Intelligent Design.

Ech sinn usech e relativ onofhängege Mënsch a brauch Zäit a Plaz fir mëch, duerfir kann ech mer net annäherungsweis virstellen, wéi et muss sinn, fir als Siameschen Zwilling ze liewen …

An lo wëllen déi, selon Bild (jo, muss een jo wëssen wat déi sou krotzelen), Mamm ginn. Wat och anscheinend physesch dra wier an usech och e legitime Wonsch ass. Dat gët awer och dem Konzept vum Dreier ganz nei Facetten (nee, ech sinn net interesséiert) … Wéi giff allerdëngs en Kand domadder eens ginn eng Mamm mat 2 Käpp ze hunn? Resp. 2 biologesch Mammen. An wier den Papp dann e Polygamist?

2 Responses to “Intelligent Design.”

  1. Ob dat lo en Dreier wier oder de Papp e Polygamist si wuel wierklech dee mannsten Problem!

  2. Ech hunn jo nie den Géigendeel behaapt. Dat sinn just e puer vun den Froen, déi séch an sou engem Extremfall giffe stellen.

    A ween wier dann die offiziell Mamm vun engem potentiellen Kand? Biologesch wieren se et jo allen zwee?

    Wat wier, wann sech ee Kapp an en Tipp verléiwt an deen aneren Kapp kéint en net ausstoen?

    Dat ass natiirlech alles krass an bizarr 3000. Mee vun engem Gedankenexperiment-Standpunkt hier net oninteressant.

Leave a Reply