virulaangerzäit.
echhatjoschonndësleschteppeszumthemaalmanuskriptergeschriwwenawateesechan
deemkontextoftnetbewosstasseweiderenaspektdeenoftvergiessgëttassdattdidokum
enterdeemoolsausgesinnhuweideentextheikenggroussoderklengschreiwungkengesp
acenakenginterpunktioundatassschwéierfirzeliesenanochschwéierfirfeelerfräizekop
éieren.
Doduerch entstinn natierlech och Situatiounen, wou et net kloer ass, wat da lo gemengt ass. Sou am Genre vun: ‘godisnowhere’. Heescht dat lo ‘God is now here’ oder ‘God is nowhere’? Natierlech hëlleft de Kontext oft fir de Sënn vum Saz ze ermëttelen, mee halt net ëmmer.
Hei sinn zwee Manuskripter fir z’illustréieren, wéi dat sou ausgesinn huet:
![]()
en Auszuch aus dem Buch Levitikus (Enn 2.Jht)
![]()
an aus dem Buch Exodus (4. Jht)
A wann ee sech dann och nach bewosst gëtt, dass dat geschriwwent Hebräëscht nëmmen aus Konsonante besteet, da mierkt een, dass dat Ganzt éischter eppes fir Frënn vu Kreuzworträtselen wéi fir Frënn vu leichter Lektüre ass. An dat erkläert och firwat YWHW mol mat Yahwe mol mat Yehova iwwersat gëtt. D’Vokaler kann ee bëssen asetze wéi ee wëll soulaang et e gewësse Sënn mécht.
Nach méi Fotoen an Détailer vu Manuskripter fënnt een an dëser impressionanter Kollektioun.
Wierklech eng vlott Kollektioun… Ech sin dobei mer eng Harvard library Kart man ze loossen (wei een sech fierstellen kann super bürokratesch), ech freen mech schon op dei schier wahnsinneg Kollektioun vu Bicher, Manuskripter, Photogrofien, Kaarten etc déi si ubidden… Ech war emmer sou begeeschtert vun der Bibliothéik vu Basel, eng vun den eelsten aus der Schweiz, iergentwei ass et impressionant wann ee vu sou vill “aalem” Wëssen emgin ass
Jop, ech fannen dat och emmer impressionnant! Sou Tempelen vum Wëssen