Persoun déi se dréit.
An zumools wann den Präiss ‘Deutscher Staatsbürgerschaftspreis’ heescht
Gutt, Grommel, deen huet mech wierklech och e bësse schockéiert. Wou si mer dann?
@Georges: Ënnert deem Point de vue, hues de sécher recht. Hat éierlech gesot och dru gezweifelt, dass de dat net häss solle gewosst hunn. (Mécht dee Saz iergendee Sënn?)
Well et passt:
“Kritik aus Däitschland wéinst Euthanasie-Gesetz
Wéinst dem Euthanasie-Gesetz gëtt de Grand-Duché nawell stark aus Däitschland kritiséiert. Dat mellt d’Noriichtenagence DPA….
D’Hospiz-Stiftung seet, eist Lann geng domadder enger Majoritéit vun europäesche Länner de Réck dréien; Stiérfhëllef ass nämlech bis ewell jüst an Holland an an der Belsch méiglech, an doniewt och an der Schwäiz. De President vun dëser Stëftung, den Eugen Brysch fënnt et och fatal, datt d’Lëtzebuerg di zwee Gesetzer, Euthanasie a Palliativmedezin, op engem an deem nämlechten Dag duerchgezunn huet. Dobäi gengen nach vill Froën opstoë bleiwen: wéi zum Beispill willt de Stat fier d’Qualitéit vun der Suicidebegleedung suergen? Oder och nach: wéi ginn d’Dokter trainéiert, fir dës Aufgab?”
(RTL.lu)
Am Wort (haha) stoung de Moien laang an breed, daat et nach guer net secher wier, ob de Staatsroot d’Euthanasiegesetz geif duerchlossen, well daat sech geif mat dem vun der Palliativmedezin baissen bzw. déi zwee sech geifen widerspriechen. Do sin ech dann awer mol gespaant.
federico:
Dass d’Pafen di aner Säit vun der Musel net méi frou sinn, wéi di hei am Land sollt jo net verwonneren
fireball:
D’Madame Frank ka jo mat hierem onsiichtbare Frënd schwätzen an ëm eng gëttlech Interventioun biedelen …
Déi fundamental Selbstbestëmmung déi s du do frees, Grommel, déi hues de jo och op anere Gebidder net. Wann s du decidéiders, kee Sécherheetsgurt unzedoen, da schützt de Staat dech virun der selwer andeems en der e Protokoll mécht an e Punkt vum Führerschäin ofzitt.
qwinn:
Dat ass zum Deel schon richteg, mee ech kann awer entscheeden op ech mëch wëll drun halen oder net (bis ech dann keng Punkten méi hunn
).
Mee firwat soll ech méi laang wéi néideg leiden just well en anere méngt ech misst dat aushalen? Nonsense!