Historeschen Antisemitismus zu Lëtzebuerg.
Ech hat jo dëslescht eng Kéier en Opruff gemaach, op kee mir kéint die Säiten mat den ‘Judde-Wieder’ aus deem indizéierten lëtzebuerger Dictionnaire kéint scannen a mailen. Den Georges huet dat gemaach (aus der Versioun vu 1962), villmools Merci!
An et ass wirklech dichteg, wat dat iwwert eist Land, seng Astellung an d’Religioun zu deem Zäitpunkt ausseet.
Hei e puer Sprechwieder:
- d’Judden an d’Heescheläit kennen all Pied
- de Judd haasst 3 Saachen: e Bam virum Haus, Gras virun der Dier an e schlechte Noper
- e litt a fluucht wéi e roude Judd
- e knéckege Judd
- du bass een wéi den éiwege Judd (wann een keng Rou huet)
- et mengt een, et hätt e Judd séch erhaangen (wann dobaussen e Stuerm tobt)
- du hues dem Judd an d’Knéi gebass (wann engem Kand e Mëllechzannt feelt)
- 1, 2, 3, d’ass e Judd kapott, huelt e mat de Been a schleeft e fort
- zwee Judde wëssen wat e Brëll kascht
- de Judd kënt déch huelen (fir Kanner Angscht ze man)
- e Judd an eng Fleeschméck sinn dem Metzler säin Ongléck
- der Kou hiere laange Schwanz ass dem Judd säin Rousekranz
- hitt dech virun engem gedeeftene Judd
- Judd, Judd, späiz Blutt an däi rouden Hutt
Hei e puer Wieder:
- Juddenaasch
- Juddebaart
- Juddendrauf
- Juddefett
- Juddefleesch
- Juddegeschäft
- Juddenhaus (’wéi d’Sau am Juddenhaus’)
- Juddeknuet
- Juddekrankheet
- Juddenues
- Juddepak
- Juddeschoul (’en Duerchernaner wéi an enger Juddeschoul’)
- Juddeséil (’verluer wéi eng Juddeséil’)
An suguer e Verb:
- juddsen: ausgesinn a richten wéi e Judd (no Knueweleck)
Wirklech näischt op dat e muss houfreg sinn … Di meescht Wieder ginn jo net méi gebraucht, mee deen een oder anere Cliché liewt awer nach (woubäi verschiddener jo och net ganz mat den Hoer erbäigezunn sinn, mee awer anescht ze erklären sinn, wéi duerch primitiv Virurteeler).
Hei die 3 gescannte Säiten:
Filed under: Geschicht, Luxembourg
Wat ech mech froen ass, a wéiwäit d’kathoulesch Kierch bei där Xenophobie eng Roll gespillt huet. Erstaunlecherweis tauchen déi Virurteeler jo just an deene Länner op, wou déi kathoulesch Kierch (deemols) staark vertrueden war.
Beis interessant, many thanks.
thierry:
D’Bibel definéiert d’Judden ganz kloer als die Béiss, die Schëlleg, als ‘Christ-Killers’. Dat Kapitel hunn ech och gëschter op Blogging the NT kommentéiert. Hei ee Vers:
25 All the people (d’Judden) answered, “Let his blood be on us and on our children!”
Dat woer den Startschoss fir Pogromer, etc.
claude:
gär geschitt!
ech hun probéiert nach daat pdf mat den Lidder ze fannen mee ouni erfolleg… Wees nemmi wou ech et vertässelt hun, hun no all pdf siche geloos an daat waat ech wollt war net derbei