L’union fait la force!
Dëse Video ass anscheinend net grad nei, mee ech hat bis lo näischt dovunner héieren. Relativ spektakulär Opnahmen aus dem Krüger-Nationalpark: Léiwen vs Büffel vs Krokodilen! An dat Bescht, mat engem ‘Happy End’ (anthropomorphesch geschwat)!
Dat Interessants ass awer, dass obwuel d’Natur natiirlech ‘brutal’ ass, awer keen vun den Acteuren, am Géigensaatz zu eis Mënschen oft, aus Dommheet, Langweil, Gier oder Sadismus agéiert:
D’Léiwen wëllen eppes friessen an mussen dofir e Büffel fänken. Natiirlech stierzen se sëch op dat Jëngst, dat ass jo och clever. D’Büffelen loossen dat Klengt fir d’éischt am Stach, kommen dann awer, zu mengem Erstaunen, ërem. Sinn awer dann nach ëmmer relativ ‘färtereg’ an schéngen net verstan ze hunn, dass hier schier Zuel se iwwerléen mëcht bis op eemol e puer awer ‘Couillen’ hunn an d’Léiwen attackéieren. An och dann geet et am Fong just drëm fir d’Léiwen ze verjoën, net méi. Also nix Vendetta fir die Léiwen lo ze vernichten. D’Léiwen gesinn an, dass se keng Chance hunn a dass se sech halt en aneren Büftek sichen mussen. Erstaunlecherweis huet d’Büffelkallef dat Ganzt iwwerliewt!?
Freet sech just wéi laang Kallef nach liewt… Denken dass et well un den Strapazen gestuewen ass. Léiwen wärten et dann fannen.
Mais do gesait een et rem: zesummen sin mer Staark
=)